A verschiddene Blogge geet dovu rieds, dass d'Medikament Ivermectin géint Covid-19 hëllefe kéint, dat hätt eng japanesch Etüd bewisen. Deem ass net esou.

Honnerte Notzerinnen an Notzer hunn d'Blog-Artikelen iwwer déi supposéiert Wierksamkeet vun Ivermectin op Facebook gedeelt (hei, hei, hei). Och op Telegram hunn Zéngdausenden d'Annonce gesinn (hei, hei). Et sinn Texter vun der FPÖ-noer éisträichescher Säit "Wochenblick" a vum Blog "TKP" verlinkt.

Déi ierféierend Behaaptung: An de Blog-Artikelen heescht et, d'Medikament Ivermectin kéint bal als "neit Therapeutikum bei enger Infektioun mam neie Coronavirus op de Maart kommen". Déi japanesch Pharmaentreprise Kowa hätt déi antiviral Wierkung vun Ivermectin géint d'Omikron-Variant, wéi och géint d'Alpha-, Beta-, Gamma- an Deltasträng vum Coronavirus an enger klinescher Phas-III-Etüd nogewisen. Dat hätt och d'Noriichtenagence Reuters gemellt.

RTL

Facebook-Screenshot der Falschbehauptung: 02.02.2022

Annoncë vun engem Traitement géint de Coronavirus mam Ivermectin huet d'AFP schonn e puer Mol gepréift (hei, hei, hei). Och d'Applikatioun vum Medikament a Japan war scho Sujet vun engem Faktencheck. Ivermectin gëtt an der Reegel fir den Traitement vu parasitäre Wierm oder bei Erkrankunge wéi Kapplais an der Hautkränkt Rosazea verschriwwen.

Vu wou staamt d'Annonce?

Déi Blog-Artikelen, déi aktuell am Ëmlaf sinn, bezéie sech op eng archivéiert nach opruffbar Annonce vun der Noriichtenagence Reuters vum 31. Januar 2022, déi mëttlerweil korrigéiert gouf. Dora gouf ursprénglech gesot, déi japanesch Pharmaentreprise Kowa hätt d'Wierksamkeet vun Ivermectin géint d'Omikron-Variant vum Coronavirus an enger Phas-III-Etüd nogewisen. Reuters hat fir d'éischt gemellt:

"Déi japanesch Distributiouns- a Pharmaentreprise Kowa Co Ltd huet e Méindeg matgedeelt, dass sech dat Antiparasitemëttel Ivermectin an enger Phase-III-Etüd als wierksam fir den Traitement vun der Omikron-Variant vu Covid-19 erwisen huet. D'Etüd huet erginn, dass Ivermectin 'eng antiviral Wierkung' géint d'Variant huet, sot Kowa, ouni weider Detailer ze nennen."

Klinesch Etüden zu Medikamenter ginn dem däitsche Bundesministerium für Bildung und Forschung (BMBF) no a véier Phasen agedeelt a solle Resultater iwwer Toleranz, Sécherheet a Wierksamkeet vun de Medikamenter liwweren. An der éischter Phas testen d'Fuerscher un enger klenger Zuel vu Fräiwëllegen d'Toleranz, an der zweeter ginn un enger klenger Grupp Examen zu der Wierksamkeet gemaach. Phas-III-Etüde sinn dem BMBF no grouss ugeluechten Etüden. "An den allermeeschte Fäll sinn et Vergläichsetuden. Dobäi gi Patientinnen a Patienten, déi den ze examinéierenden Traitement erhalen, mat enger Kontrollgrupp verglach, déi en aneren Traitement kritt.", schreift d'BMBF. Ass d'Medikament schonn um Maart, kënnen a Phas-IV-Etüde bestëmmte Qualitéite vu schonn zougeloossene Medikamenter geziilt ënnersicht ginn.

Dës Medikamenter si sougenannt klinesch Etüden um Mënsch. Manipulatiounen, déi am Reagenzglas duerchgeféiert ginn, nennt een In-Vitro-Etüden.

