De Mamdani, e 34 Joer alen Demokrat, bezeechent sech selwer als Sozialist.

Sollt hie wannen, wär hien den éischte muslimesche Buergermeeschter an der Geschicht vun der US-Metropol. No engem Korruptiounsskandal kandidéiert den aktuelle Buergermeeschter Eric Adams net méi.   
De Republikaner Trump ass net frou mam Zohran Mamdani - et wier, senge Wierder no, e "verréckte Kommunist", sou den US-President. 
 
Den Donald Trump huet dann och gedreet, déi finanziell Hëllefe fir New York op de Minimum ze reduzéieren, wann de Mamdani wënnt.