Conspiratioun an Desinformatioun vum Reiner Füllmich a sengem "Volleksgeriicht"

Den däitschen Affekot Reiner Füllmich installéiert e "Volleksgeriicht" a klot international Organisatioune wéinst Verbriechen un der Mënschlechkeet un.
"Et gëtt keng [Coronavirus]-Pandemie", sot den däitschen Affekot Reiner Füllmich wärend enger knapp 20 Minutte laanger Ried virum "Volleksgeriicht fir ëffentlech Meenung". Dee Video ass zënter dem 5. Februar e puer Dausend Mol op Facebook (1, 2), Twitter (1) a VKontakte gedeelt ginn. Verschidde User behaapten, dass dës Sequenz den Ufank vun engem zweeten Nürnberger Prozess markéiert (1, 2).

Capture d'écran Facebook ( Capture d'écran Facebook / )
Den ursprénglechen op Englesch gedréite Video ass och op Portugisesch, Italieenesch a Serbesch zirkuléiert.
De Reiner Füllmich huet eng Affekotenetüd an der däitscher Stad Göttingen. Zënter 2020 féiert hien eng kollektiv Aktioun géint d'WHO an den däitsche Virolog Christian Drosten duerch, deem säi PCR-Detektiounsprotokoll fir SARS-Cov-2 wärend der Pandemie vun de Laboe weltwäit genotzt gouf. Wie sech dëser "Kollektivaktioun" uschléisse wéilt, muss dem Reiner Füllmich a senger Ekipp eng "Pauschalgebühr" vun op d'mannst 800 Euro bezuelen, heescht et op enger der Initiativ dediéierter Internetsäit.
D'AFP huet e puer Mol déi falsch Behaaptunge vum Füllmich iwwer Covid-19 wéi och déi vu senge Supporteren diffuséiert Desinformatiounen iwwerpréift (1, 2, 3, 4, 5, 6), déi versécheren, dass de "gréisste Prozess an der Geschicht" géint "Big Pharma, [d'Associatioun] vum Bill a Melinda Gates, d'WHO, déi europäesch Natiounen mat hire fräiheetsrestriktive Gesetzer" (1, 2) geféiert géif ginn. De Füllmich selwer niéiert awer d'Opmaache vun esou engem Prozess op sengem Telegram-Kont (1, 2).
D'"Volleksgeriicht fir ëffentlech Meenung", eng Initiativ ouni juristesch Basis
De 5. Februar 2022 gouf d'Websäit "Grand Jury" an d'Netz gestallt, op där de Füllmich an aner Affekoten erklären, dass si kee Geriicht fonnt hunn, fir hir Behaaptungen ze préiwen, déi beweise sollen, dass d'Pandemie d'Resultat vun engem Plang vun der "totaler Kontroll" ass, dee vun den "Eliten" inszenéiert gouf. Dowéinst schreiwe si, si hätten eng Enquête "baussent dem aktuelle System" an d'Weeër geleet an en alternative System mat der Bezeechnung "Volleksgeriicht fir déi ëffentlech Meenung" kreéiert.D'Aufgab vun dësem Geriicht géif dora bestoen, der "Jury" (déi sech aus de "Weltbierger" zesummesetzt) ze beweisen, dass d'Gesondheetskris eng "Farce" ass an drop destinéiert wär, fir en Deel vun der Bevëlkerung auszeläschen an dann de Rescht ze dominéieren. Si hoffen, dass dës Demonstratioun d'Weltbevëlkerung "encouragéiere" wäert, "strofrechtlech an zivilrechtlech Enquêtë [...] géint alleguer déi Responsabel fir déi begaangen schrecklech Doten anzeleeden".