Wat huet d'Pharmaentreprise matgedeelt?

Effektiv huet Kowa den 31. Januar 2022 e Pressecommuniqué iwwer d'Wierksamkeet vun Ivermectin verëffentlecht. Déi Behaaptungen, déi an de Blog-Artikele diffuséiert ginn, stinn awer net do dran.

An der Matdeelung heescht et, bei der Applikatioun vun Ivermectin wär eng "antiviral Wierkung" géint d'Omikron-Variant festgestallt ginn. Allerdéngs war dëst weder bei Etüden um Mënsch, nach wärend enger leschter klinescher Phas-III-Etüd geschitt.

Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vu Kowa de 4. Februar bestätegt, dass d'Resultater aus enger net-klinescher Etüd stamen, an huet betount, dass dëst bedeite géif, dass et sech ëm eng Etüd am Labo an net u mënschleche Patienten handele géif.

Och d'Noriichtenagence Reuters huet hir Meldung nach den 31. Januar korrigéiert an ergänzt, dass et sech bei der Matdeelung vu Kowa ëm "net-klinesch" Fuerschung gehandelt hätt. Den Titel vun der Meldung gouf deementspriechend geännert. Am Text heescht et elo och: "An der ursprénglecher Reuters-Meldung gouf fälschlecherweis behaapt, dass Ivermectin a klineschen Etüde vun der Phas III, déi um Mënsch duerchgeféiert ginn, géint Omikron 'wierksam' war."

RTL

Screenshot der Reuters-Meldung: 01.02.2022

D'Agence huet och iwwer Twitter op d'Korrektur higewisen an huet op eng Alerte vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zur Applikatioun vun Ivermectin verwisen.

Nieft der ernimmter Etüd féiert d'Entreprise Kowa tatsächlech eng klinesch Phas-III-Etüd (K-237) duerch, déi och am Pressecommuniqué vum 31. Januar 2022 erwäänt gëtt. Mat Hëllef vun der Etüd soll d'Wierksamkeet vun Ivermectin géint Covid-19 bei mënschleche Patientinnen a Patiente getest ginn. Dës klinesch Etüd soll den 31. Mäerz 2022 ofgeschloss ginn.

Wierksamkeet vun Ivermectin um Mënsch net nogewisen

Schonn zënter dem Ufank vun der Pandemie ginn Etüde gemaach, fir erauszefannen, ob Ivermectin och bei der Bekämpfung vu Covid-19 hëllefe kéint. D'Medikament huet schonn an der Vergaangenheet gewisen, dass et d'Multiplikatioun vu bestëmmte Viren, zum Beispill bei Gielféiwer, begrenze kann.

D'Wierksamkeet vun Ivermectin géint de Sars-CoV-2-Virus gouf zwar an enger Etüd in vitro (am Labo) festgestallt, d'Wierksamkeet beim Mënsch ass awer bis elo net beluecht, well et net genuch staark wëssenschaftlech Beweiser gëtt.

De Bernard Bégaud, Responsable vun der Pharmakoepidemiologie um franséische Fuerschungsinstitut INSERM huet der AFP géintiwwer schonn am August 2021 erkläert: "Bei In-Vitro-Etüden, déi net emol un Déieren, mä an Zäitkulturen duerchgeféiert ginn, muss een immens virsiichteg sinn." Dacks wär déi Wierkung, déi duerch bestëmmt Konzentratiounen am Labo erreecht gëtt, villverspriechend erschéngt, beim Mënsch net ouni Toxicitéit erreechbar.

Op eng änlech Manéier weist och Reuters an der elo korrigéierter Versioun vun der Annonce zu Ivermectin hin:

"Vill potenziell Covid-19-Therapien, déi sech am Reagenzglas als villverspriechend erwisen hunn, dorënner och dat vum eemolegen US-President Donald Trump favoriséiert Malariamëttel Hydroxychloroquin, hu sech a klineschen Etüde fir Covid-19-Patienten a leschter Instanz als ouni Notzen erwisen."

