E beandrockend Naturschauspill léisst Leit an de sozialen Netzwierker staunen. Mä ass dës Zeen wierklech esou geschitt? Nee, wéi d'AFP erausfonnt huet.

E Video, deen zënter dem 27. Abrëll méi wéi dausend Mol op Twitter gedeelt gouf, behaapt, de Mound ze weisen, deen an 30 Sekonne "vollstänneg" um Nordpol erschéngt an d'Sonn "blockéiert", éier en ënnergeet. A Wierklechkeet handelt et sech awer ëm e Videomontage, deen am Joer 2021 vun engem Spezialist fir digital Spezialeffekter realiséiert gouf a bis haut am Ëmlaf ass.

"Eng Vue, bei där den Otem fortbleift". Dat versprécht d'Beschreiwung vun engem Video, deen zënter senger Publikatioun de 27. Abrëll iwwer dausend Mol op Twitter gedeelt gouf.

An engem bloen Himmel erschéngt de Mound bannent e puer Sekonne vollstänneg, éier e sech ëmdréint an eng kuerz Däischtert provozéiert, andeems hie laanscht d'Sonn zitt. D'Sequenz hält kuerz duerno op, an där de Mound sou séier verschwënnt, wéi en opgedaucht ass.

RTL

Capture d'écran réalisée sur Twitter le 28 avril 2022.

Dës beandrockend Zeen, déi zënter dem 26. Abrëll méi wéi 68.000 Mol an englescher Sprooch gedeelt gouf, soll no hirer Beschreiwung "um Nordpol" gedréit gi sinn, "wou den Dag 24 Stonnen dauert", wärend eng aner Beschreiwung, dëst Kéier op Facebook, behaapt, se wär "bannescht vum nërdleche Polarkrees [...] tëscht Kanada a Russland gedréit ginn."

A Wierklechkeet handelt et ech awer ëm e Videomontage mat digitale Spezialeffekter, deen ursprénglech am Mee 2021 op TikTok eropgeluede gouf, also zéng Deeg virun der effektiver totaler Mounddäischtert.

D'Wierk vun engem Kënschtler, dee sech mat Spezialeffekter auskennt

Den Aleksey Patrev, en Infografiker vun Odessa aus der Ukrain - senge verschiddene Profiller an de sozialen Netzwierker no - hat dës Sequenz de 17. Mee 2021 op sengem TikTok-Kont gepost.

RTL

Capture d'écran réalisée sur le site "Perma.cc" le 28 avril 2022. ( Alexis ORSINI)

Fir de Kënschtler, dee sech dem Profil op der Websäit "Artstation" no op "Postproduktioun", "3D-Visualiséierung" a "Spezialeffekt-Iwwerwaachung" mat Programmer wéi After Effect an 3DS Max spezialiséiert huet, war dëse Montage alles anescht wéi eng Première.

Op sengem TikTok- a YouTube-Kont fanne sech weider spektakulär Videomontagen, wéi zum Beispill e Wal, deen aus engem schnéibedeckte Bierg opdaucht oder d'Titanic, déi vun engem gigantesche Mieresdéier attackéiert gëtt.

RTL

Capture d'écran réalisée sur YouTube le 28 avril 2022. ( Alexis ORSINI)

Vun der AFP kontaktéiert, confirméiert den Aleksey Patrev, dass de Video vun der Mounddäischtert "säin" ass.

Huet dës Sequenz schonn am Fréijoer 2021 e grousse Succès kannt, huet de Kënschtler se zënter dem 20. Februar 2022 als NFT mat der Iwwerschrëft "Moundfluch vun 30 Sekonnen tëscht Russland a Kanada" an de Verkaf bruecht.

Kee Lien mam "Supermound" vum 26. Mee 2021 

De 26. Mee 2021 gouf awer a verschiddenen Deeler vun der Äerd e "Supermound" observéiert, deen am Géigesaz zu enger Sonnendäischtert keng Gefor fir d'Séiverméigen duerstellt.

Vun Australien bis Zentral-Amerika haten d'Amateuren e risegen, liichtenden, rout-orange-gefierfte Mound entdeckt: Owes zu Sydney, virum Sonnenopgank zu Los Angeles, wéi sech den Himmelskierper komplett am Schied vun der Äerd befonnt hat.

RTL

Dëst Phenomen war tëscht 11.11 an 11.25 Auer GMT agetratt, wéi déi éischt total Mounddäischtert zënter zwee Joer, wéi all Joerzéngt, mam Zäitpunkt zesummegefall war, an deem de Mound a sengem Périgée stoung, deem Punkt, an deem hien eisem Planéit am noosten ass. D'Faarf vum Mound gouf dunn donkel a rout an huet un dat siichtbaart Liicht beim Sonnenopgank oder Sonnenënnergank erënnert.

Zimmlech no un der Äerd, 360.000 km fort, huet de Mound 30 % méi hell a 14 % méi grouss ausgesinn, wéi vun deem Punkt, wou hien am wäitste fort ass, maximal 405.000 km.