D'Versoe vun der europäescher Asylpolitik géif sech un de Baussegrenze manifestéieren, sou den éisträicheschen Inneminister Nehammer an engem Interview.

Wann de Schutz vun de Baussegrenze funktionéiere géif, géifen net all Joer honnertdausende Migranten an d'EU kommen. Amplaz géif d'EU-Kommissioun zanter 6 Joer iwwert d'Verdeelung vun de Flüchtlingen debattéieren, wat awer sënnlos wier, fënnt Wien. De Karl Nehammer begréisst ausdrécklech d'Initiative vu Griicheland a Kroatien. D'Kommissioun huet en Donneschdeg eng Enquête gefuerdert, nodeems méiglech illegal Ofweisunge vun Demandeurs d'asile an deenen zwee Länner gemellt goufen.

A puncto "Pushbacks" vu Flüchtlingen un de Baussegrenze vun der EU sot de Jean Asselborn, et wier ganz dréngend, datt d'Kommissioun hei agräife géing. Dës Woch haten de Spiegel, den ARD-Magazin an aner europäesch Medie Recherchë verëffentlecht, aus deenen ervirgeet, datt virun allem a Kroatien a Griicheland Sécherheetsbeamte Mënschen deels mat Gewalt iwwert d'Grenzen zréckdrécken. A Videoe gesäit een, wéi maskéiert Persoune mat Matraquen op d'Leit aschloen a se aus dem Land verjoen. No Kroatien huet och elo Griicheland sech averstane gewisen, dës Fäll opzeklären. Déi zoustänneg EU-Kommissärin Ylva Johansson huet sech schockéiert gewisen iwwert d'Berichter an der Press. Iwwerdeems géing et hei och kloer Indicë vu Mëssbrauch vun EU-Suen ginn, well déi Sécherheetsunitéite fir de Grenzschutz zum Deel vu Bréissel finanzéiert ginn.

An de leschte Jore gouf ëmmer nees iwwert Gewalt géint Flüchtlingen un den EU-Baussegrenzen a verschiddenen europäesche Medie beriicht. Och RTL hat ugangs 2020 an engem Tëleesreportage "Blockéiert um Balkan" op de brutalen Ëmgang mat Flüchtlingen a Migranten op der kroatesch-bosnescher Grenz opmierksam gemaach.