No engem méintelaange Retard
Eng breet-ugeluechten Diskussioun iwwert eng Reform vun der EU gëtt lancéiert

Via eng Online-Plattform kann ee bei verschiddenen Diskussiounsplattforme matmaachen a Propositioune maachen, wéi d'EU sech an Zukunft soll opstellen.
Alleguer déi Virschléi ginn da regroupéiert a sollen am éischten Hallefjoer 2022 an eng EU-Reform mat afléissen.
Geleet gëtt dat Ganzt vun den 3 bedeelegten Institutiounen, also der EU-Kommissioun, dem Europaparlament an och de Memberlänner déi d’Rotspresidence hunn, also momentan Portugal, an dono Slowenien a Frankräich.
D’Online-Diskussioune sollen et souwuel op europäeschem, wéi och nationalem an och regionalem Niveau ginn.
Am meeschte gelies