Wéi soll dat keen Desaveu sinn?

De Frank Kuffer war de Moien op d'Pressekonferenz vun der LSAP a gouf do wéi seng aner Journalistekollegen iwwerrascht.
Dem Frank seng perséinlech Gedanken héiert der elo an dësem Tëscheruff.
Mir hu gefrot an no gefrot an de Lucien Lux huet wierklech probéiert eis z'iwwerrieden, dass dat hei elo keen Desaveu fir d'Regierung wier.
OK, d'Chamber ass an hirem Rôle, d'Chamber ass souverän, mä dass ee Budget no enger Woch schonn iwwerschafft gëtt, dat war nach ni do an ass also schonn eppes aussergewéinleches.
All Respekt fir d'CSV an LSAP Fraktiounen, dass se de Courage hunn, fir dat elo ze maachen, op déi vill Kritiken aus der Press an dem Vollek ze lauschteren an an ze goen. Vläicht ass jo och scho bësse Vir-Vir-Vir-Wahlkampf mat dran, well heimatter kënne Lux a Wolter vläicht nees bei de Wieler punkten, zemools wa se och nach un hir Paien an un déi vun de Ministere ginn. D'Vollek wëll, dass déi do uewe mat bludden. De Lucien Lux huet wahrscheinlech Recht, dass d'Regierung bei der Kommunikatioun versot huet, och wann hien d'Wuert versot selwer net an de Mond geholl huet.
Et war net méi dran, hunn d'Häre Frieden a Juncker eis probéiert ze soen, elo kréie se vun hire Fraktioune gewisen, dass méi dran ass. An dat soll keen Desaveu sinn ?
De Luc Frieden sot elo just dat wier näischt Negatives, näischt Opreegendes, kee Konflikt mat de Fraktiounen. Ech hoffen, dass de Minister sech dat wéinstens selwer gleeft. D'Fraktioune mussen him hëllefen, mussen dat maachen, wat hien net fäerdeg bruecht huet. De Lucien Lux mengt beim Kannergeld wieren net genuch Modeller studéiert ginn, ee Kompliment ass dat och net.
D'Betribssteier ass net héich genuch, d'Ännerungen un der Mammerent falsch, d'Schold ze héich.
De Moie wosst een een Ament net, ob dat elo eng Pressekonferenz vun der Majoritéitspartei LSAP oder vun der DP oder deene Grénge wier. De Lucien Lux huet genee wéi de Grénge Fraktiounschef François Bausch eng grouss Steierreform gefuerdert. D'Zäit vum Gepiddels wier elo riwwer. Wien huet dat gepiddelt Här Lux ????
Op allefalls kann d'Land an d'Ministeren elo weider roueg schlofen.
D'LSAP an CSV-Fraktioune paken et un, a kuerz virun de Walen si mer dann um séchere Wee.