Mam Luc am Bësch

Déi eng zitt et e Samschdeg op d'hëtzeg Stroossen, déi aner kommen net séier genuch an de kille Bësch. Iwwerdeem d'Gewerkschaften all eenzele Member op hir Maniff e Samschdeg ruffen, invitéiert d'Patronat fir de Weekend Doheem oder soss enzwousch ze genéissen - d'Haaptsaach, net op der Strooss. De Roy Grotz iwwert eng toxesch Situatioun, an där lo e radikaalt Ëmdenke gefrot ass.
An zwar e ganz séiert Iwwerwanne vun dogmatesche Virstellungen a Proposen, wat Changementer un Aarbechtsrecht, Finanzement vu Pensiounen a Krankekeesen oder och Steierreformen ugeet, hin zu engem A-Sech- an Openeen-Duergoen.
Souzesoen en Aggiornamento, en Update an Upasse vu legislativen Texter un d'aktuell Liewens- a Schaff-Realitéiten, woubäi de Bléck iwwert de Bord vum eegenen Teller muss erausgoen.
Do hëllefe keng plakativ dohinnergetässelt Sufficances vun där enger Säit, a keng Hallefwourechten, mat deene solle Leit gefëscht ginn, op där anerer.
Ewech vun de Schäindebatten an der Arroganz, déi d'CGFP der Regierung reprochéiert, mee hin zu engem richtegen Dialog - e Gespréich, wat kee Kaffiskränzchen oder Staminee ass, mee eng strukturéiert, gutt virbereet Ronn, wou op jidderee gelauschtert gëtt, a wou all Säiten och gewëllt sinn, Kompromësser ze sichen, ouni sech stuer d'Betongs-Käpp anzeschloen.
De Staatsminister sot sech net méi spéit wéi e Samschdeg op dëser Antenne X Mol prett fir de Sozialdialog. Da géif ech dach deene Partner - wann et der dann nach sinn - och un d'Häerz leeën, dës Offer unzehuelen an op Häerz a Nieren ze préiwen.
Ze checken also, wéi wëlles d'Regierung ass, mat hire Partner eng Léisung ze sichen, a wéi wäit da jiddweree bereet ass, fir zu engem Accord ze fannen.
Kloer muss jiddwereen noginn, fir zu sengem ze kommen - mee dat war dach nach ëmmer sou - op d'mannst am Lëtzebuerger Modell, deen awer an der Spënnche verstëbse gelooss gouf.
Keng KI bréngt Kompromësser, kee Léierbuch fir sozialen Dialog, mee matenee Verhandelen a schwätzen - op Basis vu fiabelen Zuelen a Statistiken, notamment wat d'Ofséchere vum Pensiounssystem ugeet, wou d'Interpretatioun vun de Fakte schonn divergéiert. Mee och do ass d'Hausse vun de Cotisatiounsjoren net inevitabel an et ginn Ouverturen.
Nee, net all Patron ass den Typ, dee säi Personal wëll ausbludde loossen an nee, net all Salarié kuckt am meeschte Congés-Bréckendeeg beieneen ze kréien a krank ze simuléieren. Ee brauch deen aneren: ouni devouéiert Personal keen Ertrag, an ouni Boni näischt méi an der Paitut. D'Equatioun ass einfach, mee muss bekäppt ginn.
Et ass de Gewerkschaften hiert absolut Recht, e Samschdeg op hir Rechter ze pochen, genee wéi d'Patronat ka soen "bleift Doheem" - ech gi just d'Gefill net lass, datt mat esou Frontal-Positiounen an de Leit, déi sou Parolle jäizen, kee Kompromëss dran ass.
Mee ech ka mech ieren: den Tour am Bësch mam Luc ka jo och de Kapp fräi maachen, sou datt ee vu lauter Beem vläicht awer nees de Bësch gesäit an net um Holzwee lant.
Nom Demo-Samschdeg heescht et also: sech rappen a beienee fannen - soss droen déi nächst Generatiounen d'Laascht vum Inaktivissem vun Eenzelen, deenen hiren Echo méi grouss war, wéi hir Responsabilitéit.