Am Kader vum Ukrain-Krich kënnt et zu ville falsche Behaaptungen an de sozialen Netzwierker. Dës Kéier geet et ëm Waffentransporter an d'Neutralitéit vun Éisträich.

E puer Honnert Facebook-User hunn Ufank Mee e Bäitrag gedeelt, an deem behaapt gëtt, en däitsche Panzer, deen um Wee an d'Ukrain war, hätt duerch en Accident fir e kilometerlaange Stau op enger éisträichescher Autobunn gesuergt. En plus géif den Transport vu militäreschem Geschier duerch Éisträich d'Neutralitéit vum Land verletzen. De Bäitrag ass awer ierféierend; et gouf keen Accident mat engem däitsche Panzer. A Wierklechkeet war en SUV vun der polnescher Arméi op engem Transporter verrutscht an huet musse geséchert ginn. En plus léisst d'Neutralitéit vun Éisträich Militärtransporter vun Drëttstaaten zou.

Zënter Ufank Mee zirkuléiert e Bäitrag op Facebook, dee vun Honnerten Notzerinnen an Notzer gedeelt gouf (hei, hei). Am Text gëtt behaapt, e Panzer aus Däitschland hätt op sengem Wee an d'Ukrain fir e kilometerlaange Stau op enger éisträichescher Autobunn gesuergt.

D'Behaaptungen: De Bäitrag vum 6. Mee 2022 fänkt mat der Iwwerschrëft un: "Verfassungsbroch aus Gewunnecht". Duerno kënnt eng Explikatioun vun enger Zeen, déi sech Ufank Mee op enger éisträichescher Autobunn ofgespillt soll hunn: "Dës Woch fiert en Transporter, e sougenannten Tieflader aus Däitschland kommend duerch Éisträich. Zil - d'Ukrain." Op enger net méi genee beschriwwener éisträichescher Autobunn hätt de Camion da seng Charge verluer, wouropshin d'Autobunn stonnelaang gespaart hätt misse ginn a sech e kilometerlaange Stau forméiert hätt.

Den angeeblechen Transport vum däitsche Panzer duerch éisträicheschen Territoire wär en "virsätzleche Broch vun der éisträichescher Bundesverfassung", heescht et am Post weider. "Den Transport vu Krichsgeschier an e Land, dat Krich féiert, ass an Éisträich duerch de Staatsvertrag iwwer déi perpetuell Neutralitéit an d'Verfassung VERBUEDEN. An zwar an der Loft, iwwer Land a Waasser, weder op der Schinn nach op der Strooss däerf Éisträich et zouloossen, dass Waffen duerch eisen nationalen Territoire an e Krichsgebitt transportéiert ginn."

RTL

Facebook-Screenshot der Behauptung: 16.05.2022

Zënter der russescher Attack op d'Ukrain zirkuléieren ëmmer nees falsch Informatiounen iwwer de Krich a seng Konsequenzen. D'AFP sammelt Faktenchecken iwwer den Ukrain-Krich. De russeschen Amarsch an d'Ukrain an d'Waffeliwwerungen aus dem Westen hunn an Éisträich op en Neits eng gesellschaftlech Debatt iwwer d'Aufgab vun der traditioneller Neutralitéit vum Land an e méigleche Bäitrëtt zur NATO opflame gelooss. Déi regéierend ÖVP huet sech kierzlech e puer Mol ëffentlech zur Neutralitéit vun Éisträich bekannt. Ëmmer nees ginn an dësem Zesummenhang och Waffentransporter duerch éisträichesche Staatsterritoire thematiséiert. Och aner Transporter duerch Éisträich hu schonn zu falsche Behaaptunge geféiert, wéi d'AFP iwwerpréift huet.

