An den USA ass en neie Film iwwer d'Presidentschaftswalen 2020 erauskomm a behaapt, nei Beweiser fir Manipulatioune fonnt ze hunn. Wat et mat dëse Behaaptungen op sech huet, huet d'AFP recherchéiert.

Honnerten Notzerinnen an Notzer hunn d'Behaaptungen iwwer déi amerikanesch Walen 2020 op Facebook gedeelt (hei, hei, hei). Och op Instagram an Twitter gouf iwwer de supposéierte Walbedruch diskutéiert. Op Telegram hunn honnertdausende Leit de Film gesinn, iwwer dee verschidde Blogge bericht hunn (hei, hei, hei).

D'Behaaptung: Den Documentaire "2000 Mules" soll angeeblech beweisen, dass den Donald Trump am Joer 2020 d'Presidentielle wéinst Manipulatioun verluer huet. De Film schwätzt vun dausende Stëmmen, déi a verschiddenen US-Bundesstaaten zu Onrecht ofgi gi wären an d'Resultat verfälscht hätten. Besonnesch am Fokus stinn d'Resultater aus Arizona, Georgia, Michigan, Pennsylvania a Wisconsin. Sougenannt "Mules", wat am Engleschen ëmgangssproochlech fir Coursiere fir kriminell Geschäfter steet, hätten angeeblech masseweis illegal Stëmmziedelen ofginn. Videoopnamen a Lokalisatiounsdonnéeë vu mobillen Telefone sollen dat beleeën.

RTL

Facebook-Screenshot der Behauptung: 13.05.2022

Schonn 2020 goufen d'Resultater vun den amerikanesche Walen ëmmer nees vun Trump-Supporteren ugezweiwelt. Och den Trump selwer huet behaapt, bei der Wal wär bedru ginn. D'AFP huet dës a weider Behaaptungen an diverse Faktenchecken iwwerpréift (hei, hei, hei).

Als Beweiser fir de supposéierte Walbedruch huet déi konservativ Walobservatiounsgrupp "True the Vote" am Film "2000 Mules" Iwwerwaachungsopnamen a Lokalisatiounsdonnéeë vun Handyen zesummegedroen. D'Organisatioun ass schonn an der Vergaangenheet mat Feelinformatiounen iwwer Walen opgefall. De Film gouf vum konservative Realisateur Dinesh D’Souza produzéiert. Dësen erkläert doran, d'Presidentschaftswalen 2020 wäre manipuléiert ginn. Schonn 2014 hat sech den D'Souza wéinst Bedruch am Walkampf schëlleg gemaach, well hien am Numm vun anere Leit Done fir eng Campagne fir den US-Senat gesammelt hat. Wéi den aktuelle Film weist, huet den Trump den D'Souza fir dat Vergoe begnodegt.

Trotz eenzele Fäll vu Walbedruch, beispillsweis an Texas, huet zënter November 2020 kee Geriicht d'Behaaptung ënnerstëtzt, dass eng relevant Verännerung vum Walresultat virléich. "Déi supposéiert Beweiser am Film si just Indicen, an d'Realisateure sinn ouni ausräichend Begrënnung zu enger ongehéierlecher Konklusioun komm", huet de Barry Burden, Direkter vum Fuerschungszenter fir Walen op der Universitéit vu Wisconsin-Madison, der AFP den 9. Mee gesot.

Den deemolege President Trump huet sech den 3. Mee 2022 an engem Communiqué iwwer de Film geäussert a behaapt, d'Dokumentatioun géif eng "massiv illegal Sammlung u Stëmmen" beweisen. Den Trump selwer huet de Film de 4. Mee wärend enger Feier a Florida gewisen. Bei dëser Virféierung waren ënnert anerem Parteigréisste wéi déi republikanesch Kongressdeputéiert Marjorie Taylor Greene wéi och dem Trump säi fréieren Affekot an Ex-Buergermeeschter vun New York City, de Rudy Giuliani, present.

D'Videoplattform Rumble huet den 9. Mee erkläert, de Film hätt an den 12 Stonnen no senger Publikatioun méi wéi eng Millioun Dollar agespillt. De Produzent D'Souza selwer huet den 13. Mee op Twitter geschriwwen, säi Film hätt méi wéi 10 Milliounen Dollar ageholl a wär domat den erfollegräichste politeschen Documentaire zënter engem Joerzéngt.

D'AFP huet den D'Souza, "True the Vote" an dem Trump säi Büro fir e Commentaire kontaktéiert. Bis zur Publikatioun vun dësem Faktencheck krut d'Redaktioun keng Réckmeldung.

Lokalisatiounsdonnéeë beleeë kee Walbedruch


Am Documentaire erklären d'Gerantë vun "True the Vote", d'Catherine Engelbrecht an de Gregg Philips - deen an der Vergaangenheet scho falsch Behaaptungen iwwer Walbedruch verbreet hat -, d'Organisatioun hätt mat Hëllef vu Lokalisatiounsdonnéeë vun Handye geschafft. Dës géife beleeën, dass bei de Walen 2020 "ballot harvesting" stattfonnt huet, wat angeeblech illegal ofgelaf wär. Beim "ballot harvesting" gi Stëmmziedele vu Wielerinnen a Wieler agesammelt a fir si ageheit.

