Video beweist net, dass Mask grav Hypoxie oder CO2-Vergëftung ausléist

Zënter Ufank Januar zirkuléieren e Video an de sozialen Netzwierker, dee vu schlëmme Repercussiounen duerch d'Maskendroe schwätzt. E Faktencheck.
"Elo si mir bei 4.000, no 3 Minutten, ... 5.500... Et muss ee wëssen, dass et sech bei iwwer 5.000 ëm extrem knaschteg Loft handelt, déi e seriöe Risiko fir Hypoxie, laangfristeg irreversibel Schied um Gehier, Koma oder den Doud duerstellt", kommentéiert d'Autorin vum Video no 3 Minutten. "Mir wollte just e klengt Experiment maachen (...) fir d'Gefore vun enger Mask op einfach Manéier, a méi einfach ewéi mat Wierder ze verstoen ass."

Capture d'écran réalisée le 21/01/2022 sur Facebook
Zum Schluss vum Video weist d'Fra en ausgedréckten Dokument, dat hirer Meenung no aus enger Beschreiwung vum Hiersteller staamt an, an deem verschidden CO2-Konzentratiounswäerter an deenen hir vermeintlech gesondheetlech Auswierkungen opgelëscht ginn. Ab enger Konzentratioun vun iwwer 5.000 ppm gëllt Loft als "extrem verknascht" a kann eng "schwéier Hypoxie" - geféierleche Sauerstoffmangel - a "laangfristeg irreversibel Gehierschied" oder souguer e "Koma" ausléisen, seet dëst Dokument.

Capture d'écran de la vidéo virale; réalisée sur Facebook le 21/01/2022
A Wierklechkeet ass dëst Experiment ierféierend a beweist net, dass eng Mask d'Kanner a Gefor bréngt, hunn divers Spezialisten an Dokteren der AFP erkläert.
Donieft géif den CO2, dee mat der ausgeotemter Loft ofgi gëtt, net an der Mask hänke bleiwen, well déi loftduerchlässeg wär, wéi vill Dokteren zënter dem Ufank vun der Pandemie méi wéi eng Kéier betount hunn.
An de leschten 2 Joer huet et vill änlech Experienze ginn, déi vun der AFP iwwerpréift goufen, hei oder hei op Däitsch.
Wéi benotzt een CO2-Moossapparater?
CO2-Sensore gi benotzt, fir d'Konzentratioun vu Kuelendioxid an engem Raum ze moossen. Si bewäerten d'Loftqualitéit an der Eenheet "ppm" oder "partie par millions". 400 ppm bedeiten, dass et 400 verknascht Moleküller op eng Millioun Loftmoleküller ginn.
Am Zesummenhang mat der Pandemie erméiglechen dës Sensoren eng Beuerteelung vun der Loftqualitéit, fir eng Iwwerdroung vu Covid-19 duerch Aerosolen ze begrenzen. Si ginn haut op villen zouene Plazen agesat, besonnesch a Schoulen a Frankräich, der Belsch, zu Lëtzebuerg wéi och a verschiddene Schwäizer Kantonen.
An der Schwäiz huet e Pilotprojet, dee Fuerscher vun der Eidgenössische Materialprüfungs- und Forschungsanstalt (EMPA) am Dezember 2021 verëffentlecht hunn, gewisen, dass a Schoule mat engem héije Kontaminatiounsrisiko d'CO2-Konzentratioun dacks iwwer 3.000 ppm läit.
An der Belsch estiméiert d'Task Force "Ventilation", déi Recommandatioune fir d'Lëften an d'Loftqualitéit a Banneraim erschaffe soll, dass e Raum genuch belëft ass, wann d'CO2-Konzentratioun ënner 900 ppm läit.
Fir e korrekt Benotze mussen d'CO2-Sensore wäit fort vu Belëftungsobjeten (Dieren, Fënsteren oder Belëftungsanlagen) a Persounen installéiert ginn. An dësem Dokument vun der Task Force "Ventilation", an deem d'Benotze vun dësen Apparater am Detail beschriwwe gëtt, heescht et: "Net nobäi vum Sensor ausootmen" - genee dat mécht d'Meedchen am Video, dat an dësem Artikel iwwerpréift gëtt, awer.
D'AFP huet den techneschen Direkter vun der belscher Entreprise Insens, déi CO2-Sensore verkeeft, befrot. "Et muss ee wëssen, dass e Mënsch Loft ausotemt, déi tëscht 4 a 5 Prozent CO2 enthält, also 40.000 bis 50.000 ppm", seet den Nicolas Verbeek - wäit méi wéi de Maximalwäert vum Sensor, deen am Video benotzt gëtt. "Wann eng Persoun direkt virum CO2-Sensor Loft ausotemt, klëmmt d'Konzentratioun immens séier op héich CO2-Wäerter, bis de Sensor komplett saturéiert ass, traditionell ëm déi 10.000 ppm. Dowéinst weist de Sensor um Schluss vum Video dëse Wäert un", huet den Nicolas Verbeek den 19. Januar géintiwwer der AFP erkläert.
