Biontech verklot Dänemark net wéinst verpasste Profitter

Zënter Ufank Februar zirkuléiert en angeeblechen Artikel vun n-tv duerch déi sozial Netzwierker, an deem Biontech Dänemark viru Geriicht usiche wéilt.
Honnerten Notzerinnen an Notzer hunn de supposéierten n-tv-Bäitrag op Facebook gedeelt (hei, hei, hei an hei). Och op Telegram hunn eng zéngdausend Leit d'Noriicht gesinn. D'AFP gouf iwwer WhatsApp op déi angeeblech Biontech-Plainte opmierksam gemaach.
Déi falsch Affirmatioun: "Biontech/Pfizer verklot Dänemark", heescht et an engem Screenshot am Look vun der däitscher Noriichtesäit n-tv. Opgrond vun der aktuell an Dänemark decidéierter Ophiewung vun de Corona-Mesuren, géife sech am deem Land ëmmer manner Leit impfe loossen. Dowéinst wéilt den däitschen Impfstoffproduzent Biontech déi dänesch Regierung op Schuedenersatz verkloen. Déi entspriechend Requête léich dem Europäesche Geriichtshaff scho vir.

Facebook-Screenshot der Falschbehauptung: 04.02.2022
Screenshot deit op Fälschung hin
Scho beim Bléck op de Screenshot falen éischt Onstëmmegkeeten an der angeeblecher Annonce op. Dësem Bäitrag no hätt sech Biontech fir eng Plainte decidéiert, nodeems Dänemark d'Ophiewung vu bal alle Corona-Restriktiounen ordonéiert huet. Dëst ass Ufank Februar 2022 geschitt, wéi zuelräich Medie kommunizéiert hunn (hei, hei, hei).De Screenshot ass dogéint net aktuell. Am ieweschte rietse Bord vum elo propagéierte Screenshot steet kleng den Datum vum 13. Juni 2021. Zwee um rietse Bildrand ugeschnidden erkennbar n-tv-Artikele (hei, hei) stamen och aus dem Juni 2021. Deemools hat Dänemark grad seng Mesurë largement méi labber gemaach.
Och déi op der supposéierter n-tv-Websäit mentionéiert Ikone stëmmen net mat dem echte Layout vun n-tv iwwereneen. Sou fënnt sech am aktuell gedeelte Screenshot am rietsen ieweschte Bildrand d'Kategorie "Parodie". Op der tatsächlecher n-tv-Websäit existéiert esou eng Kategorie guer net. D'User bemierken déi kleng geschriwwen Indikatioun allerdéngs net, si kommentéieren déi vermeintlech Noriicht mat "Es geht nicht um Gesundheit sondern Gewinne" (Et geet net ëm Gesondheet, mee Profit) oder "Die bekommen den Hals nicht voll" (Déi kréien den Hals net voll).

Screenshot-Vergleich der Behauptung auf Facebook (links) und der ntv-Website (rechts): 04.02.2022, Hervorhebungen durch AFP
Typescherweis placéiert n-tv säin Introductiounstext ënner dem jeeweilegen Artikelbild. Am Facebook-Screenshot steet dësen allerdéngs iwwer dem Bild. Och déi rout Iwwerschrëft ass net gewéinlech. D'n-tv-Websäit notzt an der Reegel schwaarz Iwwerschrëfte mat engem kuerzen themateschen Hiweis an engem anere Rout-Toun. Och den Datum ënner der Iwwerschrëft feelt am aktuell gedeelte Screenshot.

Screenshot-Vergleich der Behauptung auf Facebook (links) und eines ntv-Artikels (rechts): 04.02.2022, Hervorhebungen durch AFP
Biontech, n-tv an EuGH dementéieren
Op Nofro vun der AFP hin huet eng Spriecherin vum Impfstoffproduzent Biontech den 3. Februar erkläert: "Dës Ausso ass falsch." D'Entreprise hätt keng entspriechend Plainte beim Europäesche Geriichtshaff agereecht.Dozou hätt d'Entreprise keen direkte Vertrag mat Dänemark, well d'Land géif iwwer d'Europäesch Unioun versuergt ginn. D'Europäesch Kommissioun erkläert op hirer Websäit, dass d'Kommissioun fir hir Memberstaate mat den Impfstoffproduzente verhandelt hätt. Biontech huet schonn e puer Kontrakter mat der EU-Kommissioun ofgeschloss, fir Vaccin ze liwweren. D'Memberstaaten erhalen d'Impfdosissen no engem Verdeelungsschlëssel, wéi et an der EU-Strategie fir Covid-19-Impfstoffer steet.
E Spriecher vum Europäesche Geriichtshaff (EuGH) huet der AFP op Nofro hin de 4. Februar iwwer Telefon bestätegt, dass keng entspriechend Plainte virléich. D'Aufgab vum EuGH ass et ze iwwerwaachen, dass d'EU-Memberlänner an Institutiounen d'EU-Recht anhalen. Den EuGH-Spriecher huet dorop higewisen, dass Entreprisë generell keng Plainte géint eenzel Staate virum EuGH deposéiere kéinten, ma nëmme géint EU-Institutiounen. Plaintë géint Länner misste bei nationale Geriichter deposéiert ginn.
Och eng Spriecherin vum Sender n-tv huet de 4. Februar an enger E-Mail erkläert: "De Screenshot ass jo schonn de Beweis fir eng Fälschung." Dozou huet si och op d'Onstëmmegkeeten am Bild verwisen, déi net mam Original vun der n-tv-Internetsäit iwwereneestëmmen. Op der Homepage vun n-tv konnt d'AFP keen esou een Artikel fannen.
Fazit: D'Annonce vun der angeeblecher Plainte vu Biontech géint Dänemark ass gefälscht. Dat hunn den Impfstoffproduzent selwer, den Europäesche Geriichtshaff wéi och d'Noriichtesäit n-tv, déi de Bäitrag jo verbreet soll hunn, bestätegt. D'Annonce selwer dréit e klenge "Parodie"-Hiweis.
Eis Faktencheck-Redaktioun gouf iwwer WhatsApp op dës Behaaptungen iwwer eng angeeblech Biontech-Plainte opmierksam gemaach. Wann Dir och op méiglech Falschinformatioune stousse sollt, adresséiert Iech gär un d'WhatsApp-Nummer+49 172 252 40 54.
