D’EU huet e ratifizéiere vum Accord mol virleefeg ausgesat, wéinst den diplomatesche Problemer mat Peking.

Jorelaang gouf tëscht der EU a China am Grondsaz iwwert en Investiounsaccord verhandelt, dat Betriber vu béide Säite stabil Kader-Konditioune fir Handel um jeeweils anere Marché garantéiere sollt. Elo läit dat ganzt mol op Äis.

D’EU huet e ratifizéiere vum Accord mol virleefeg ausgesat, wéinst den diplomatesche Problemer mat Peking. Dat huet de Vize-President vun der EU-Kommissioun Dombrovskis der Noriichtenagence AFP géintiwwer confirméiert.

D’Entwécklungen zu Hongkong an d’Manéier wéi China d’Uigure behandelt hätten zu Sanktioune gefouert, op Grond vun deenen den Accord elo mol bis op Weideres net kéint spillen.