De YouTube-Video mam Titel "Tonga Eruption Possible Nuclear Detonation" gouf de 16. Januar 2022 gepost a gouf net manner ewéi 20.000 Mol gekuckt.

Bäiträg an de Sozialen Netzwierker hunn de Verdacht opkomme gelooss, dass et sech bei der rezenter vulkanescher Aktivitéit ronderëm d’Tonga-Inselen ëm eng nuklear Explosioun gehandelt hätt. Deem ass net esou. Experte soen, dass d’Fakten, dass keng radioaktiv Stralen no der Explosioun noweisbar sinn an dass en aktive Vulkan an der Géigend existéiert, kloer beleeën, dass d’Iddi vun enger nuklearer Explosioun op dëser Plaz verworf an entkräft ka ginn.

De YouTube-Video mam Titel "Tonga Eruption Possible Nuclear Detonation" gouf de 16. Januar 2022 gepost a gouf net manner ewéi 20.000 Mol gekuckt.

RTL

E Screenshot vu Youtube, geholl den 21. Januar 2022.

A Bäitrag op Facebook an op Twitter gouf versicht, d’Zerstéierung am pazifeschen Inselstaat mat engem nuklearen Evenement a Relatioun ze bréngen. Dëst entsprécht änleche falsche Behaaptungen, déi no der Explosioun am Hafe vu Beirut am Libanon am August 2020 opgestallt goufen an duerch den AFP-Faktencheck opgekläert konnte ginn.

Tonga gouf vun engem gewaltegen Ënnerwaasservulkanausbroch getraff, deen dofir gesuergt huet, dass d‘Insele vun enger enormer Äschewollek ëmgi goufen an deen en Tsunami ausgeléist huet. Duerch dës Evenementer war Tonga vun der Baussewelt ofgeschnidden.

D’Regierung vun Tonga bezeechent d’Zesummespill tëscht Vulkaneruptioun an Tsunami als "ni do gewiechten Desaster" an huet den nationalen Noutstand fir knapp ee Mount ausgeruff.

Déi international Vereenegung fir Vulkanologie a Geochemie (IAVCEI) huet géigeniwwer der AFP erkläert, dass "déi staark explosiv Aktivitéit, déi de 14. a 15. Januar 2022 am Tonga-Archipel opgetrueden ass, effektiv op en Ausbruch vum submarine Vulkan Hunga Tonga-Hunga Ha'Apai zeréckzeféieren ass."

D’Associatioun betount, dass de Vulkan fréier schonn ausgebrach wär, wat d’Vulkanologin Alexandra Matiella Novak vum Space Exploration Sector vum Applied Physics Laboratory vun der Johns Hopkins University kloergestallt huet. Si huet och gesot, dass de Vulkan och weiderhin aktiv bleiwe wäert.

De Global Volcanism Program vum amerikaneschen National Museum of Natural History féiert d’Evenementer ronderëm Tonga och op e Vulkan zeréck an huet net ernimmt, dass et sech ëm eng nuklear Explosioun handele géif.

De Sam Rigby, Dozent fir Explosiouns- an Oppralltechnik op der University of Sheffield an England, sot, dass eng Atombomm mat der selwechter Fräisetzung un Energie kee Krater an deem selwechten Ausmooss hätt kënnen uriichten, wéi déi observéiert Plaz an Tonga.

"Eng méi déif ënnert der Äerd vergruewen Atombomm hätt net genuch Energie un d’Loft ofginn, fir déi gemoosse Schock- a Gravitéitswelle produzéieren ze kënnen, déi vu villen Apparater ronderëm d’Welt enregistréiert goufen," seet de Sam Rigby weider.

D’Behaaptunge vun enger Atomexplosioun op Tonga verlafen no engem bekannte Muster, seet den Jeffrey Lewis, en Expert fir d’Netweiderverbreedung vun Atomwaffe vum Middleburry Institute of International Studies zu Monterey.

"All Kéiers, wann et eng grouss Explosioun gëtt, gëtt et eng grouss Unzuel u Leit, déi behaapten, dass et sech ëm eng Atomexplosioun handele misst," seet den Expert a füügt dobäi, "de Grond dofir ass, dass all Explosiounen d’selwecht ausgesinn – ob nuklear, konventionell oder natierlech. Et kann een nuklear Explosioune visuell net vun aneren Zorte vun Explosiounen ënnerscheeden."

Nëmme wéineg Kernwaffen hunn esou eng grouss Sprengkraaft, seet de Lewis. A souguer wann géife bei enger nuklearer Detonatioun Radionuklider fräigesat, déi vun der Comprehensive Nuclear-Test-Ban Treaty Organization (CTBTO; Organisatioun fir en ëmfaassende Verbuet vun Nuklearversich) nogewise kéinte ginn – wat hei net de Fall war.

De Klimatolog Alan Robock stëmmt deem zou a seet: "Et gëtt keng Hiweiser op Radioaktivitéit, déi duerch eng Atombomm produzéiert gi wären."

AFP huet zuelräich onzoutreffend Behaaptungen iwwer den Ausbroch vum Vulkan an den uschléissenden Tsunami op Tonga opgedeckt.