Zënter Mëtt Januar zirkuléiere Rumeuren op de sozial Netzwierker, dass Facebook den Impfstatus vu sengen Notzer freet. D'AFP ass där Saach nogaangen.

D'Foto gouf den 12. Januar 2022 op Twitter gedeelt.

An deem Tweet heescht et: "Facebook freet no Impf(stoff)-ID, fir sech unzemellen... Wtaf? Huet nach een dat erlieft?"

Déi begleedend Foto weist de Meta-Logo mam Text: "Bestätegt Är Identitéit. Fir sech op Ärem Facebook-Kont unzemellen, musst Dir fir d'éischt Är Identitéit confirméieren. Mellt Iech mat Ärer Impf(stoff)-ID un."

RTL

Screenshot of the misleading tweet taken on February 17, 2022

De CEO vu Facebook Mark Zuckerberg hat am Oktober 2021 annoncéiert, dass d'Mammegesellschaft vu Facebook, Instagram a WhatsApp hiren Numm a Meta ännere géif.

Eng änlech Behaaptung mécht och den Tour op Spuenesch, Portugisesch, Griichesch, Indoneesesch, Malaysesch a Rumänesch. D'Foto ass awer falsch.

Zum Zäitpunkt vun dëser Publikatioun huet den AFP-Faktencheck confirméiert, dass d'Facebook-Homepage keen Impfstatus oder soss eng Identifikatioun verlaangt, fir sech anzeloggen.

Ënne stinn d'Screenshots vun der mobiler (L) an der Desktop-Versioun (R) vun der Facebook-Startsäit:

RTL

Screenshots of the mobile (L) and desktop (R) version of the Facebook login page, taken on February 17, 2022

Als Reaktioun op den elo geläschten Tweet sot de Meta-Spriecher Andy Stone: "Dat ass falsch".

En Zitat-Tweet vun deem selwechte Kont, op deen de Stone geäntwert huet, an eng Äntwert op de geläschten Tweet deiten dorop hin, dass de Spriecher déi falsch Login-Foto kommentéiert huet.

D'AFP huet weider Faktenchecks zu Meta a Facebook duerchgefouert (hei an hei).

D'AFP schafft mat Meta a senge Sous-traitant-Programmer fir Faktenchecks a méi wéi 80 Länner an a 24 Sproochen zesummen.