Accident vun engem polnesche Militärtransport an Éisträich


Eng Google-Sich no engem Accident mat militäreschem Geschier op enger éisträichescher Autobunn Ufank Mee huet zu engem Bäitrag vum ëffentlech-rechtleche Sender ORF geféiert. Deemno koum et de 4. Mee 2022 - zwee Deeg éier den urspréngleche Facebook-Post publizéiert gouf - op der A8 an der Regioun Innkreis am Bundesland Oberösterreich zu engem Tëschefall mat engem Militärtransport. Dem ORF no huet et sech dobäi awer ëm en ziville Camion gehandelt, deen en SUV vun der polnescher Arméi gelueden hat, net ëm en däitsche Panzer. "D'Gefier, dat net arméiert war, dierft a Relatioun mat enger Verleeung vun NATO-Truppen duerch Éisträich transportéiert gi sinn", heescht et am Bäitrag.

Och de Christoph Pollinger, Pressespriecher vun der Autobahnen- und Schnellstraßen-Finanzierungs-Aktiengesellschaft (Asfinag), der éisträichescher Autobunnsgesellschaft, huet de 16. Mee 2022 an enger E-Mail un d'AFP erkläert, dass et sech ëm en net arméiert Gefier fir schwéier accessibelen Terrain gehandelt hätt, dat um Moie vum 4. Mee op der Surface vum Camion verrutscht wär. "Op der Autobunn koum et fir zirka zwou Stonnen zu Behënnerungen am Trafic", huet de Pollinger geschriwwen.

Dës Duerstellung huet de Pressespriecher vum éisträichesche Bundesministerium für Landesverteidigung, de Michael Bauer, de 16. Mee an engem Telefonat mat der AFP confirméiert. "Ufank Mee gouf et en änleche Virfall an Oberösterreich", sot de Bauer. "Dobäi war e Gefier vun der polnescher Arméi vum Camion vun engem zivillen Déngschtleeschter gerutscht a musst geséchert ginn." Dat polnescht Gefier wär am Kader vum Verleeë vun Truppe vun der NATO un d'Südflank vun der Allianz transportéiert ginn, huet de Bauer erkläert. En änleche Virfall mat engem däitsche Militärgefier wär him net bekannt.

Och e Spriecher vum däitsche Verdeedegungsministère huet de 16. Mee iwwer Telefon géintiwwer der AFP erkläert, dass am Zäitraum tëscht Enn Abrëll an Ufank Mee kee Gefier vun der Bundeswehr an en Accident op éisträicheschem Territoire involvéiert gewiescht wär. "Keng vun de responsabele logisteschen Institutioune vun der Bundeswehr huet den Transport vun engem Kampfpanzer duerch Éisträich dokumentéiert", sot de Spriecher. Onofhängeg dovun huet de Spriecher et als onwarscheinlech bezeechent, dass e Panzer aus Däitschland, dee fir d'Ukrain bestëmmt wär, duerch Éisträich transportéiert géif ginn.

Änlech huet sech de Michael Bauer vum éisträichesche Verdeedegungsministère geäussert: "Menges Wëssens no transportéieren Däitschland a Frankräich hir Militärhëllefe fir d'Ukrain a Polen a vun do un déi polnesch-ukrainesch Grenz." Doriwwer eraus wäre Militärtransporter vun Drëttstaaten duerch Éisträich net ongewéinlech, sot de Bauer, an och net illegal, wéi am aktuell gedeelte Bäitrag op Facebook behaapt gëtt.

Auslännesch Militärtransporter duerch Éisträich sinn net illegal


"D'Truppenaufenthaltsgesetz reegelt d'Duerchfueren an d'Erausfuere vu friemen Arméien", huet de Bauer erkläert. Deemno misst dat éisträichescht Bundesheer (éisträichesch Arméi, Um. v. d. Red.) all militäresch Transporter duerch Éisträich geneemegen. Am Schnëtt fueren ongeféier 20 auslännesch Militärgefierer pro Dag duerch Éisträich. Tëscht Januar a Mäerz hätt et zudeem ronn 1000 militäresch Flich iwwer éisträicheschen Territoire ginn.
"Grondsätzlech ginn dës Transporter geneemegt, soulaang de Grondsaz vun der Neutralitéit net verletzt gëtt", sot de Bauer. Dat wär eréischt de Fall, wa sech e Land offiziell am Krich befanne géif. "Weder d'NATO, nach Polen befanne sech aktuell am Krichszoustand."