Zu de Persounen, déi dozou agelueden hunn, géint d'WHO, Impfstoffer a Vertrieder vu Gesondheets- a politeschen Agencen auszesoen, gehéieren de Wolfgang Wodarg, de Michael Yeadon, d'Dolores Cahill an d'Shankara Chetty. Si alleguer hunn Desinformatioune propagéiert, déi vun der AFP scho wärend der gesamter Gesondheetskris iwwerpréift goufen (1, 2, 3).
An dësem viral gaange Video "Erëffnungsdeklaratioun" vum Füllmich am Kader vun dëser alternativer Prozedur ze gesinn. D'AFP huet e puer vun de Behaaptungen iwwerpréift.
"Et gëtt keng [Coronavirus]-Pandemie, just eng 'Pandemie' vu PCR-Tester": falsch
Et ass net déi éischte Kéier, dass den däitschen Affekot behaapt, dass sech déi gesamt Coronavirus-Pandemie duerch de gängege Moyen vum Depistage "erkläert": de PCR-Test.An dësem Video beschreift hien dës Technik als Deel vun enger "psychologescher Operatioun, déi entwéckelt gouf, fir en Zoustand vu permanenter Panik an der Weltpopulatioun ze schafen." Senger Meenung no ass et eng "Ligen", dass d'PCR-Tester infizéiert Persounen opspiere" kënnen: Si kënnen "eis näischt iwwer eng Infektioun soen", argumentéiert de Füllmich. Dës Behaaptunge si falsch a goufe vun der AFP e puermol verifiéiert (1, 2, 3, 4, 5).
Am Contraire zu deem, wat den däitschen Affekot behaapt, "huet d'PCR-Technik d'Molekularbiologie revolutionéiert", huet den Alvaro Fajardo, Fuerscher um Institut Pasteur an Uruguay, géintiwwer der AFP erkläert. "Se kann a verschiddene Beräicher agesat ginn: forensesch Etüden, Noweis vun der Paternitéit, Ënnersichung vu Mutatiounen, déi eng bestëmmt geneetesch Erkrankung ervirruffen, a virun allem molekular Diagnostik vun Infektiounskrankheeten. An dësem Fall huet d'Technik zwee Virdeeler: hir Specificitéit a Sensibilitéit."
Specificitéit ass d'Fäegkeet vun engem Test, e bestëmmte Virus eendeiteg ze identifizéieren an net mat engem anere Krankheetserreger ze verwiesselen. E weidere Kritär fir d'Zouverlässegkeet vun den Tester, d'Empfindlechkeet, ass d'Fäegkeet vum Test, de Virus suguer a klenge Konzentratiounen nozeweisen.
D'RT-PCR-Tester (oder "virologesch" Tester), mat deenen duerch Nuesen-, Strass- oder Spautprouwe festgestallt ka ginn, ob e Patient zum Zäitpunkt T Porteur vum Virus ass oder net, sichen no de "Regioune vum Genom, déi spezifesch fir de Virus sinn", huet de Vincent Enouf, stellvertriedenden Direkter vum Centre national de référence des virus des infections respiratoires vum Institut Pasteur, den 8. September 2020 géintiwwer der AFP erkläert. Technesch gesinn geet et drëms, d'Geenmaterial vum Virus (RNA) an DNA ëmzeschreiwen an dann an e puer Zyklen - bei ënnerschiddlechen Temperaturen - ze verstäerken, fir suguer kleng Quantitéite vum Geenmaterial nozeweisen, wéi de follgende Video weist:
Méi spéit am Video behaapt de Füllmich, dass et am Ufank vum Joer 2020 "keng Fäll" ginn huet an dass déijéineg, déi gezielt goufe falsch-positiv PCR-Testresultater waren - "falsch-positiv" (wann den Test positiv ausfält, wärend de Patient net infizéiert ass) - mam Zil, en internationale Gesondheetsnoutstand auszeruffen an d'Méiglechkeet ze notzen, "net gepréifte Medikamenter oder experimentell Injektiounen" u Mënschen ze testen.
