Et wier een iwwerrascht gewiescht, wéi een an der Press gelies huet, dass d'Reesrestriktiounen nees verlängert goufen.

Wéi e Porte-Parole vun der Kommissioun ënnersträicht, wier e pauschaalt Verbuet net verhältnisméisseg. D'Belsch verbitt den Awunner jo Reesen an d'Ausland, déi net onbedéngt noutwenneg sinn.

Dës vill kritiséiert Mesuren hunn ufanks bis den 1. Abrëll gegollt, ma goufen awer elo bis den 18. Abrëll verlängert, also bis d'Ouschtervakanz eraus. Frontalieren an den Transport si jo heivunner net betraff.

An deem Kader betount d'Kommissioun nach eemol, dass d'Mesurë vun de Memberlänner verhältnisméisseg misste sinn. En allgemengt Verbuet beim Reese géif dësem Grondsaz net entspriechen.

Kritik gouf et iwwregens och säitens der Kommissioun vis-à-vis vun Däitschland, déi jo Grenzkontrolle ma der Tschechescher Republik an Tirol agefouert haten. Theoretesch hätt Bréissel d'Méiglechkeet géint d'Belsch an Däitschland eng Prozedur anzeleeden, well hei en Accord gebrach gouf.