Si 40 Millioune Migranten onkontrolléiert an d'EU komm?

D'Aussoe vun der franséischer Presidentschaftskandidatin vu Les Républicains hunn héich Welle geschloen. Dobäi entsprieche se net der Wouerecht.
"Onvirstellbar Zuelen": D'Valérie Pécresse wollt op déi supposéiert Defiziter vun der Europäescher Kommissioun bei der Bekämpfung vun illegaler Immigratioun opmierksam maachen an eng méiglech Konstruktioun vu Maueren un de Grenze rechtfäerdegen. So huet d'Presidentschaftskandidatin vun LR, déi e Sonndeg Invitée op France 5 war, verséchert, dass am Joer 2021 knapp 40 Millioune Migranten ouni iergendeng Kontroll an de Schengenraum, dee 26 Länner ëmfaasst - dorënner och Frankräich, agereest wieren.
"Maueren dierften net prinzipiell ausgeschloss ginn. Firwat och? Well mir Schengen kreéiert hunn, ass Schengen e Raum fir fräi Zirkulatioun bannent der Europäescher Unioun. Wa mir déi fräi Zirkulatioun bannent der Europäescher Unioun wëllen hunn, musse mir d'Baussegrenze vun Europa protegéieren", waren déi éischt Wierder vun der Presidentin vun der Regioun Ile-de-France.
"A Schengen gëtt et sougenannt erlaabte Grenziwwergäng (...), an normalerweis mussen d'Migranten dës Grenziwwergäng passéieren. Wat mir awer elo léieren ass, dass d'Zuelen onvirstellbar héich sinn, dass et Dosende Millioune Migrante gëtt, déi all Joer net iwwer dës autoriséiert Grenziwwergäng an Europa kommen. Ech mengen, et si Migranten an der Gréisstenuerdnung vu 40 Milliounen, déi an dësem Joer an Europa komm sinn, ouni dës autoriséiert Grenzpunkten ze passéieren, wat wëll heeschen, dass si keng Kontroll haten", ass si weidergefuer.
Dës "onvirstellbar" Zuele goufe vun der LR-Kandidatin allerdéngs falsch interpretéiert: Dës "39 Millioune" bezeechnen net d'Migranten, déi ouni "iergendeng Kontroll" agereest sinn, mee bezéie sech op d'Unzuel vu Persounen, dorënner och Touristen, déi an de Schengenraum agereest sinn an där hir Reespabeieren iwwerpréift goufen, ouni dass hir Nimm an engem europäesche Policefichier enregistréiert goufen, wéi d'AFP vun der Europäescher Kommissioun gewuer gouf.
Déi vun der Madamm Pécresse erwäänt Gréisstenuerdnung steet donieft am komplette Widdersproch zu den aktuellen offiziellen Daten, déi fir 2019 eng Zuel vun 2,5 Millioune Mënschen uginn, déi an d'Europäesch Unioun immigréiert sinn.
Wéi si de 7. Februar vun der AFP kontaktéiert goufen, huet d'Ekipp vun der Kandidatin e Feeler zouginn.
Vu wou kënnt dës Zuel?
Dës Estimatioun koum um Bord vun enger Reunioun vun den europäeschen Inneminister den 3. Februar am franséische Lille zur Sprooch. Ee Punkt vun dëser Reunioun war d'Opportunitéit vun enger Reform vum Schengenraum, déi besonnesch vu Frankräich ugestrieft gëtt. Am Schengenraum dierfe sech Persoune fräi beweegen.
Am Virfeld vum dëser Reunioun huet d'EU-Kommissärin fir bannenzeg Ugeleeënheeten, d'Ylva Johansson, dës Zuel an engem Interview mam Figaro vum 2. Februar ugeschwat, an deem d'Staaten opgefuerdert goufen, déi hinnen zur Dispositioun stoend Mechanismen ze notzen, fir "ze wëssen, wien an d'EU kënnt a wie se verléisst." "Am leschte Joer koumen 39 Millioune Mënschen an de Schengenraum, ouni am Kader vun der SIS-Datebank kontrolléiert ginn ze sinn", huet si bedauert.
An dëser Datebank, déi 30 Länner zesumme geréieren an notzen, ginn ënnert dem Numm Schengener Informatiounssystem (SIS) ë.a. Persounen erfaasst, géint déi en europäesche Mandat d'arrêt virläit, déi vermësst ginn oder an enger krimineller Affär sollen zitéiert ginn. Niewebäi ginn och Persounen opgelëscht, déi vun engem Areesverbuet betraff sinn, präziséiert d'Cnil op hirem Internetsite.