Experten hunn an AFP-Artikele schonn erkläert, dass PCR-Tester zouverlässeg sinn a "falsch-positiv" Resultater extrem seele sinn an an der Reegel op schlecht Manipulatiounen zeréckzeféiere sinn. A Bezuch op falsch-negativ Tester (wann den Test negativ ausfält, wärend de Patient infizéiert ass) huet den argentineschen Infektiolog Omar Sued an dëser Verfikatioun erkläert, dass et "an den éischten Deeg vun der Erkrankung falsch-negativ Resultater ka ginn", well d'Tester eng minimal Quantitéit u Vire brauchen, fir se ze erkennen.
Covid-19 ass net méi geféierlech wéi eng saisonal Gripp: falsch
"De Virus ass net méi geféierlech wéi eng saisonal Gripp", seet de Reiner Füllmich a senger Introductioun. Eng Iddi, déi am Verlaf vun der Pandemie kurséiert ass an där d'AFP scho widdersprach huet (1, 2, 3).Covid-19 an d'Gripp sinn ustiechend Otemweeerkrankungen, déi duerch Vire provozéiert ginn, déi "zwee ganz ënnerschiddlech Virusfamilljen ugehéieren", huet de Professer fir Virologie Vincent Maréchal an dëser Verifikatioun erkläert. Si hunn e puer gemeinsam Symptomer a ginn op déi selwecht Aart iwwerdroen. Allerdéngs besti bedeitend Ënnerscheeder, besonnesch a Bezuch op Inzidenz, Mortalitéit an Traitementsméiglechkeeten.
De publizéierten Donnéeë vun der WHO no schwéngt d'Zuel vun Doudesfäll duerch d'Gripp weltwäit pro Joer tëscht 290.000 a 650.000. Am Verglach dozou huet d'Covid-19-Pandemie zënter Enn Dezember 2019 weltwäit méi wéi 5,8 Milliounen Doudesaffer gefuerdert, wéi d'AFP de 15. Februar festgestallt huet.
"Et geet net drëms, d'Gefor vun der Gripp erofzespillen, well bei de Risikopatienten ass se eng eescht ze huelend Kränkt, awer e pandeemesche Virus wéi Covid-19 mat enger saisonaler Grippenepidemie ze vergläichen, mécht wéineg Sënn", huet d'Sibylle Bernard-Stoecklin, Epidemiologin vun Health Public France, am selwechten Artikel erkläert.
"Covid-19 provozéiert eng vill méi héich virzäiteg Stierflechkeet wéi eng saisonal Gripp, den Taux vun der Mortalitéit ënner 75 Joer ass bei wäitem net ze vernoléissegen, an och ënner 65 Joer", sot d'Expertin weider. Eng weider Specificitéit ass, dass "de Grippevirus vill manner ustiechend ass."
Finalement "brauch et Méint, fir sech vun engem Openthalt op enger Reanimatiounsstatioun ze erhuelen, vill méi wéi den Openthalt dauert" an "eng Rei vu Patiente mat Covid hunn nach Méint no der akuter Erkrankung Symptomer", huet d'Dominique Costagliola, Member vun der Académie des sciences bemierkt.
"D'Krankheet ass vill méi eescht wéi eng Gripp, et ass keng 'Gripp', wéi een ursprénglech gesot huet. Dat ass keng Hypothes: dat hu mir an der Reanimatioun festgestallt", huet de Frédéric Altare vum Inserm fir d'AFP zesummegefaasst.
D'Fuerscherin Maria Victoria Sanchez vum Institut fir Medizinn an experimentell Biologie zu Cuyo (Argentinien) huet dobäigefüügt: "Mir hunn de Vaccin fir d'Gripp zënter den 1940er Joren a mir hunn och Mëttel, fir se ze verhënneren an ze behandelen. Wéinst de Precautiounen an Traitementer stierwen d'Mënschen net méi wéi an de leschte Joerzéngten un der Gripp."
