Zweiwelhaft Artikelen, dass Azteeken hir Leader a Pandemiezäite geaffert hätten

Goufen a Mesoamerika a Pandemiezäite Leadere vu Communautéite geaffert, fir nees besser Zäiten ze kréien? D'AFP ass deem no gaangen.
"D'Stämm vun den alen Azteeken hunn am Fall vun enger Hongersnout oder enger Pandemie hir Leaderen de Gëtter geaffert. Ech maache keng Undeitungen, just e schéine Brauch", heescht et an der Publikatioun weider, déi iwwer 1.300 Mol op Facebook (1, 2, 3, 4) gedeelt gouf, begleet vun enger Duerstellung dovun, wat e Mënschenaffer ze si schéngt.

Capture d'écran Facebook effectuée le 25 février 2022
Duerch eng ëmgekéiert Billersich konnt d'Source vun der Illustratioun fonnt ginn: Et handelt sech ëm en Auszuch aus dem Codex Tudela, enger piktografescher Handschrëft, déi tëscht 1530 a 1554 am haitege Mexiko gemoolt gouf. Op méi wéi 100 Säite beschreift de Codex am Wesentlechen "d'azteekesch Relioun", erkläert den Amerikamusée zu Madrid op senger Homepage, wou dat Dokument conservéiert gëtt. De Musée deelt allerdéngs keng Legend zu dësem Bild mat, op deem handschrëftlech Inscriptiounen effektiv vun "Affer" ze schwätze schéngen.
Ab der Mëtt vum 14. Joerhonnert huet d'Azteekeräich déi mesoamerikanesch Regioun op der Héicht vum haitege Mexiko beherrscht. D'Arrivée vun den europäesche Colonisateuren, besonnesch vun de Konquistadore vum Hernan Cortès, hunn d'Regioun immens matgeholl. D'Spuenier, an enger Allianz mat aneren indigene Vëlker, déi den Azteeke feindlech gesënnt waren, hunn dem mesoamerikaneschen Imperium en Enn gesat an hunn d'Haaptstad Tenochtitlàn de 15. August 1521 iwwerholl.
"Et gouf keng Epidemie am prekolumbianeschen Amerika"
Verschiddenen Experten vun der mesoamerikanescher a prekolumbianescher Societéit no (dat heescht virun der Entdeckung vum amerikanesche Kontinent duerch d'Europäer duerch de Christoph Kolumbus) ass dës Publikatioun ierféierend.De Professer Alan Covey vun der University of Texas, e spezialiséierten Archeolog fir Inkaen - där hiren Territoire vum Ufank vum 15. Joerhonnert bis 1533 d'Anderegioun a Südamerika beherrscht huet -, huet erkläert, dass et zwar Quelle gëtt, déi d'Existenz vu Mënschenaffer an der Communautéit vun den Azteeken an den Inkae beleeën. Et géif awer keng Beweiser dofir ginn, dass et virun den europäeschen Exploratiounen an Amerika Pandemië gouf.
"Ech gleewen net, dass et Beweiser [fir d'Existenz] vu Pandemië gëtt, éier d'Europäer ukoumen. Déijéineg, déi d'Biergregioune vu Mexiko (d'Pouken am Joer 1520) an d'Anden (méiglecherweis d'Pouken ëm 1525) erreecht hunn, hu vill Membere vun der indigeener Aristokratie, déi an de Stied gewunnt hunn, ëmbruecht, dorënner bestëmmt d'Leadere vun Azteeken an Inkaen aus där Zäit", huet den Alan Covey der AFP an enger E-Mail vum 30. September 2020 erkläert.
"Kee vun de Berichter, déi ech kennen, erwäänt d'Affere vu Leaderen", füügt hie bäi.
An enger änlecher Weis widderleet de Richard Diehl, Professer fir mesoamerikanesch Anthropologie op der University of Alabama, d'Opfaassung, dass d'Azteekeräich vun Epidemien heemgesicht gouf, wéi an dëse Facebook-Posts behaapt gëtt.
