Juncker huet néierens kandidéiert a gouf net gewielt

Géintiwwer der Süddeutschen Zeitung sot hien, datt d'Leit hiren Europadeputéierte gewielt hätten an net de Jean-Claude Juncker.
An der Disksussioun ronderëm d'Designéierung vum nächste Kommissiounschef huet de britesche Premier nach eemol den Toun verschäerft. Géintiwwer der Süddeutschen Zeitung sot hien datt d'Leit hiren Europadeputéierte gewielt hätten an net de Jean-Claude Juncker, deen hätt néierewou kandidéiert a wier och néierewou gewielt ginn, esou den David Cameron.
Hie reprochéiert elo de grousse Fraktiounen am Europaparlament mat der Propositioun vum fréiere Lëtzebuerger Premier géint d'EU-Traîtée verstouss ze hunn.
De Verträg no wier et nämlech un de Staats-a Regierungscheffe fir den nächste Kommissiounspresident virzeschloen.
Déi däitsch Kanzlerin widdersprécht dem Cameron bei deem Reproche.