D’EU-Staaten an d’Europaparlament hu sech op en neit verbindlecht europäescht Klimaschutz-Gesetz gëeenegt.

D’EU-Staaten an d’Europaparlament hu sech no 15 Stonnen Negociatiounen op e neit verbindlecht europäescht Klimaschutz-Gesetz gëeenegt.

Deemno ass et iewescht Prioritéit, den CO2-Ausstouss an de nächsten 9 Joer ëm 55% ze reduzéieren, am Verglach mat 1990. Bis ewell war dee Wäert bei 40% fixéiert. Bis 2050 soll d’EU klimaneutral ginn.

Kritik kënnt ënner anerem vun de Gréngen. D'EU-Parlament hätt nämlech och méi wäit wëlle goen. Knackpunkt vun den Negociatioune war ob an a wéi wäit den CO2 soll mat agerechent ginn den d'Bëscher, d'Planzen an d'Biedem och späicheren. Doduerch géing nämlech net ëm 55 Prozent CO2 gespuert ginn, mä just ëm 52,8 Prozent.

Mat Bléck op en digitale Klimasommet, zu deem den US-President Joe Biden agelueden huet, kann d’EU elo mat enger positiver Nouvelle un de Verhandlungsdësch goen.