Vu Juli u soll déi Schwäizer-italienesch Pharmaentreprise Adienne den Impfstoff an der Lombardei hierstellen.

Dat huet de Spriecher vun der Handelskammer, de Stefano Maggi, en Dënschdeg AFP géintiwwer matgedeelt. Fir dass de russeschen Impfstoff och an der Europäescher Unioun kann zougelooss ginn, gëtt en zanter en Donneschdeg vun der Europäescher Medikamentenagence gepréift. Zanter Méint gëtt jo schonn a verschiddene Länner uechter d'Welt mat Sputnik V geimpft.

Vu Juli 2021 bis Januar 2022 rechent een domat, dass 10 Milliounen Dosissen zu Caponago bei Monza produzéiert kënne ginn.

Kritt Sputnik V bis Juli keng gréng Luucht vun der EU, wäert Russland viraussiichtlech d'Dosissen opkafen an dann un aner Länner verdeelen. Den italienesche Gesondheetsministère wollt sech op Nofro hin awer net zu dësem Ofkommes äusseren, schreift AFP. Eng Stellungnam gouf et och net vun Adienne.