D'DP begréisst d'Entschëllegung, d'Femmes socialistes awer net
Fir de Claude Lamberty vun der DP wier den Dossier dann elo och zou. Ma d'Femmes socialistes soen, dass dës "Entschëllegung" keng Entschëllegung ass.
“Fir eis ass ganz wichteg, dass d’Monica Semedo déi Sanktioun unerkannt huet, an dass si sech entschëllegt huet” – sou reagéiert den DP-Generalsekretär Claude Lamberty op d’Sanktioune géint déi liberal Europadeputéiert.
D’Monica Semedo gouf jo e Méindeg fir 15 Deeg suspendéiert a krut hir Indemnitéite wärend där Zäit gestrach, dat wéinst psychologescher Belästegung vun hiren akkreditéierten Assistenten. Hien hätt d’Europadeputéiert en Dënschdeg de Moie kuerz um Telefon gehat an et géing hir Leed doen, esou de Claude Lamberty.
Wéi d'Monica Semedo och selwer an engem Communiqué e Méindeg den Owend geschriwwen hätt, wier dat Ganzt an enger grousser Stress-Situatioun entstanen, well si héich Uspréch u sech selwer an hir Equipe hat: "...Wou dunn eng Situatioun entstanen ass, wou eben eng gewësse Spannung tëschent dem Team an der Europadeputéiert Monica Semedo koum, an dass dat leider doran ausgeaart huet, dass d'Team demissionéiert huet. Et huet awer och elo, an dat muss een och gesinn, dat huet et jo och gesot, en Team ronderëm sech, wou se elo scho méintelaang ganz gutt matenee schaffen, sou dass déi Entschëllegung vis-à-vis vum deemolegen Team e ganz wichtege Punkt war, deen et och gemaach huet, an eben d'Akzeptanz vum Riichtersproch vum Europaparlamentspresident unerkennt. Dat ass zu dësem Zäitpunkt d'Faktelag an domat ass zu dësem Zäitpunkt och den Dossier zou."
D’DP-Parteipresidentin Corine Cahen wollt d’Sanktioune géint d’Monica Semedo op Nofro hin net kommentéieren. D’Monica Semedo selwer war iwwert hire Communiqué eraus net fir eng Stellungnam z’erreechen.
De Femmes socialistes geet d’Entschëllegung vun der Monica Semedo net duer
Den Tëschefall an d’Reaktioun vun der Europadeputéierter géife weisen, dass de moraleschen Harcèlement an d’Konsequenze fir d’Affer vu verschiddene Leit nach ëmmer net eescht geholl géife ginn, heescht et an engem Communiqué en Dënschdeg de Mëtteg.
Dat wat d’Monica Semedo e Méindeg den Owend geschriwwen hätt, kéint net als Entschëllegung ugesi ginn, ma et wier eng Rechtfäerdegung, mat där d’Affer selwer accuséiert géife ginn. D’Monica Semedo géif hiert eegent, inakzeptabelt Behuelen domat entschëllegen, datt hir Assistenten hiren Exigenzen net gerecht gi wieren.
Dass d’Europadeputéiert einfach vun „Tensioune“ géif schwätzen, géif weisen, datt si net verstoe géif, wat si falsch gemaach hätt an hir Attitüd net geännert hätt, esou d’Femmes socialistes. Et wier wichteg, datt d’Thema vum moraleschen Harcèlement elo mat deem néidege Seriö ëffentlech géif diskutéiert ginn.