Am US-Bundesstaat Arizona an op anere Plaze goufen Trauerzeremonië virum Begriefnis vum rietsen Aktivist Charlie Kirk organiséiert. Op Facebook waren aus dësem Ulass falsch Bäiträg am Ëmlaf, an deene behaapt gouf, prominent Perséinlechkeeten hätte säi Papp bei enger vun dëse Manifestatioune getréischt.

D'Bäiträg hunn identesch Formuléierungen an eng Foto aus engem Noruff benotzt, déi fälschlecherweis als Foto vum Kirk sengem Papp duergestallt gouf. Se goufe vun engem Netzwierk vu vietnameesesche Facebook-Säite verbreet, dat ëmmer nees manipuléiert Contenuen an Ëmlaf bréngt.

"Gitt mir mäi Bouf zeréck, en ass eréischt 31", fänkt en engleschsproochege Facebook-Bäitrag vum 12. September 2025 un. Am Bäitrag ass eng Foto vum Charlie Kirk, dee seng Duechter am Aarm hält, souwéi e weidert Bild vun engem Mann, deen anscheinend kräischt, dran. Weider heescht et: "En trauerende Papp brécht bei der Gedenkfeier fir den Charlie Kirk virum Haaptsëtz vun der Organisatioun "Turning Point USA" zu Phoenix zesummen. Direkt nieft him stoung d'Museklegend Paul McCartney, deen him d'Hand op d'Schëller geluecht a versicht huet, him Kraaft ze spenden."

An der Behaaptung ass e Link dran zu engem Artikel mat der Iwwerschrëft: "Dem Paul McCartney seng Presenz bei dem Charlie Kirk senger Gedenkfeier: E Lidd ouni Wierder."

A bal identesche Bäiträg gouf behaapt, dass och Museker wéi d'Stevie Nicks, de Mick Jagger an de Luke Bryan present waren, fir dem Kirk sengem Papp bei der Trauerzeremonie an Arizona ze tréischten.

RTL

© AFP

A verschiddene Bäiträg goufen d'Nimm vun de Museker duerch déi vu Sportstaren ersat, dorënner de Formel-1-Fuerer Max Verstappen an d'Golflegend Tiger Woods.

RTL

© AFP

An anere Bäiträg goufe Persounen aus dem Kabinett vum amerikanesche President Donald Trump gewisen, zum Beispill d'Justizministesch Pam Bondi an de Verdeedegungsminister Pete Hegseth. D'Procureur d'Etat vum District of Coiumbia Jeanine Pirro gouf och an engem Post gewisen. Genee wéi an deenen anere Bäiträg gouf ee beim Klicken op d'Artikelen op aner Internetsäite weidergeleet, déi voll mat Reklamme waren.

RTL

© AFP

Den Charlie Kirk, eng polariséierend politesch Perséinlechkeet an den USA, gouf den 10. September 2025 wärend enger Veranstaltung op der Utah Valley University erschoss. D'Poursuite vun 33 Stonnen nom Verdächtegen hat eng Well vu Falschinformatiounen ausgeléist, woubäi onschëlleg Persoune fälschlecherweis beschëllegt goufen, KI-generéiert Contenue sech séier verbreet an Chatbots falsch an net confirméiert Behaaptunge widderholl haten.

De federale Parquet vun den USA huet de 16. September 2025 den 22 Joer alen Tyler Ronbinson offiziell wéinst Mord um Charlie Kirk ugeklot an och ugekënnegt, d'Doudesstrof ze fuerderen. Den amerikanesche Vizepresident J.D. Vance goung nieft dem Sarg vum Kirk u Bord vun der Air Force Two, fir de Läichnam vu Utah op d'Trauerfeier an Arizona ze fléien. De President Donald Trump a bal seng ganz Regierungsekipp hunn den 21. September 2025 un der Trauerfeier fir de Kirk am Stadion vun der American Football-Ekipp Arizona Cardinals deelgeholl.

Dem Kirk seng Wittfra Erika huet och ëffentlech ëm hire Mann getrauert. Et gëtt awer keng Indicen dorop, dass dem Kirk säi Papp virum Siège vun "Turning Point USA", eng konservativ Organisatioun, déi vu sengem Bouf gegrënnt gouf, zu Phoenix eng Trauerried gehalen hätt.

