Behaaptungen iwwer Covid-Erkrankung duerch Loftverschmotzung si falsch

An engem Video aus Indonesien gëtt behaapt, dass Covid-19 duerch eng schlecht Loftqualitéit verursaacht ka ginn. D'AFP huet dat iwwerpréift.
De Video gouf de 6. Februar 2022 op Facebook gepost.
D'Filmmaterial, dat méi wéi 18.000 Mol gekuckt gouf, weist den indoneesesche Podcaster Ali Ridho Assegaf, am Volleksmond als Babeh Aldo bekannt, deen zu Jakarta Anti-Impfstoff-Manifestatiounen inszenéiert huet.
Déi indoneesesch Iwwerschrëft vum Bäitrag ass: "Loftverschmotzung klëmmt abrupt, mécht vill Mënsche krank - Babeh Aldo."

Screenshot of the misleading post, taken on February 11, 2022
An dësem Video seet de Babeh Aldo: "Mir huelen un, dass et sech bei dëser Pandemie ëm eng Loftverschmotzungspandemie handelt. Wéi d'Regierung gesot huet, et géif eng Omikron-Well ginn, hu mir dat ënnersicht an erausfonnt, dass de Loftverschmotzungspegel geklommen ass. Dir gesitt also, dass Mënschen a ville grousse Stied op eemol krank ginn."
D'Zuel u Covid-19-Fäll an Indonesien ass an de leschte Woche geklommen, well et am Land ëmmer méi Fäll mat der Omikron-Variant ginn.
Den Taux vun engem toxesche Loftschuedstoff, vum Feinstaub PM2,5, erreecht an Indonesien dacks eng ongesond Konzentratioun, virun allem a Grousstied. Zu Jakarta hunn Awunner verschidde Regierungsfonctionnairen erfollegräich wéinst hirer Ontätegkeet géint dës héich Konzentratioun verklot.
De selwechte Video gouf méi wéi 423.000 Mol gekuckt, nodeems en och op Facebook, YouTube, TikTok (hei an hei) an op Twitter gepost gouf.
Dës Behaaptung ass awer falsch.
Et besteet e Konsens doriwwer, dass Covid-19 eng Kränkt ass, déi duerch de SARS-CoV-2-Virus provozéiert gëtt.
Experten hunn dës Behaaptung, d'Pandemie wär op d'Loftverschmotzung zeréckzeféieren, widderluecht.
"D'WHO a vill aner Fuerschungsetüden hunn eendeiteg nogewisen, dass Covid-19 duerch de SARS-CoV-2-Virus ausgeléist gëtt", sot den Teerachai Amnuaylojaroen, Assistenzprofesser un der School of Energy and Environment op der Universitéit vu Phayao an Nord-Thailand.
Allerdéngs gouf an enger vum Teerachai matverfaassten Etüd nogewisen, dass Schuedstoffer an der Loft de Stierflechkeetstaux vu Covid-19 a verschiddene Länner erhéicht.
Krankheeten, déi duerch Loftverschmotzung, Wieder a Chemikalie provozéiert ginn, wären net ustiechend, sot den Hermawan Saputra, Expert vun der indoneesescher Public Health Association.
Den Donnéeë vun der WHO vum 14. Februar 2022 no huet Covid-19 weltwäit méi wéi 410 Millioune Mënschen infizéiert a méi wéi 5,8 Milliounen Doudesfäll provozéiert.
Bis haut goufen an Indonesien méi wéi 4,8 Millioune confirméiert Infektiounen an iwwer 145.000 Doudesfäll registréiert.