Och déi franséisch Société de Pharmacologie et de Thérapeutique (SFPT) huet op hirer Internetsäit zur Fuerschung un Ivermectin erkläert: "Déi grouss Majoritéit sinn entweder net vu Fachkolleege gepréifte Verëffentlechungen oder, wa se verëffentlecht ginn, Etüde mat methodesche Verzerrungen, déi d'Resultater schwéier interpretéierbar maachen a keng Conclusiounen zouloossen."

De franséische Fuerschungszenter Institut Pasteur huet der AFP géintiwwer am August 2021 erkläert, fir en Asaz vun Ivermectin am Verlaf vun der Pandemie wär et "onerlässlech, dass klinesch Manipulatiounen um Mënsch gemaach ginn", fir d'Auswierkunge vum Medikament besser ze verstoen. Virdru konnt den Institut Pasteur an Tester un infizéierten Hamsteren feststellen, datt Ivermectin géint bestëmmt Symptomer vu Covid-19 géif wierken.

Ivermectin gëtt net fir den Traitement vu Covid-19 recommandéiert

De Robert-Koch-Institut, dat den Infektiounsverlaf an Däitschland iwwerwaacht, huet deslescht de 7. Januar 2022 eng Bewäertung vu medikamentéisen Therapië vu Covid-19 duerch eng Fachgrupp vum Institut aktualiséiere gelooss.

Doran heescht et, fir Ivermectin géif et keng Zouloossung fir en Traitement vu Covid-19 ginn. Grond dofir wären déi bis elo onzouräichend Etüden. Den Asaz wär just am Kader vu kontrolléierte klineschen Etüde virgesinn. Bei enger onkontrolléierter Uwendung géif de Risiko vu enger schwéierer Toxicitéit bestoen.

A Frankräich kënnt den Haut Conseil de la santé publique zu enger änlecher Aschätzung. Deemno wär den Traitement mat Ivermectin bausse vu klineschen Etüden net ze recommandéieren. Dat éisträichescht Bundesamt für Sicherheit im Gesundheitswesen (BASG) huet am Mäerz 2021, mat Ausname vu klineschen Etüden, och vun engem Traitement ofgeroden.

Déi Europäesch Medikamentenagence (EMA) huet am Mäerz 2021 an enger Annonce vun Ivermectin zur Preventioun oder zum Traitement vu Covid-19 bausse vu kontrolléierte klineschen Etüden ofgeroden. D'Agence ass zum Schluss komm, dass déi "disponibel Donnéeën d'Applikatioun vun Ivermectin bei Covid-19 bausse vu klineschen Etüden net sëtzen." A Laboetüde wär zwar festgestallt ginn, dass Ivermectin d'Reproduktioun vum Coronavirus blockéiere kéint, "allerdéngs bei wesentlech méi héijen Ivermectin-Konzentratioune wéi déijéineg, déi mat den aktuell zougeloossenen Dosissen erreecht ginn."

Och an den USA warnt d'Medikamentenagence FDA op enger spezieller Websäit virun der Applikatioun vum Medikament géint Covid-19 an erkläert, "d'Anhuele vu méi héijen Dosisse vun dësem Medikament" kéint geféierlech sinn an zu schwéiere Schied féieren.

An Éisträich huet sech de Produzent vun Ivermectin am November 2021 an engem Pressecommuniqué souguer selwer géint d'Applikatioun ausgeschwat: "Et gëtt keng fondéiert Evidenz fir déi klinesch Effikassitéit géint Sars-CoV-2."

Fazit: Déi japanesch Pharmaentreprise Kowa huet net mat enger Phas-III-Etüd d'Wierksamkeet vun Ivermectin géint d'Omikron-Variant vum Coronavirus beluecht. D'Entreprise huet just seng Reussitte bei der Virereduktioun am Reagenzglas matgedeelt. Den RKI wéi och aner zuelräich Agencë rode weiderhin dovun of, dëst Medikament abseits vu klinesche Studien ze notzen. Deem seng Wierksamkeet géint de Coronavirus ass bei Mënschen net bewisen.