RTL

© AFP

Et gëtt och keng Opzeechnungen doriwwer, dass de McCartney - oder déi aner an de Bäiträg genannt Prominenter a Mandatairen - d'Gedenkplaze besicht hätten, déi iwwerall an Arizona entstane waren.

Verdächteg Bäiträg

Eng Stéchwierder- a Billersich, fir erauszefannen, wéi de Papp ausgesäit, huet keng verifizéiert Fotoe vum Kirk mat sengem Papp, deen engem Bericht vum People-Magazine no als Architekt geschafft huet, erginn.

Eng ëmgekéiert Billersich vun der Foto, déi a ville Bäiträg benotzt gouf, huet erginn, dass se aus engem Noruff op e gewësse Robert W. Kirk staamt, deen am Juli 2008 zu Monterey, Indiana, verstuerwen ass - an net dem Kirk säi Papp ass (hei archivéiert).

A verschiddene Fäll gouf d'Originalbild gespigelt an et schéngt, wéi wann Tréine kënschtlech bäigefléckt gi wären.

RTL

© AFP

D'Behaaptunge schénge vun engem Netzwierk vu Facebook-Säiten ze stamen, déi sech u Membere vun der Babyboomer-Generatioun riichten. Dës als "Boomer Bait" bezeechent Contenue si speziell dorop ausgeluecht, Emotiounen ervirzeruffen a Mënschen dozou ze bréngen, se ze liken, ze deelen an ze kommentéieren.

De Fuerscher Marc Owen Jones huet festgestallt, dass verschidden Internetdomainen, déi vun dëse Säite benotzt goufen, dorënner cafez.biz, warscheinlech Deel vun enger koordinéierter Aflossnam oder vun engem Engagement-Farming-Netzwierk sinn, dat mat polariséierende Contenue Reechwäit generéiert a gréisstendeels vu Vietnam aus bedriwwe gëtt.

All dës Facebook-Säiten, déi d'AFP fonnt huet an déi Behaaptungen iwwer dem Kirk säi Papp verbreet huet, haten e Säite-Management a Vietnam. Fir de Standuert vun de Persounen ze iwwerpréiwen, déi eng Säit bedreiwen, kënnen Notzerinnen an Notzer op d'Registréierkaart "Iwwer" (dt. "Über, eng. "About") klicken an d'"Säitentransparenz" iwwerpréiwen.

RTL

© AFP

Weider Unzeeche fir d'Onglafwierdegkeet vun dëse Säiten an Artikele si Facebook-Bewäertungen, an deene falsch Contenue reklaméiert ginn. Internetsäite voll mat Reklammen an Artikele mat net gekennzeechenten Zitater, sech widderhuelende Strukturen an onnatierlechen englesche Formuléierungen.

D'amerikanesch Faktencheck-Organisatioun "Lead Stories" huet weider falsch Behaaptungen iwwer Sportstaren identifizéiert, déi fir dem Kirk seng Famill gespent hätten. Dës Behaaptunge goufen och iwwer Facebook-Säite verbreet, déi vu Vietnam aus geréiert ginn. D'AFP hat am Juli 2025 iwwer änlech Clickbait-Bäiträg bericht.

D'Richtlinne vu Meta besoen, dass "Createuren, Editeuren an Drëtt, déi Clickbaits oder Sensatiounsmeldunge verbreeden, méiglecherweis net berechtegt sinn oder hir Berechtegung fir Monetariséierung verléieren" (hei archivéiert). Souwuel de Recherchemedium ProPublica wéi och d'Onlineportal 404 Media hunn awer doriwwer bericht, wéi de Monetariséierungsprogramm vun der Plattform Mënschen op der ganzer Welt dozou bréngt, mannerwäerteg Contenuen ze erstellen, fir d'Opmierksamkeet vum amerikanesche Public ze kréien (hei archivéiert).

Weider engleschsproocheg Meldungen iwwer Falschinformatiounen am Zesummenhang mat der Ermuerdung vum Kirk sammelt d'AFP op hirer Internetsäit.

Fazit: Facebook-Behaaptunge mat Fotoe vu Prominenten, déi angeeblech dem Charlie Kirk säi Papp tréischten, si falsch. Se baséieren op enger friemer Foto vun engem Noruff a stamen aus engem vietnameeseschen Netzwierk, dat geziilt Falschmeldunge verbreet.

Dësen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.