Den Transport vun auslänneschem Militärgeschier iwwer éisträicheschen Territoire ass deemno net per se illegal, wéi et an den aktuell gedeelte Bäiträg steet. Déi auslännesch Militärtransporter duerch Éisträich verletzen ënner bestëmmte Konditiounen och net de Grondsaz vun der Neutralitéit, zu där sech Éisträich am Joer 1955 verflicht huet. Zum Beispill, wann dës Aktioune sech am Kader vun der gemeinsamer Baussen- a Sécherheetspolitik vun der Europäescher Unioun duerchgeféiert ginn.

RTL

Die Außenminister der Alliierten und Österreichs unterzeichnen am 15. Mai 1955 den Österreichischen Staatsvertrag im Schloss Belvedere in Wien. ( AFP / -)

Den Thomas Olechowski ass Professer fir Droit- a Verfassungsgeschicht op der Universitéit Wien. Hien huet de 16. Mee der AFP an enger E-Mail erkläert, dass déi "ëmmergëllend Neutralitéit" vun Éisträich net am Staatsvertrag vum 15. Mee 1955, mee am Bundesverfassungsgesetz iwwer déi éisträichesch Neutralitéit, dem sougenannten Neutralitätsgesetz vum 26. Oktober 1955 verankert wär. Am Neutralitätsgesetz ass gereegelt, "dass Éisträich kenger militärescher Allianz bäitrieden a keng friem militäresch Stützpunkter op sengem Territoire zouloossen däerf."

"Dëse 'Kär' ass onstreideg, wéi wäit d'Neutralitéit doriwwer eraus geet, ass awer ëmstridden", huet den Thomas Olechowski geschriwwen. An der Sécherheets- a Verdeedegungsdoktrinn, déi vun der éisträichescher Bundesregierung an dem Nationalrot am Joer 2001 ugeholl gouf, géif Éisträich net méi als neutralen, mee just als Staat ouni Zougehéieregkeet zu enger Allianz bezeechent ginn. "Dat net zulescht dowéinst, well Éisträich och ouni Virbehalter un der Gemeinsamer Sécherheets- a Verdeedegungspolitik vun der EU deelhëlt", sot den Olechowski nach.

Dat confirméiert de Wolfgang Müller, Professer fir osteuropäesch Geschicht an Expert fir Diplomatiegeschicht op der Uni Wien an enger E-Mail vum 18. Mee 2022 un d'AFP. Weder d'Neutralitéitsgesetz, nach den Éisträichesche Staatsvertrag géife Waffentransporter vu frieme Staaten duerch Éisträich reegelen, huet de Müller erkläert. Den Transport vu Krichsmaterial duerch Éisträich wär villméi duerch d'Kriegsmaterialgesetz wéi och d'Truppenaufenthaltsgesetz gereegelt.

Auslännesch militäresch Transporter un eng vun de Konfliktparteie sinn net strofbar, wa se opgrond vun engem Beschloss vun dëse Gremien oder Accorden zustane koumen: UN-Sécherheetsrot, am Kader vun der Gemeinsamer Baussen- a Sécherheetspolitik oder der Gemeinsamer Sécherheets- a Verdeedegungspolitik vun der EU, der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (OSZE) oder vu Friddensoperatiounen, déi de Grondsätz vun de Vereenten Natiounen entspriechen. "Vu dass Rüstungsliwwerunge vun den EU-Staaten un d'Ukrain am Kader vun der Gemeinsamer Baussen - Sécherheetspolitik geschéien, ass dovun auszegoen, dass se dem Kriegsmaterialgesetz no bewëllegt musse ginn", huet de Wolfgang Müller geschriwwen.

Fazit: Ufank Mee gouf et keen Accident vun engem däitsche Panzer op enger éisträichescher Autobunn. Villméi war e polneschen SUV op engem Camion verrutscht a musst geséchert ginn. D'Gefier war net um Wee an d'Ukrain, mee an e südosteuropäeschen NATO-Staat. De Grondsaz vun der Neutralitéit vun Éisträich erlaabt en plus, ënner bestëmmte Konditiounen, auslännesch Militärtransporter iwwer éisträicheschen Territoire. Den Transport vum polnesche Gefier war vum Bundesheer accordéiert ginn.