"Covid-19 ass eng nei Kränkt a si ass méi eescht, well mir ëmmer nach kee wierksamen Traitement hunn a mir ëmmer nach d'Infektiounsverhalen an déi méiglech Nowierkungen ënnersichen, déi mir bei geheelte Patienten observéiere kënnen", huet si gesot.
A senger Introduktiounsried huet de Reiner Füllmich vun engem "Stierflechkeetstaux bei dëser Infektioun [Covid-19] tëscht 0,14 an 0,15 % oder dorënner" geschwat. Awer dat ass net wouer. De Mortalitéitstaux ass vu Land zu Land ënnerschiddlech a läit no den Donnéeë vun der Johns Hopkins University an de meeschte Länner tëscht 0,5 a 5 %.
Covid-19 kann duerch Vitaminn C an D, Zénk, Ivermectin an Hydrocychloroquin geheelt ginn: falsch
Den däitschen Affekot behaapt, dass de Coronavirus "mat Vitaminn C, D, Zénk asw. wéi och Ivermectin, Hydroxychloroquin asw. sécher a wierksam behandelt ka ginn, sou Traitementer awer verbuede sinn." Dës Iddi ass zënter 2020 am Ëmlaf, gouf awer vun der AFP widderluecht: Obwuel dës Traitementer zënter dem Ufank vun der Pandemie ënnersicht ginn, gëtt et bis haut keen zouverlässege wëssenschaftleche Beweis fir hier Wierksamkeet géint de Coronavirus.
Éischtens stäerken d'Vitaminnen den Immunsystem, awer et gëtt keng Preuven dofir, dass se d'Iwwerdroung vu Covid-19 verhënneren oder en heele kënnen, wéi an dësem Artikel erkläert.
Wärend d'Gesondheetsagencen der Bevëlkerung recommandéieren, eng ausräichend Vitaminnversuergung sécherzestellen, kënnt de belsche Conseil Supérieur de la Santé a sengem Avis vum 28. Januar 2021 zum Schluss, dass "de Gebrauch vun héije Quantitéite Vitaminn D zu therapeuteschen Zwecker bei Covid-19-Patienten an zur Precautioun géint schwéier Verleef vun der Krankheet aktuell net recommandéiert ka ginn. Se ergëtt sech eventuell aus de klineschen Etüden a kann déi aktuell genotzten Traitementer net ersetzen."
Wat d'Consommatioun vu Vitaminn C betrëfft, sou heescht et an der Rubrik "en finir avec les idées reçues" vun der WHO, dass "géigewäerteg keng Leitlinne fir d'Benotze vu Mikronärstoffzousätz fir den Traitement vu Covid-19 virleien."
Wa "Vitaminn C an D den Immunsystem stimuléieren" a wann "Hydratatioun en optimale Stoffwiessel erméiglecht", verhënnert dat keng Infektioun mam Virus, deen "iwwer Otemweeër, iwwer d'Hänn oder d'Nues iwwerdroe gëtt", insistéiert de belschen Epidemiolog Yves Coppieters an engem viregte Faktencheck.
Zénk, e Spurenelement, dat a moerem Fleesch, Mieresfriichten an Eeër virkënnt an eng wichteg Roll bei der Reguléierung vum Immunsystem spillt, wéi et um Site vun der Fondation pour le cancer an der Belsch heescht, verbessert d'Immunitéit, gëtt awer net fir den Traitement vu Covid-19 recommandéiert.
"Zénk ass e gëftegt Metall, an obwuel et verschidde viral Enzymeer hemmt, gëtt déi erfuerderlech Quantitéit (fir d'Precautioun oder fir den Traitement vu Covid-19, Um. v.d. Red.) am Kierper net toleréiert", huet den Ian Jones, Professer fir Virologie un der Universitéit Reading, an England, an engem fréieren Artikel erkläert.
