An Däitschland an allgemeng uechter Europa gouf e Mëttwoch vill iwwer d'Wal vum Friedrich Merz debattéiert, dee jo eréischt beim zweeten Ulaf als neie Bundeskanzler confirméiert gouf. Vu Staatskrisen, Blamage an Apokalyps war rieds uechter d'Medien, mee fir eis Journalistin Annick Goerens war dat keen Drama, mee just gelieften Demokratie. Keen Grond deemno ze Hyperventiléieren

Commentaire vum Annick Goerens

Et stëmmt. Et ass nach ni virkomm, dass een designéierte Bundeskanzler net direkt am éischten Tour déi néideg Majoritéit vun de Stëmme beienee kritt. A kloer muss ee soen, wann et eng Première ass, da stellt ee sech och d’Fro: wat bedeit dat do elo? Mee den Drama, dee sech direkt duerno wéi e Feier duerch déi däitsch Medie gezunn huet, war bal net auszehalen. Grousse Schued fir Däitschland a fir d’Demokratie. "Vorbote von Weimar" sot carrement den CSU-Chef Markus Söder. Dass et enger rietspopulistescher AfD an d'Karte spillt, ass jo kloer. D’Alice Weidel huet vun enger “höchst instabiler Veranstaltung” geschwat.
 
Mee ganz éierlech, dat do war einfach just gelieften Demokratie an hätt an de Medie besser misse kontextualiséiert ginn. Jo et koum keng Majoritéit zustanen. Kloer soll a muss ee sech d'Fro stellen, schwächt dat do de Friedrich Merz? Hie start a säi Kanzleramt mat engem Mësstrauensbeweis vu Leit aus sengen eegene Reien. Mee amplaz dat niichter an ouni gréisser Opreegung ze konstatéieren, gouf den Däiwel un d'Mauer gemoolt an direkt ee Weltënnergang fir d'Demokratie gesinn, wou wierklech kee war. E ganz breeden Deel vun der politescher Ëffentlechkeet an de Medie war ouni Grond um hyperventiléieren. An dat just well eppes net sou gelaf ass, wéi ëmmer. Dat ass a mengen Aen net seriö. Mir mussen eis grad an Däitschland dorop astellen, dass elo villes anescht leeft, wéi mer et gewinnt waren. Et sinn aner Zäiten. Mee et gëllt fir d'Journalisten: e kille Kap behalen a Faite richteg anuerdnen. An net kënschtlech opbauschen an d’Leit nach méi dronkeg maachen, soss dierf ee sech net méi wonneren, dass d’Leit keng Loscht méi op Noriichten hunn.

Ech si perséinlech kee Fan vum Friedrich Merz. An dat huet konkret Grënn. Zum Beispill huet hien 1997 géint e Gesetzprojet gestëmmt, dee Vergewaltegung am Mariage wollt bestrofen. Seng Begrënnung: hie wollt eng sougenannt "Widerspruchsklausel" mat där d’Affer (also am schlëmmste Fall de Vergewalteger) d'Enquête ka stoppen. Haut seet hien, hie géing et elo anescht maachen. Donieft ass de Merz 2009 aus der Politik verschwonnen a bei BlackRock nees opgedaucht, also als Lobbyist fir ee vun de weltwäit gréisste Verméigensverwalter. Och dat léist bei mir net grad Vertrauen aus. Ganz rezent hat hien der AfD d'Hand gereecht an dat huet zu Recht zu ganz staarke Reaktioune gefouert. Trotzdeem wäert ech als Journalist objektiv iwwer seng Decisioune beriichten an net alles direkt als "dat do gouf et nach ni" betitelen. Dat géing just de Rietsextreemen an d'Kaarte spillen. Also wei d'Britte géinge soen: "Keep calm and drink tea."