An de sozialen Netzwierker ass dovu rieds, dass d'Fräiheetskonvoien a Kanada Ënnerstëtzung vun de First Nations kréien. Deem ass net esou.

D'Beweegung vum sougenannten "Fräiheetskonvoi", déi Enn Januar zu Ottawa (Kanada) aus Protest géint déi sanitär Mesuren an d'Zwangsimpfung ugefaangen huet, huet änlech Beweegungen a verschiddenen europäesche Länner, dorënner Frankräich an d'Belsch, ausgeléist. Op Facebook soll eng Foto, déi zënter dem 4. Februar 2022 am Ganze 1.400 Mol gedeelt gouf, weisen, dass "déi wierklech Landbesëtzer an den USA" "als Ënnerstëtzung fir Camionneure vun der Fräiheet" op d'Strooss ginn.

RTL

Capture d'écran réalisée le 14/02/2022 sur Facebook

An de Kommentaren hannerfroe verschidden Internetnotzer den Ursprong vun der Foto a soen, et "geséich al aus" oder "op d'mannst aus den 1950er Joren." Ee vun hinnen erwäänt de Calgary Stampede, e Festival, deen all Joer organiséiert gëtt, fir déi indigen Kultur ze presentéieren.

RTL
RTL

Captures d'écran réalisées le 14/02/2022 sur Facebook

Eng ëmgedréint Recherche vum Bild huet erlaabt, e Link op d'Websäit vum Archiv vun der kanadescher Regierung ze fannen, wéi och e weidere Link op eng Pinterest-Websäit, déi op eng offiziell Internetsäit verweist, déi net méi funktionéiert.

Wann een awer d'Schlësselwierder an den URL vun der defekter Säit bei Google agëtt, fënnt een eng nei Internetsäit um Site vun der kanadescher Regierung an déi gesichte Foto mat dësem Titel: "Parad wärend den indianesche Festdeeg zu Banff [De Mann, deen d'Parad leet, gouf als Chef Walking Buffalo oder Tatânga Mâni, oder George McLean, Chef vun de First Nations Stoney Nakoda aus der Géigend vu Morley (Alberta), identifizéiert]".

D'Foto ass op Juli 1960 datéiert.

RTL

Capture d'écran réalisée sur le site du gouvernement canadien le 14/02/2022

Op hirem Site erkläert déi kanadesch Enzyklopedie, dass de Walking Buffalo, oder Tatanga Mani, 1870 gebuer gouf an 1967 zu Banff, Alberta, am Südweste vu Kanada, gestuerwen ass. Den indigene Leader war Chef vun de First Nations (e Begrëff, dee benotzt gëtt, fir déi indigen Vëlker vu Kanada ze bezeechnen) vu Bearspaw, Alberta. "De Walking Buffalo bedeelegt sech aktiv un den indianeschen Deeg zu Banff an un der Calgary Stampede, wou hien houfereg d'Stoney-Nakoda-Kultur presentéiert", schreift den Auteur vum Artikel an der Enzyklopedie.

Déi indianesch Deeg vu Banff ginn ë.a. an dësem 2015 publizéierte Fuerschungspabeier beschriwwen. Den Auteur weist drop hin, dass dëse Festival, deen tëscht 1910 an 1972 all Joer stattfonnt huet, deen "déi deemoleg existéierend an exotesch wierkend Biller vun de lokalen indigeee Vëlker verstäerkt an zur Entstehung vun der "Indigenitéit" bäigedroen huet. Bei dësem Festival konnten d'Visiteuren ë.a. "sportlech a kulturell Praktike vun de lokalen indigene Vëlker" kenneléieren.

Weider Fotoe vun dësem Festival sinn online ze fannen, zum Beispill op der Websäit vum Musée fir Sozialgeschicht zu Montreal, wou drop higedeit gëtt, dass d'Morley-Reservat an der Géigend vu Banff all Joer "eng vun de beléiftste Manifestatiounen aus der Regioun organiséiert, den Indian Day, e speziellen Dag, un deem Sportaktivitéiten, Courssen, asw. organiséiert ginn."

Keen offizielle Support fir Protester

De Mouvement vun de Konvoie géint déi sanitär Mesuren, deen Enn Januar 2022 a Kanada an d'Liewe geruff gouf, gouf vun den indigenen Organisatioune vum Land net offiziell ënnerstëtzt.

Eng vun den Haaptpersonnagë vum Mouvement, Tamara Lich, revendiquéiert Vermiechtnes vun de Métis - e kanadescht Vollek, dat souwuel vun den Europäer wéi och vun de First Nations ofstaamt.

Kanadesch Medien hunn och iwwer Referenzen op déi indigen Kultur vun diverse Participante vun de sougenannte "Fräiheetskonvoien" bericht. E puer hunn eng Kalument-Zeremonie organiséiert, anerer hunn eng zeremoniell Päif oder en Tipi benotzt. D'Benotze vun dëse Géigestänn ouni Geneemegung gouf vun indigenen Organisatioune condamnéiert.

De 7. Februar 2022 huet d'Versammlung vun de First Nations Québec-Labrador (APNQL) den "direkte Réckzuch vum Konvoi vun de Camionneuren aus dem Park vun der Confederatioun (Ottawa)" gefuerdert an déi "zeremoniell Aktivitéiten" ugeprangert, déi op engem "net-cedéierten traditionellen Territoire" duerchgefouert goufen.

D'Camionskonvoien an aner Gefierer, déi géint d'Restriktioune a Verbindung mat Covid-19 protestéieren, ware schonn e puer Mol Bestanddeel vun Iwwerpréiwungen duerch d'AFP, zum Beispill hei an hei.