Ivermectin ass e Medikament fir Déieren an de Mënsch, dat géint Parasitte wéi Krätz, Onchozerkos a Lais agesat gëtt. Dëse käschtegënschtegen Traitement mat geréngen Niewewierkunge gëtt a Gebidder op der Welt agesat, wou Parasitte sech breet maachen.
Obwuel aktuell klinesch Etüden duerchgefouert ginn, fir d'Wierksamkeet vun Ivermectin bei richtege Patienten ze testen, ass seng Wierkung fir d'Precautioun oder d'Heelung vu Covid-19 bis elo net erwisen, hunn divers Experten an Institutiounen fir dëse Faktencheck erkläert.
"Déi meescht kierzlech verëffentlecht klinesch Etüden zu dësem Theema sinn net schlësseg", stellt déi franséisch Société de pharmacologie et de thérapeutique (SFPT) fest. "Bei deene meeschten handelt et sech entweder ëm Prepublikatiounen, déi net vu Fachkolleege validéiert goufen, oder, wa se verëffentlecht ginn, ëm Etüde mat methodesche Feeler, déi eng Interpretatioun vun de Resultater méi schwéier maachen a keng Konklusiounen zouloossen."
Fir de Gebrauch vun Ivermectin "alleng oder a Kombinatioun mat anere Molekülen" a Relatioun mat der Gesondheetskris a Betruecht ze zéien, wär et "essentiell, dass klinesch Versich um Mënsch duerchgefouert ginn", fir "d'Auswierkunge vun Ivermectin op déi klinesch Presentatioun, d'Viruslaascht an d'Entzündung besser ze verstoen", huet den Institut Pasteur am August 2021 der AFP géintiwwer erkläert, nodeems observéiert gouf, dass den Antiparasitär bestëmmte Symptomer vu Covid bei infizéierten Hamsteren ofschwäche kéint.
Wat Hydroxychloroquin betrëfft, koume randomniséiert Etüden (déi als zouverlässegst Method fir d'Préiwung vun engem Traitement betruechten Traitementsmethod mat engem Traitementsgrupp an enger Kontrollgrupp mat Placebo) wéi déi brittesch Recovery-Etüd, déi franséisch Hycovid-Etüd oder d'Solidarity-Etüd vun der WHO zum Schluss, dass Hydroxychloroquin net wierksam géint Covid-19 ass.
D'Vaccinë sinn net effikass, geféierlech a veränneren d'DNA: falsch
An deem Video beschreift de Füllmich d'Impfstoffer als "experimentell Injektiounen" a behaapt, se wären net noutwenneg, fir SARS-CoV-2 ze bekämpfen. Hie weist ë.a. drop hin, dass déi weltwäit Impfkampagnen eng "Bevëlkerungskontroll" erméigleche sollen an zu engem "massive Réckgank vun der Populatioun" féiere wäerten.D'AFP huet dës Behaaptunge schonn e puermol iwwerpréift (1, 2, 3, 4, 5).
Besonnesch d'Covid-Impfstoffer hu sech als wierksam erwisen, fir d'Entwécklung vu schwéiere ze verhënneren.
"Mir däerfen net vergiessen, dass suguer wa mir op Infektioune stoussen, et haut drop ukënnt, viru schwéiere Forme protegéiert ze sinn, an dat ass et, wat Anti-Covid-Impfstoffer haut wierksam maachen, suguer géint Omikron", huet d'Judith Mueller, Epidemiologin a Professesch un der EHESP (Ecole des hautes études en santé publique), Ufank Januar erkläert.
Dëst ass och eng Konklusioun, déi de statistesche Service vum franséische Gesondheetsministär (Drees) an enger publizéierter Nott vum 14. Januar zitt. Doran heescht et, dass "den Impfschutz géint méi schwéier Forme vun der Omikron-Variant weiderhin héich ass, och wann e méi niddereg ass wéi géint d'Delta-Variant."
