Déi franséisch Regierung huet e Bericht iwwert d'Präiserhéijung vun de CoV-Impfstoffer confirméiert.

An den neie Verträg mat der EU géing verlaangt ginn, d'Impfstoffer den neie Varianten unzepassen, huet den Europastaatssekretär Clement Beaune e Méindeg géintiwwer dem Radiosender RFI gesot. Dowéinst géingen d'Impfstoffer "e bësse méi deier" ginn. Eng genau Zomm hat hien net genannt.

Der „Financial Times" no géing eng Dosis vum Impfstoff vu Biontech/Pfizer an Zukunft 19,50 Euro amplaz 15,50 Euro kaschten. De Präis vun enger Dosis vu Moderna soll iwwerdeems vun 19 Euro op 21,50 Euro klammen.