D'Amber Heard an den Johnny Depp sti sech aktuell viru Geriicht géintiwwer. Hei komme vill Detailer vun hirer Bezéiung un d'Liicht. Der Schauspillerin gëtt och virgehäit, wärend dem Prozess Zitater aus engem Film zu hire Gonschte benotzt ze hunn.

Dem Johnny Depp säin extrem mediewierksamen Diffamatiounsprozess géint seng Ex-Fra Amber Heard virun engem US-Geriicht stéisst an de sozialen Netzwierker ëmmer erëm op groussen Intressi.

#teamJohnnyDepp oder #teamAmberHeard, d'Internetznotzer hu sech fir eng Säit decidéiert a verdeedegen hire Protegé mat Hashtags. D'Koppel hat sech 2017 scheede gelooss an dëse Prozess knäppt dorun un.

Internetnotzer beschëllegen déi US-amerikanesch Schauspillerin Zeilen aus dem Film "The Talented Mr. Ripley" zitéiert ze hunn, fir hir angeeblech abusiv Bezéiung zu hirem Ex-Mann ze beschreiwen.

"En Deel vun hirer Ausso gëschter war effektiv e Plagiat vu Replicke vun engem Film. De Film, ëm deen et geet, ass den talentéierte Mr. Ripley (...) ouni Drock huet si [Amber Heard] de Film fërmlech kopéiert an huet just den Numm Dickie, ëm deen et am Film geet, duerch Johnny ersat", erzielt den TikToker Timonthegram virun der Kamera.

De Video, deen de 6. Mee op sengem zertifiéierte Kont mam Hashtag #justiceforjohnnydepp publizéiert gouf, gouf zënterhier iwwer 15.000 Mol gedeelt.

RTL

Capture d'écran prise le 10/05/2022 sur Tik Tok

Am Film "The Talented Mr. Ripley", deen am Joer 1999 erauskoum an eng Adaptatioun vun engem Buch mam selwechten Numm ass, äussert sech d'Figur vum Marge (Gwyneth Paltrow) iwwer hir Bezéiung mam Dickie (Jude Law), engem verschwendereschen a liichtfäertegen Ierwen, deem de Soziopath Tom Ripley (Matt Damon) seng Identitéit geklaut huet.

"D'Saach mam Dickie... et ass, wéi wann d'Sonn op dech schénge géif, an et ass wonnerschéin. An da vergësst hien dech, an et ass ganz, ganz kal", vertraut sech d'Marge un.

No enger Ënnerbriechung fiert si weider: "Wann s du seng Opmierksamkeet hues, hues du d'Gefill, deen eenzege Mënsch op der Welt ze sinn, dowéinst huet jiddereen hien esou gär."

Um Ecran weist den TikToker Timonthegram e Schwaarzbild, dat viral goung an d'Linne vum Film mat der Ausso vum Amber Heard vergläicht.

Dem Amber Heard gouf en Text opgeluecht, deen de Wierder am Film ganz no kënnt. Si seet amplaz vum Numm "Dickie" den Numm "Johnny".

RTL

Capture d'écran du comparatif prise le 10/05/2022

Aner Publikatiounen, déi zënter dem 5. Mee méi wéi 11.000 Mol op Spuenesch oder 5.000 Mol op Englesch gedeelt goufen, benotzen dëse Verglach, andeems di Fotoe vum Amber Heard als Zeien an d'Affiche vum Film vun 1999 agesat hunn.

RTL

Capture d'écran prise le 10/05/2022

RTL

Capture d'écran prise le 10/05/2022

Keng Trace vun engem Plagiat


D'AFP huet d'Zeienausso vum Amber Heard vum 4. a 5. Mee, déi op Court TV a Law & Crime Network live a komplett iwwerdroe gouf,  iwwerpréift. An dësen Opnamen zitéiert d'Schauspillerin keng Zeilen aus dem Film.

Och wann d'Zitat, dat an den Netzwierker viral zirkuléiert, total falsch ass, huet d'Amber Heard an hirer Ausso vum 4. Mee hir Bezéiung zum Star aus "Pirates of the Caribbean" mat änleche Wierder wéi d'Marge am Film beschriwwen.

"Wéi ech mam Johnny zesumme war, hunn ech mech wéi de schéinste Mënsch op der Welt gefillt. Wësst Dir, hien huet mir d'Gefill ginn, gesinn ze ginn, hien huet mir d'Gefill ginn, méi wäertgeschat ze ginn", huet si erkläert.

RTL

Amber Heard témoigne contre Johnny Depp, le 5 mai 2022. ( POOL / JIM LO SCALZO / POOL)

Fir op eng Fro ze äntweren, huet si weiderhi gesot: "An dann ass hie verschwonnen an du gouf et keng Méiglechkeet méi, hien an d'Fangeren ze kréien, keng Méiglechkeet, hien ze kontaktéieren."

D'Journalistin Alana Mastrangelo huet d'Ausso vum Amber Heard an den Extrait aus dem Film, deen an de virale Publikatiounen zitéiert gëtt, zesummegesat, wéi de Verglach ënne weist.

"Dësen Tweet soll Iech weisen, wat si [Amber Heard] wierklech gesot huet, a wat am Film gesot gouf, an Iech erméiglechen, selwer ze decidéieren. Vläicht huet si sech eng Beschreiwung vum Film geléint, fir den Depp als Dickie Greenleaf duerzestellen. Oder vläicht weess si net, wat eng 'Honeymoon-Phas' ass", huet d'Journalistin zwee Deeg méi spéit reagéiert.

"Toxesch" Léift


"Ënner Tréinen" huet d'Amber Heard als Zeien hiren Ex-Mann a multiple Fäll kierperlechem a sexuellem Mëssbrauch beschëllegt. Déi amerikanesch Schauspillerin muss mat hirer Ausso bei der Reprise vum Prozess de 16. Mee weiderfueren.

Den Johnny Depp fuerdert 50 Milliounen Dollar Schuedenersatz vu senger Ex-Fra. Hie geheit hir vir, säi Ruff an seng Karriär ruinéiert ze hunn, nodeems si am Dezember 2018 an engem Forum an der Washington Post behaapt hat, dass si 2016 haislech Gewalt erlidden hätt, ouni hiren Ex-Mann ze erwänen.

De Schauspiller, deen Enn Abrëll véier Deeg laang aussot, bestreit, d'Amber Heard ugepak ze hunn a behaapt, dass si et war, déi gewalttäteg war. Hien huet zouginn, dass hien a grousse Quantitéiten Drogen an Alkohol konsuméiert hätt, an huet behaapt, dass hien déi meescht Zäit kontrolléiert gi wär.

D'Amber Heard, virun allem bekannt duerch d'Filmer "Justice League" an "Aquaman", huet zeréckgeschloen a fuerdert 100 Milliounen Dollar.

D'AFP huet schonn e puer Behaaptungen an englescher Sprooch iwwer dësen immens mediatiséierte Prozess iwwerpréift.

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.