"Effektiv kéint den CO2-Gehalt souguer nach méi héich sinn. Et ass deemno wichteg, dass Dir net direkt virum Sensor ausotemt, well d'Miessung soss net den CO2-Wäert an der Mask representéiert, mee den CO2-Wäert vun der Persoun erëmgëtt (d.h. bis zu 50.000 ppm)", féiert hie weider aus.
"D'Experienz aus dem Video géif warscheinlech och ouni Mask zu engem änleche Resultat féieren", sou nach den Nicolas Verbeek.
D'AFP konnt den Descriptif vum Detekter aus dësem Video net erëmfannen. An der Beschreiwung vun dësem anere Kuelendioxid-Detekter gëtt allerdéngs och recommandéiert, "d'Ootmen a Richtung vun der Sonde ze vermeiden, well dat d'CO2-Konzentratioun verännert an d'Miesswäerter stéiert."
Och den Heinz-Jörn Moriske, de Responsabel fir Raumlofthygiène beim däitsche Bundesamt für Umwelt, erkläert vis-à-vis vun der AFP, dass d'Miesstechnik net gëeegent wär.
D'AFP huet dëse Video och dem Ivan Lunati, engem vun den Auteure vun der zitéierter Schwäizer Etüd, virgeluecht. Dës Etüd demonstréiert den Zesummenhang tëscht der Loftqualitéit an engem Klassesall an der Unzuel u Covid-19-Kontaminatiounen.
"Ech ginn dësem Video kee wëssenschaftleche Wäert", seet den Ivan Lunati an engem Interview vum 24. Januar 2022 mat der AFP. "De Video weist d'CO2-Konzentratioun zum Zäitpunkt un, op deem d'Persoun ausotemt, an net d'Konzentratioun vun der Loft, déi se anotemt. Eng Persoun otemt Loft mat enger Konzentratioun vun ongeféier 40.000 ppm aus. E bësse vun dëser Loft ka sech an der Mask usammelen, awer beim Anootme verdënnt sech dës Loft mat der Bausseloft, sou dass d'CO2-Konzentratioun däitlech méi niddereg ass", erkläert de Fuerscher vun der Schwäizer Materialprüfungs- und Forschungsanstalt.
D'CO2-Konzentratioun an de Maske gouf notamment an enger Peer-Review-Etüd, also vun onofhängege Wëssenschaftler gepréift, beluecht - kuckt hei, fir se ze fannen -, déi am Oktober 2020 an der Fachzäitschrëft Aerosol and Air Quality Research (AAQR) verëffentlecht gouf.
D'Auteure vun dëser Etüd iwwer chirurgesch Masken, aus Stoff a KN95-Masken (den amerikaneschen Äquivalent zu FFP2-Masken), déi dorop opgepasst hunn, hiren Tube vun der Prouf net "direkt am Flux vun der Otemloft" ze placéieren, koumen zur Conclusioun, dass d'Kuelendioxidkonzentratioun an de Maske "keng toxikologesch Wierkung" huet, dass awer bestëmmte Konzentratioune méiglecherweis "onerwënscht Symptomer wéi Middegkeet, Kappwéi a Konzentratiounsverloscht ausléisen."

Collège Françoise-Giroud à Vincennes, à l'est de Paris, le 1er septembre 2020, le jour de la rentrée scolaire. ( AFP / Martin BUREAU)
Wat eng méiglech Hypoxie duerch d'Mask betrëfft, sou gëtt se "net op dësem Wee gemooss", erkläert den Yves Coppierters, Epidemiolog a Professer fir ëffentlech Gesondheet op der Fräier Universitéit Bréissel (ULB) den 21. Januar 2022 géintiwwer der AFP: Fir e méigleche Sauerstoffmangel bei enger Persoun beurteelen ze kënnen, muss een "en digitale Saturometer mat engem punktgeneeë Mondstéck" benotzen. Esou kann d'Saturatioun vum Sauerstoff am Blutt gemooss ginn", seet den Yves Coppieters a weist dorop hin, dass dës Apparater virun allem bei Patienten agesat ginn, déi wéinst Covid an d'Klinick ageliwwert ginn.
Dës Prozedur ass an dësem Dokument vun der franséischer Haute Autorité de santé beschriwwen, an deem et heescht, dass "d'Miessung vun der Sauerstoffsiedegung vum Blutt um Fanger Deel vun der medezinescher Evaluatioun vum Patient ass", dee wéinst Covid-19 an d'Klinick ageliwwert gëtt. Dësen Typ vun Apparat, deen un de Fangerspëtze vum Patient ubruecht gëtt, ass net déi selwecht wéi am Video, deen an dësem Artikel iwwerpréift gëtt.