D'Kommissärin huet dës Zuel op en Neits an engem Interview mat der AFP-Journalistin zu Lille erwäänt, wou si verséchert huet, dass d'Memberlänner "vill méi maache missten, fir d'Grenzen ze schützen" an op déi "grav Vulnerabilitéit" vun der EU higewisen huet.
"Am leschte Joer schätzt Frontex, dass 39 Millioune Mënschen an de Schengenraum agereest sinn, ouni am Informatiounsystem iwwerpréift ginn ze sinn", huet si bedauert.
Eng Spriecherin vun der EU-Kommissärin huet der AFP géintiwwer awer erkläert, dass dës Iwwerpréiwunge komplett onofhängeg vun de Kontrolle wieren, déi un den EU-Baussegrenzen duerchgeféiert géife ginn, fir d'Validitéit vun de Visaen, Päss an Openthaltsgeneemegunge vu Persounen ze iwwerpréiwen, déi an Europa areese wollten.
Dëse Fichier "ass keen Instrument fir d'Bekämpfung vun der illegaler Awanderung", verséchert d'Spriecherin.
E ka vun de Force de l'ordre bei Grenzkontrollen, awer och banne vum Schengenraum bei Stroossekontrollen oder bei enger Interpellatioun consultéiert ginn, explizéiert déi europäesch Agence fir d'Protectioun vun de Grenzen, Frontex, (op englesch) op hirer Internetsäit.
"Dat betrëfft vill Mënschen an net just Persounen, déi a Frankräich awandere wëllen. Dëse Fichier erlaabt et de Schengenraum ofzesécheren, well een dovun ausgeet, dass et keng Grenzkontrollen tëscht de Memberstaate méi gouf an dohier e gemeinsame System noutwenneg gouf, deen eng gewëss Sécherheet am Schengenraum garantéiert", seet den LREM-Deputéierte Ludovic Mendes, deen e parlamentaresche Rapport iwwer Schengen mat verfaasst huet, deen 2018 publizéiert gouf.
D'Zuelen iwwer d'Notzung vun dësem Fichier weisen och, dass d'Consultatioun wäit iwwer d'Migratiounsfroen ewechgeet. Den offzielle Statistiken no gouf de System am Joer 2020 3,7 Milliarde Mol consultéiert, woubäi Frankräich dat Land ass, an deem et dat Joer am meeschte genotzt gouf.
Schlussendlech mussen déi 39 Milliounen och den ongeféier 800 bis 900 Millioune Mënschen géintiwwergestallt ginn, déi all Joer an de Schengenraum areesen, wéi d'Ekipp vun der Kommissärin Johansson estiméiert.
De Feeler vun der Kandidatin
Entgéint zu de Behaaptunge vun der Madamm Pécresse bezitt sech dës kolossal Zuel also net op de Chiffer vun de Migranten, déi am Joer 2021 ouni Autorisatioun an de Schengenraum agereest wären.
No den offiziellen Donnéeë vun der Agence Frontex ass d'Zuel vun den "illegale Grenziwwertrëtter" am Joer 2021 ëm e gutt Stéck zeréckgaangen a beleeft sech op bal 200.000, e klengen Deel dovun am zentrale Mëttelmier.

Capture d'écran du site de Frontex.
Matte wärend der Campagne fir d'Presidentschaftswalen huet de Staatssekretär fir Europa op Twitter Spunnes mat der Behaaptung vun der Madamm Pécresse gedriwwen.
"40 Millioune Migrante kommen all Joer a Schengen eran ... d'Valérie Pécresse verwiesselt d'Migrante mat der Gesamtzuel vun den Areesende mat engem Visa (virun allem Milliounen Touristen), a mir sinn nach wäit fort dovun... Et gëtt eescht", huet hien op Twitter geschriwwen.
Nodeems AFP d'Ekipp vun der Madamm Pécresse kontaktéiert gouf, huet si zouginn, dass d'Sprooch vun der Kandidatin "gëfteg" gewiescht wär, huet de Clément Beaune awer opgefuerdert ze "äntweren", a wat fir engem Land déi 39 Milliounen Iwwerpréiwungen an dësem Fichier net duerchgeféiert gi wieren an ob Frankräich betraff wier.
Dës Informatioun ass awer net fir d'Ëffentlechkeet accessibel: Der Agence Frontex, wéi och der Kommissioun no ass de Rapport, an deem déi berüchtegt Zuel vun 39 Millioune genannt gëtt, als confidentiel klasséiert.
