An de soziale Medie gouf et de Weekend iwwer vill Diskussiounen iwwer d'Ofstëmmung vun den Europadeputéierten.

Eng Resolutioun, an där d'EU-Memberlänner de Conseil an d'Kommissioun sollten opgefuerdert hunn, alles ze maachen, fir d'Liewe vu Flüchtlingen am Mëttelmier ze retten, huet d'lescht Woch am EU-Parlament esou just net déi néideg Majoritéit kritt. 288 EU-Deputéiert haten dofir gestëmmt, 290 dogéint a 36 hate sech enthalen.

Déi Resolutioun huet de Weekend iwwer fir vill Diskussiounen an de soziale Medie gesuergt, net zu Lescht gouf d'Positioun vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert kritiséiert.

D'Monica Semedo an den Nicolas Schmit ware fir de Vott net do, d'Isabelle Wiseler an de Christophe Hansen hu géint d'Resolutioun gestëmmt, d'Tilly Metz an de Charel Goerens dofir.

D'Dany Rasqué huet si e Méindeg kontaktéiert, fir Detailer iwwert déi ënnerschiddlech Positiounen ze kréien.

Flüchtlingen am Mëttelmier/Reportage Dany Rasqué

D'Tilly Metz vun déi Gréng betount am RTL-Interview, datt et fir si iwwerhaapt keng Fro war, datt si fir dës Resolutioun géif stëmmen. Et wier eng legal Obligatioun, Mënscheliewen ze retten, an Europa wier dofir vill méi eng koordinéiert Approche néideg.

Déi Europadeputéiert, déi géint d'Resolutioun gestëmmt hunn, respektiv net do waren, kréien an de soziale Medie vill Reprochë gemaach. Zum Beispill heescht et, si géife gemeinsam Saach mat de Rietsextremiste maachen an hätte Blutt un den Hänn.

D'CSV-Europadeputéiert ënnersträiche virop, datt net nëmmen iwwer eng, mä iwwer 4 Resolutiounen ofgestëmmt gouf, dorënner och eng vun der EVP, déi och refuséiert gouf an an där si sech solidaresch mat de Flüchtlingen am Mëttelmier gewisen hätten.

Mat der Resolutioun, iwwert déi elo sou vill geschwat gëtt, hat d'Isabelle Wiseler zum Beispill dëse Problem: "Wa mer gesinn, wat d'Schwieregkeete sinn am Mëttelmier, mat de Schlepper, mat deem Trafic, deen do gemaach gëtt, musse mir kucken, datt déi Decisiounen, déi mer huelen, Decisioune sinn, déi net naiv sinn an déi d'Securitéit vun de Leit sou vill wéi méiglech garantéieren."

Problematesch, seet den zweeten CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen, ass een Artikel an der Resolutioun, an deem et ëm d'Kommunikatioun vun Informatioune geet: "Dat si Sécherheetsinformatiounen, déi dann un all Acteur um Mier sollten erausgoen. Dat ass awer rechtlech net dran. Dat ass Contraire zum europäesche Recht an dofir hu mir um Enn dogéint gestëmmt."

D'EVP huet ganz sécher net mat de Rietsextreme gestëmmt, verséchert d'Isabelle Wiseler. Déi chrëschtlech Sozial hätten esou gestëmmt, wéi si et fir richteg halen, wien do matstëmmt oder net, wier hinnen an deem Fall egal. De Christophe Hansen schwätzt vun engem populistesche Reproche, deen hien net gëlle léisst.

"Dat ass eng simplistesch Analys. Deen, deen déi mécht, läit komplett falsch an huet sech net informéiert, wat den Text schlussendlech war."

Manner Problemer mam Text, dofir awer zäitlech Problemer hat den Nicolas Schmit vun der LSAP. Op Demande vu senger Fraktioun war hien zu Lëtzebuerg mat den europäeschen Aarbechts- a Sozialministeren zesummen, fir hinnen de Programm vun der zukünfteger Kommissioun virzestellen an ze erklären.

"Dofir war ech deen Ament net zu Stroossbuerg a konnt also net un deem Vott deelhuelen. Meng Stëmm wier natierlech fir déi Resolutioun gewiescht an dofir bedaueren ech natierlech e bëssen, datt meng Stëmm do gefeelt huet."

Och d'Monica Semedo bedauert, datt si net do war, si war um Kongress vun de Liberalen Europäer zu Athen. Hire Choix wier awer ganz kloer gewiescht: "Et geet jo drëm, Liewen ze retten an ëm eng besser Koordinatioun, wat déi Rettung ugeet vu Mënschen, déi wierklech an Nout sinn a Liewensgefor an do hätt ech ganz kloer dofir gestëmmt."

Déi liberal Europadeputéiert wëll um Enn och nach ënnersträichen, datt si sech an Zukunft esou wëll organiséieren, datt si kee Vott méi am Europaparlament verpasst.

Den zoustännege Rapporter Juan Fernando Lopez Aguilar (S&D) wëll iwwregens eng verbessert Versioun vun der Resolutioun erabréngen. Déi kéinten d’EU-Parlamentarier da schonn am November virgeluecht kréien.