Oppassen: Och wann dës Saturometeren existéieren, esou en Test muss vun engem Dokter duerchgeféiert an dierf net ze séier interpretéiert ginn, wéi am viregten Opklärungsartikel beschriwwen, an deem déi ugewise Miesswäerter vun engem änlechen Apparat falsch interpretéiert goufen.
Maske loosse Sauerstoff an CO2 duerch
Ausserdeem bleift de Kuelendioxid, deen d'Meedchen an dësem Video ausotemt, net an der Mask hänken a ka soumat net zu enger Vergëftung féieren, wéi den Yves Coppieters schonn am Juli 2020 erkläert huet: "D’Mask kann eventuell d’Ootmung vun enger Persoun mat Häerz- oder Otemprobleemer oder bei staarke kierperlechen Efforten, wéi jogge goen, beanträchtegen, well d’Lëftung méi schlecht ass. Et ass och méiglech, dass en onkomfortabelt Gefill entsteet, wouduerch den Androck opkënnt, ze erstécken, mä dat ass just e psychologeschen Effet. Eng gesond Persoun gëtt duerch d’Droe vun enger Mask net doru gehënnert, hiren alldeeglechen Aktivitéiten normal nozegoen. D’Mask ass keen zouene Kreeslaf, se léisst Sauerstoff duerch", huet den Dokter erkläert.
Den 21. Januar 2022 huet den Yves Coppieters op en Neits erkläert, dass "d’Masken, déi mir gebrauchen, Sauerstoff- an CO2-Moleküller ouni Weideres duerchloossen. Eng Mask ze droen, ka potentiell d'Ootmung acceleréieren an zu enger Reduzéierung vun der Otemkapazitéit féieren, déi liicht beanträchtegt si kann, awer se huet keng Repercussiounen op de Kierper. Ech denken, dass dëst Experiment weder relevant nach interpretéierbar ass", mengt den Infektiolog.
D'Mask, déi dofir do ass, fir aner Leit virun der Kontaminatioun duerch kleng Drëpsen an Aerosolen ze schützen, léisst déi ausgeotemt Loft ouni Weideres duerch, confirméieren och verschidden Dokteren, déi zënter dem Ufank vun der Pandemie vun der AFP kontaktéiert goufen. Sou huet den Direkter vum Longenerkrankungsprogramm am ëffentleche Spidol zu Toronto a Professer Shane Shaperaam Juli 2020 erkläert, dass "bal déi komplett ausgeotemt Loft aus der Mask expiréiert, sou dass een net säin eegenen CO2 anotemt." Am September vum selwechte Joer huet den Nathan Clumeck, Member vun der kinneklecher Akademie fir Medizin an der Belsch a Spezialist fir Infektiounskrankheeten, bestätegt, dass "CO2 en zimmlech flüchtege Gas ass, dee ganz liicht duerch d'Mask dréngt."
An der Rubrik "En finir avec les idées reçues" op der Homepage vun der WHO heescht et: "Méi laangt Droe vu medezinesche Masken ass wuel net komfortabel, mee d'Mask féiert weder zu enger CO2-Vergëftung nach zu Sauerstoffmangel."
An engem am Juli 2021 publizéierten Dokument erklären d'Gesondheetsagencë vun Ontario a Kanada, dass "keng Donnéeën dorop hindeiten, dass d'Droe vun enger Mask bei Kanner klinesch signifikant schiedlech physiologesch Effekter ausléist." Allerdéngs wären "d'Conclusiounen hisiichtlech vun de schiedlechen Auswierkungen duerch d'Droe vu Masken op d'Otemweeër an déi psychesch Gesondheet vun de Kanner ënnerschiddlech", sou d'Memberen. Si recommandéieren am selwechte Moment "nei Etüden, fir déi potentiell schiedlech Auswierkunge vum Maskendroe bei Kanner ze bewäerten, besonnesch d'Repercussioune vum Laangzäitgebrauch."
Och wa Masken aktuell keng besonnesch Gefor fir d'Gesondheet vun de Kanner duerstellen, sou stelle sech verschidde Fachleit d'Fro no méigleche psychologesche Konsequenzen.
An engem am Juli 2020 aktualiséierten FAQ (heefeg gestallte Froen) recommandéiert d'WHO, d'Kanner ënner 5 Joer net zum Droe vun enger Mask ze verflichten. An den USA recommandéieren d'Centers for Disease Control and Prevention (CDC) d'Droe vun enger Mask vun zwee Joer un.
A Frankräich an an der Belsch ass d'Droe vun enger Mask a bestëmmten zouene Raim vu 6 Joer un obligatoresch.