No enger am November 2021 publizéierter Etüd vum Europäeschen Zenter fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten (ECDC) hu Covid-19-Impfstoffer tëscht Dezember 2020 an November 2021 schätzungsweis knapp enger hallwer Millioun Mënschen iwwer 60 Joer d'Liewe gerett. Eng weider Etüd vun der amerikanescher Gesondheetsagence CDC, déi am September 2021 erauskoum, ergëtt, dass Persounen ouni vollstänneg Impfscheemaen en 10-mol méi héije Risiko haten u Covid-19 ze stierwen, wéi Persounen, déi hier Impfscheemaen ofgeschloss haten.
Doriwwer eraus weisen d'Lännerstatistike vum Portal Our World in Data, dass de Mortalitéitstaux bei Geimpften däitlech méi niddereg ass wéi bei Netgeimpften.
Eng aner Thees vum Reiner Füllmich: mRNA-Impfstoffer wéi déi vu Pfizer oder Moderna géifen "[d'DNA] manipuléieren." Dat stëmmt net: Dës Impfstoffer hunn net d'Fäegkeet, de Genomkär ze beaflossen, wéi d'AFP méi wéi eng Kéier nogewisen huet (1, 2, 3, 4).
Doriwwer eraus gouf d'Sécherheet vun den Impfstoffer nogewisen, wéi d'AFP schonn a fréiere Faktenchecks erkläert huet (1, 2, 3). D'EMA ënnersträicht och, das Covid-19-Impfstoffer an Europa just zougelooss däerfe ginn, wa se "all déi an der europäescher pharmacologescher Legislatioun festgeluechte Qualitéits-, Sécherheets- a Wierksamkeetstandarden erfëllen."
D'mRNA-Impfstoffer vu Pfizer a Moderna goufe mat engem erhéichte Risiko vun enger Myokarditis, enger Entzündug vum Häerzmuskel, besonnesch bei jonke männleche Jugendlechen, a Verbindung bruecht. Dës Fäll an onerwënschten Niewewierkunge vun Impfstoffer sinn awer nach ëmmer seelen. Den Notze vun der Impfung iwwerweit weiderhin de Risiko, besonnesch bei de 50 bis 74-Järegen a bei den iwwwer 75-Järegen "hunn déi Geimpft en 9-mol manner grousse Risiko, an d'Klinick ageliwwert ze ginn oder u Covid-19 ze stierwen, wéi net geimpfte Persounen." E Beweis fir "de groussen Impakt vun der Impfung", behält déi franséisch Agence nationale de sécurité du médicament et des produits de santé zeréck.
De Reiner Füllmich weist op e weideren Indicateur hin: d'Iwwerstierflechkeet. Un dësem Indicateur kann een d'Zuel vun den Doudesfäll wärend der Pandemie am Vergläich zu den Doudesfäll fir eng konkreet Regioun a fir d'Doudesfäll, déi fir e bestëmmten Zäitraum erwaart ginn, estiméieren. "Et gouf néierens eng Iwwerstierflechkeet, bis déi experimentell Injektiounen ugefaang hunn", argumentéiert de Reiner Füllmich.
Mee dat stëmmt net: Alleng Enn 2020, bal ee Joer no den éischte SARS-CoV-2-Infektiounen an zum Zäitpunkt, wéi déi éischt Impfkampagnen ugefaang hunn, huet d'Iwwerstierflechkeeet weltwäit zougeholl an huet a Frankräich 21 % an an den USA suguer 33 % erreecht.
Iwwer d'Definitioun vun der Pandemie
Den Affekot behaapt, dass d'"Schwéngsgripp"-Epidemie (oder H1N1-Gripp) vun 2009 "vun enger Grupp vu superräiche Soziopathen a Psychopathen" inszenéiert gouf, déi d'Definitioun vun enger Pandemie verännert hätten, fir H1N1 als esou eng ze bezeechnen an "d'Mënsche vun hire fraudiléisen Aktiounen ofzelenken."