"Tatsaach ass, dass ni eng Epidemie dat prekolumbianescht Amerika heemgesicht huet", erkläert hien an enger E-Mail vum 1. Oktober 2020.
"D'Virfare vun den Urawunner vun Amerika haten déi Al Welt verlooss, laang éier dës Infektiounskrankheeten opgedaucht waren, déi just vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroe ginn (wéi d'Pouken, Um. v. d. Red.). Dës Infektiounskrankheete gouf et also net an Amerika, bis se Enn vum 15. an Ufank vum 16. Joerhonnert vun den Europäer a vun de Sklaven aus Afrika dohin importéiert goufen. Also neen, [d'Azteeken] hunn hir Cheffen net geaffert."
"Déi meescht Krankheetserreeger, déi fir d'Epidemië responsabel sinn, déi mat der Arrivée vun den europäesche Siidler ausgebrach sinn, bleiwen onbekannt", erkläert eng Fuerscherekipp vum Max-Planck-Institut am Magazinn Nature Ecology & Evolution, nodeems et vermutt hat, dass eng Salmonellen-Epidemie Millioune vun Azteeken an der Mëtt vum 16. Joerhonnert d'Liewe kascht hätt, dat bis elo als "cocolizitli" bekannt war, wéi vill aner Pandemien, déi an där Epoch a Mesoamerika opgetruede sinn.
Bei den azteekesche Mënschenaffer goufe Krichsgefaangener oder Sklave geaffert
Betreffend d'Mënschenaffer, bei deenen - wéi d'Publikatiounen op Facebook et weise sollen - azteekesch Leadere geaffert goufen, widderleet och den Dokter John Verano vun der University of Tulane a Louisiana dës Theorie. Den Dokter Verano huet prehistoresch Populatiounen an de Küsten- a Biergregioune vu Peru ënnersicht a seet "Dat entsprécht kenger Zivilisatioun vun der Neier Welt, déi ech kennen.""Jo, verschidde Societéiten hu Mënschenaffer a Mexiko, Mesoamerika an an den Anden praktizéiert, awer si hunn hir Cheffen net gewielt, fir si ze afferen. Grouss Feinden, ja, awer keng Membere vun hirer Communautéit", huet den John Verano géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 1. Oktober 2020 erkläert.
Wéi de Konschthistoriker Michel Graulich an engem Sachbuch iwwer Mënschenaffer matdeelt, waren "déi zwee Haaptkategorië vun Affer" vun den azteekeschen Affer "Sklaven", déi virdrun zur Rengegung gebuet goufen, wéi och "Krichsgefaangener".
Dem Fuerscher no sollten dës Affer "fir d'Sënnen an d'Iwwertriedunge béissen mam Zil, d'Jenseits ze verdéngen." Aner Iddie waren dat rituellt Doudmaache vu Gottheeten, déi vun den Affer verkierpert goufen an d'"Fiddere vun de Götter" duerch dës Hiriichtungen. "Mënsche goufen net just duerch d'Extraktioun vum Häerz ëmbruecht (gewéinlech goufe si dono gekäppt), mä och duerch d'Käppen (heiansdo koum d'Extraktioun vum Häerz duerno), duerch Schlitzen, duerch Verbrennen" oder och "duerch Zerquëtschen", erkläert de Michel Graulich.
Awer "déi indianesch Vëlker hunn hir Leaderen a Pandemiezäiten net geaffert", seet d'Camilla Townsend, Proffesesch fir latäinamerikanesch Geschicht op der Rutgers University, géintiwwer der AFP.
"Wat wouer ass, ass, dass verschidden indigene Kulturen heiansdo Krichsgefaangener geaffert hunn. Dës Communautéiten hu gegleeft, dass dat mënschlecht Liewen de gréisste Kaddo fir d'Götter wär - a si wollten dat och vis-à-vis vun hire Feinde politesch sënnvoll notzen", huet si den 1. Oktober 2020 an enger E-Mail erkläert.
