Vun haut un ass also den Handy an der Grondschoul an an de Maison-relaise strikt verbueden. No der Péngschtvakanz zéien d'Lycéeën no. D'Mesure gëtt allgemeng begréisst. Ma fir de Jonken hiert Wuelbefannen an hir Entwécklung wierklech ze verbesseren, braucht et méi wéi manner Zäit virum Ecran an der Schoul. E Commentaire vum Claude Zeimetz.

Commentaire vum Claude Zeimetz

Et dierf een elo net de Feeler maachen a mengen, datt mam Handyverbuet an der Schoul elo vun engem Dag op deen aneren all d'Problemer geléist wieren, mat deenen d'Schoul, d'Schüler a Schülerinnen an d'Enseignante konfrontéiert sinn. De Smartphone huet wuel mat der Zäit esou eng grouss Plaz an eisem Alldag ageholl, datt et deels ongesond ass. An et war un der Zäit, datt den Educatiounsministère e kloert Zeeche setzt an net nëmmen op d'Gefore vun engem exzessive Mediekonsum hiweist, mä dee Mediekonsum och effektiv bremst.

Fir, datt awer elo de Schüler a Schülerinnen hir Konzentratioun nees eropgeet, wat sech jo allgemeng vum Verbuet erhofft gëtt, fir, datt déi Jonk nees besser matenee funktionéieren, muss een awer nach un aner Schrauwen dréinen. An do gëtt et da méi schwéier bei der konkreter Ëmsetzung. Den Terrain beklot sech jo dacks iwwert déi héich Zuel vu verhalensopfällege Jonken, déi den Unterrecht an déi aner Kanner stéieren. A si hunn hei sécher e Punkt. Fir déi Problematik effikass unzegoen, bräicht et méi Personal, méi spezialiséiert Leit. Zum Beispill iwwert eng nei Organisatioun vum sougenannte Contingent, deen d'Ressourcë vun de Schoulgebaier reegelt. De Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL huet sech nach virun engem Mount dofir ausgeschwat a gesäit och den "Observatoire de la qualité scolaire" op senger Säit. De Ministère huet sech awer bis elo nach net beweegt. A wéini kënnt den ugekënnegten zweeten Intervenant an der fréierer Spillschoul? Wann et der Gewerkschaft SNE nogeet am léifste scho fir d'Rentrée. Ma och hei gëtt et nach kee konkreten Datum.

An et misst een och de Kanner hiert Ëmfeld mat an d'Boot huelen, fir ze probéieren, d'Problemer un der Wuerzel ze paken. Ma do stéisst d'Education nationale dacks un hir Grenzen.

Et ass beispillsweis evident, datt d'Kanner och doheem e verstännegen Ëmgang mat Handy, Tablett a co solle virgelieft kréien. Et sinn meeschtens d'Elteren, déi deene Klengen den Handy matginn an déi selwer alt schwéier vum Ecran lass kommen. Dobäi weess ee wéi schwéier et ass, engem Kand eppes ze vermëttelen, wann ee sech selwer net drun hält. An et  wier natierlech bedauerlech, wann d'Kanner an déi Jonk sech, duerch d'Aschränkungen an der Schoul, an der Fräizäit an doheem, ëmsou méi an déi digital Welt flüchte géifen. Bei enger renger Verbuetspolitik ass dat jo dacks e Reflex. Den Educatiounsministère hëlt d'Elteren a senger Kommunikatioun dofir mat an d'Flicht. Et kann een net dacks genuch soen, den Handy ass kee Babysitter. Mä d'Fro stellt sech, ob de Message och iwwerall do ukënnt, wou soll. Och d'Eltereforen, déi sech antëscht queesch duerch d'Land néiergelooss hunn, bidden nieft dem informellen Austausch interessant Konferenzen a Coursen un, ma d'Offer gëtt bis elo awer nëmme vu vergläichsweis wéinege Leit an Usproch geholl. Ze dacks loosse sech grad déi Famillje beroden, déi dës Hëllef net onbedéngt am néidegste bräichten. De Kannerpsycholog Gilbert Pregno hat virun enger gewëssener Zäit bei eis um Radio mat senger Fuerderung no engem sougenannte "Elterefürerschäin" nawell  provozéiert. Mä d'Iwwerleeung ass net vun der Hand ze weisen. Wann enger Gesellschaft d'Kannererzéiung an d'Wuel vun de Jonken wichteg ass, da misst se de Schoulen an Familljen déi Outilen un d'Hand ginn, déi se bräicht. Jiddereen huet hei seng Roll ze spillen.