D'WHO definéiert eng Pandemie no dem 2017 publizéierte "Guide de l’OMS pour prise de décisions éclairées et harmonisation, à l’échelle nationale et internationale, de la préparation et la réponse en cas de grippe pandémique" als "global Ausbreedung" vun enger Krankheet. Bei dësem Guide handelt et sech ëm eng Aktualiséierung vun zwee fréieren Dokumenter aus de Joren 2005 an 2009, an deenen eng Rei vu Phase beschriwwen a kategoriséiert ginn, déi den Agencen als Orientéierungshëllef fir Mesuren am Fall vun enger Pandemie dénge sollen.
D'Ännerunge vun 2009, op déi de Füllmich Bezuch hëlt, concernéieren dës Sätz.
An der Phas 5 verleeft d'Propagatioun vum Virus vu Mënsch zu Mënsch an op d'mannst zwee Länner vun enger Regioun. Dann ass d'Pandemie imminent.
Phas 6 entsprécht der Pandemie an ass duerch Ausbréch vun der Krankheet op gemeinschaftlechem Niveau an op d'mannst engem Land vun enger Regioun (dorënner déi sechs vun der Organisatioun ofgegrenzt Regiounen), déi net an der viregter Phas festgestallt goufen.
Eng Ännerung ass duerchaus ubreucht: Am viregten Dokument aus dem Joer 2005 gouf den Ufank vun enger Pandemie mam Iwwergang op Phas 6 gläichgesat, awer als Existenz vun enger "erhéichter an konstanter Transmissioun an der Allgemengbevëlkerung" an "e puer Länner" (d'H1N1-Gripp wéi och Covid-19 hu sech op alleguer de Kontinenter ausgebreet).
Mä am Géigesaz zum Füllmich senge Behaaptunge wär Covid-19 scho virun den 2009 iwwerschafften Definitiounen als Pandemie bezeechent ginn.
E "grousse Komplott" vun de Mächtegen?
Dem Füllmich no ass d'Pandemie eng Fassad, déi vum Weltwirtschaftsforum benotzt gëtt, fir Demokratien a Kleng- a Mëttelstandsbetriber op der Welt ze zerstéieren an eng eenzeg Regierung mat enger gemeinsamer Wärung an engem digitale Pass ze erriichten, "deen all eis Beweegunge kontrolléiert."Dës Ziler wären an der Initiativ "The Great Reset", enger Rei vu Propose fir den Neesopbau vun der Weltwirtschaft no der Gesondheetskris, kloer duergeluecht.
Mee näischt vun deem, wat de Füllmich virausseet, fënnt sech an den Ziler vun der Initiativ erëm, déi par conter dozou oprifft, d'Nohaltegkeetsziler vun de Vereenten Natiounen, déi sougenannt Agenda 2030, ze erreechen.
D'AFP huet an der Vergaangenheet verschidde Conspiratiounen ronderëm de "Great Reset" an d'UNO iwwerpréift (1, 2, 3).
De Füllmich behaapt och, dass d'Operatioun "Dark Winter" am Joer 2001, e Rapport vun der Rockefeller Foundation am Joer 2010 an d'Evenement 201 am Joer 2019 de Wee fir eng "falsch Pandemie" preparéiert hätten.
Dës dräi Saachen hunn aus Projektiounen a Spekulatiounen iwwer zukünfteg Szenarie bestanen, vun enger Pandemie iwwer eng biologesch Attack mam Poukevirus bis hin zu Hackerattacken. Dobäi handelt et sech awer net ëm Prognosen, mee ëm Simulatioune fir d'Verbesserung vum Versteesdemech fir Menacen a potenziell Probleemer, wéi och zur Evaluatioun vun den disponible Ressourcen an zur Entwécklung vu Léisungen.
