Si kritt hir Indemnitéite fir 15 Deeg gestrach a gëtt wärend där Zäit suspendéiert.

D'DP-Europadeputéiert Monica Semedo kritt "psychologesch Belästegung" géint hir akkreditéiert Assistente virgehäit. De President vum EU-Parlament David Sassoli huet e Méindeg an enger Sitzung vum EU-Parlament d'Virwërf als fundéiert zeréckbehalen.

D'Monica Semedo kritt hir Indemnitéite fir 15 Deeg gestrach a géing och fir déi Zäit vun allen Aktivitéite suspendéiert ginn.

De Passage iwwert d'Sanktiounen ass vun 3:20 un am Video ze héieren:

Hei de Passage iwwert d'Sanktioune géint déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert, dat an der Original-Fassung:

D'EU-Parlament iwwert d'Sanktioune géint d'Monica Semedo
Si kritt hir Indemnitéite fir 15 Deeg gestrach a gouf wärend där Zäit suspendéiert.

D'lescht Joer haten Internet-Archiven no déi 3 Assistente vum Monica Semedo en bloc de Büro vun der Europadeputéiert verlooss.

Reaktioun vum Monica Semedo

D'Monica Semedo huet an engem Communiqué op d'Strof an déi domadder verbonne Virwërf reagéiert.

Déi liberal Europadeputéiert entschëllegt sech an deem Schreiwes bei hire fréiere Mataarbechter a präziséiert, datt si exigent war, vis-à-vis vu sech an och vis-à-vis vun hirer Ekipp.
Dat hätt zu Spannunge gefouert.

Am Mäerz d'lescht Joer hätt si hire Staff reorganiséiert an hätt zënterhier eng exzellent professionell Relatioun mat all hiren Assistenten.

D'Sanktiounen, déi de President vum Europaparlament gesprach huet, akzeptéiert d'Monica Semedo.

Hei d'Schreiwes

Communiqué de presse - janvier 2021

Lors de la séance plénière du 18 janvier 2020, le président du Parlement européen a prononcé une sanction à mon encontre, suite à mon comportement envers mes anciens assistants parlementaires.

Par ce communiqué, je tiens préalablement à présenter mes excuses à mes anciens collaborateurs. Depuis le début de mon mandat et comme toujours, j‘ai été exigeante envers moi et mon équipe, ce qui a malheureusement créé des tensions insurmontables, ce que je regrette.

J'accepte la décision Président du Parlement ainsi que sa décision sur les sanctions.

Après une réorganisation de mon staff en mars 2020, j'entretiens une excellente relation professionnelle avec l'ensemble de mes assistants. Mon équipe et moi continuons à œuvrer chaque jour pour une meilleure Europe au service de tous les citoyens.

Monica SEMEDO