Déi brittesch Gesondheetsagence UKHSA huet an hirem Rapport net vun enger laangfristeger Immunschwächt duerch d'Corona-Impfung geschwat.

Am Januar hunn op en Neits Honnerte Facebook-User déi sougenannt UKHSA-Behaaptung gedeelt (hei an hei). Divers Bloggen hate se schonn am November 2021 diffuséiert (hei, hei an hei).

RTL

Facebook-Screenshot der Falschbehauptung: 13.01.2022

De brittesche Rapport

D'Posts bezéie sech op e Passage aus dem "Covid-19-Impfstoffiwwerwaachungsrapport Woch 42" vun der UK Health Security Agency (UKHSA) vun Oktober 2021. D'UKHSA publizéiert reegelméisseg Iwwerwaachungsrapporten iwwer d'Corona-Vaccinen.

Op der Säit 23 heescht et am deemolegen UKHSA-Rapport effektiv, dass e speziellen Antikierperspigel bei zweefach Geimpfte méi niddereg ausfale géif. Dat hätten Observatiounsdonnéeë vun den Antikierper am Blutt gewisen. D'Heefegkeet vu bestëmmten Antikierper am Blutt nennt ee Seroprävalenz.

An hirer Etüd zu dëser Seroprävalenz huet d'UKHSA dobäi zwou Aarte vun Antikierper méi genee ënnert d'Lupp geholl: S-Antikierper an N-Antikierper. De Kierper produzéiert just bei enger Infektioun mat Corona-Antikierper géint den Nukleoprotein (N). Antikierper géint de Spikeprotein (S) par contre entsti souwuel bei enger Erkrankung, wéi och no enger Corona-Impfung, huet eng UKHSA-Spriecherin de 7. Januar géintiwwer der AFP erkläert. Eng Examinatioun op N-Antikierper hëlleft dowéinst dobäi, Antikierper duerch eng Infektioun vun N-Antikierper no enger Impfung ze ënnerscheeden, erkläert d'RKI zu similären Analysen.

Previsibel Resultater

De Rapport vun der UKHSA huet festgestallt, dass den N-Antikierperspigel bei geimpfte Persoune méi niddereg ass. Dat wär awer iwwerhaapt net iwwerraschend, huet d'UKHSA-Spriecherin der AFP erkläert. D'Resultater géife just weisen, dass d'Impfung wierkt a Corona-Infektiounen am Kierper kleng hale géif. Eng méi douce Infektioun, zum Beispill, opgrond vun engem scho bestoenden Impfschutz, kéint dowéinst zu engem méi nidderegen N-Antikierperspigel féieren. Dës Erklärung ergänzt d'UKHSa och a spéidere Rapporten zur Etüd: "Dës niddereg N-Antikierperreaktioune bei Persoune mat Duerchbrochsinfektiounen (no enger Impfung) spigelen am Verglach zur primärer Infektioun warscheinlech déi méi kuerz a méi douce Infektioune bei dëse Patienten erëm."

Firwat dës Resultater ze erwaarde waren, huet den 12. Januar och den Daniel Sauter der AFP géintiwwer erkläert. Hien ass Professer um Institut für Medizinische Virologie und Epidemiologie der Viruskrankheiten un der Universitéitsklinick Tübingen. "Duerch déi erfollegräich Eliminéierung a méi kuerz Verweildauer vum Virus am Kierper gëtt d'Formatioun vun N-Antikierper manner staark ugereegt", huet de Sauter geschriwwen. D'Observatioun am UKHSA-Rapport wär dowéinst "net besonnesch iwwerraschend" a géif am Aklang mat weideren Etudë stoen, no deene Geimpfter de Virus bei enger Infektioun méi séier eliminéiere kënnen.

Den Immunsystem gëtt net zerstéiert

De reduzéierten N-Antikierperspigel deit also net op en zerstéierten Immunsystem hin. "Aus méi nidderegen N-Antikierperwäerter alleng léisst sech net d'Conclusioun zéien, dass den Immunsystem geschiedegt ass", huet den Daniel Sauter erkläert, "ganz am Contraire, méi niddereg N-Antikierperwäerter bei geimpften am Verglach mat ongeimpften infizéierte Persounen deiten éischter dorop hin, dass den Immunsystem funktiounsfäeg ass an als Äntwert op d'Impfung eng reusséiert Immunäntwert géint de Spike-Protein opbaue konnt."

De Sauter resuméiert: "D'Fäegkeet u sech, Antikierper géint Virusbestanddeeler ze forméieren, gëtt duerch d'Impfung net beanträchtegt. Den Immunsystem gëtt duerch d'Impfung net geschiedegt".

Op Ufro vun der AFP huet och eng UKHSA-Spriecherin erkläert, dass d'Impfung den Immunsystem a kenger Aart a Weis beanträchtege géif. Méi niddereg N-Antikierperwäerter géifen net bedeiten, dass et e Schued am Immunsystem géif ginn. D'UKHSA selwer recommandéiert, sech géint Corona impfen an opfrëschen ze loossen.

Keng méi héich Mutatiounsufällegkeet

Bei der Reproduktioun vun engem Virus entstinn heiansdo Divergenzen an den Qualitéite vum Virus. Dës Verännerungen nennt ee Mutatioun. Der Behaaptung aus de Posts no, dass geimpfte Persoune méi ufälleg fir esou Mutatioune vum Virus wären, widdersprécht de Sauter och: "De Mutatiounstaux vu SARS-CoV-2 gëtt duerch d'Impfung net beaflosst." Souguer wann et Verännerungen am Virus géif ginn, déi de Kierper mat der Hëllef vun existéierenden Antikierper méi schlecht bekämpfe kéint, géif d'Reproduktioun vun dëse Vire bei geimpfte par Rapport zu ongeimpfte Persoune méi kleng bleiwen, erkläert den Daniel Sauter.

Fazit: D'Etüd aus dem Vereenegte Kinnekräich beleet keng presuméiert Laangzäitschied vum Immunsystem duerch d'Impfung. Par contre hält se fest, dass Geimpfter bei enger Infektioun mam Virus méi kleng Quantitéite vun engem bestëmmten Antikierper produzéieren, wat op e méi doucë Krankheetsverlaf bei Geimpften hindeit. Se steet domat am Aklang mat anere Resultater vun Etüden a weist, dass d'Impfung géint Corona wierkt.