Wéi am Film "2000 Mules" gewise gëtt, kënnen d'Stëmmziedelen dann an dofir dediéiert Këschten an der Ëffentlechkeet ageheit ginn. Zënter dem Ufank vun der Pandemie huet den Undeel vum "ballot harvesting" zougeholl. Vill Bundesstaaten hunn esou Këschten an d'Sammele vu Stëmmziedelen awer scho virdru genotzt. Bei den amerikanesche Walen 2016 huet all Sechste seng Stëmm esou ofginn.

Lokalisatiounsdonnéeën, déi an Applikatioune gedeelt goufen an op déi "True the Vote" sech berifft, ginn a munche Fäll anonymiséiert weiderverkaaft. Och Netzwierkbedreiwer wéi den amerikaneschen Telekommunikatiounskonzern AT&T hunn, anonymiséiert, an der Vergaangenheet esou Donnéeë vun hire Clientë verkaaft. Dat ass ënner bestëmmte Konditioune legal.

"Dës Entreprisë verkafen d'Donnéeën net direkt u Persounen, mee meeschtens un Drëtter, fir se ze regruppéieren", huet den Jason Hong, Professer um Human Computer Interaction Institute vun der Carnegie Mellon University an den USA, den 12. Mee der AFP géintiwwer erkläert: "Et gëtt och aner Entreprisen, déi Donnéeë vu Smartphone-Apps sammelen an dës verkafen."

"True the Vote" soll angeeblech entspriechend Donnéeën aus enger Rei vun ëmkämpfte Bundesstaate virun an no de Presidentschaftswalen 2020 kaaft hunn.

RTL

Zwei Frauen stehen neben einem Kasten zur Stimmabgabe in Santa Ana, Kalifornien am 13. Oktober 2020. ( AFP / Frederic J. Brown)

D'Organisatioun erkläert am Film, d'Lokalisatiounsdonnéeë géife méi wéi 2000 Mënsche weisen, déi eng Rei vu Plaze fir de Stëmmziedel ofzeginn, an ONGen a Stied wéi zum Beispill Atlanta oder Philadelphia e puer Mol besicht hätten. Mënschen, déi sech esou enger Boîte tëscht dem 1. Oktober 2020 an dem Waldag méi wéi zéngmol ze no koumen - bei enger ONG louch de Krittär bei fënnef Passagen -, ginn am Documentaire als "Mule", also als eng Zort Stëmmziedelcoursier, bezeechent. Dës Beweegungen op enger Partie Plazen, déi vun "True the Vote" opgezielt ginn, erschéngen de Realisateure verdächteg a si gesi se als Beweis fir Walbedruch un.

Angeeblech hätten dës ONGe Mënsche bezuelt, fir méi Stëmmziedele vun alen oder verstuerwene Mënschen auszefëllen, anzesammelen an anzegeheien. D'Behaaptunge vum Film stëtze sech dobäi och op en Interview mat engem anonymme Whistleblower aus Arizona. Dësen deelt allerdéngs weder mat, vu wiem hien anscheinend bezuelt gouf, nach wéi vill hien domat verdéngt soll hunn.

Den Charles Stewart, Professer fir Politikwëssenschaft um Massachusetts Institute of Technology (MIT), huet den 9. Mee der AFP géintiwwer erkläert, d'Lokalisatiounsdonnéeë vun Handye géife just Opschloss doriwwer ginn, dass sech eng Persoun am Ëmkrees vun ongeféier 300 Meter ronderëm eng Plaz befonnt huet. "Et kann net nogewise ginn, wou si sech genee befonnt hunn an nach méi wichteg, wat si do gemaach hunn."

Een, dee beispillsweis e puer Depote vun dëse Këschten opgesicht huet, kéint deemno e Livreur, Taxichauffeur oder Postagent sinn. De Barry Burden huet erkläert, Walbeamten hätten och legitim Grënn, den Depot vu Stëmmkëschten opzesichen. Beispillsweis kéinten d'Beamte Stëmmziedelen aus de Këschten op aner Plaze bréngen, wou dës stockéiert ginn, oder d'Sécherheetsvirkéierungen op dëse Plazen iwwerpréiwen.

D'Walkëschte sinn och mat enger Rei vu Sécherheetsmesurë wéi Schlässer, Cacheten a Videoiwwerwaachung ausgerëscht. D'Këschte wären och absichtlech op vill besichte Plaze wéi Bibliothéiken oder Universitéiten installéiert. Dohier kéinte Mënschen dëse Këschten och am Alldag ze no kommen. "Vill Handydonnéeën notze keen GPS", huet den Jason Hong nach erkläert. D'Consultatioune wären dowéinst net besonnesch genee.

Den Georgia Bureau of Investigation (GBI), d'Agence fir Kriminalitéit vum Bundesstaat Georgia, huet en plus am September 2021 e Bréif publizéiert, deen ënner anerem un "True the Vote" adresséiert war. Doran heescht et, dass déi vun der Organisatioun bereetgestallt Lokalisatiounsdonnéeë kee Beweis fir illegalen "ballot harvesting" wären. Den GBI-Direkter Vic Reynolds huet doran erkläert: "Obwuel se komesch sinn, ginn d'Donnéeë keen Ulass dozou, vun engem Verbriechen auszegoen." Et géife keng Beweiser dofir virleien, dass déi gesammelt Telefonsdonnéeën am Zesummenhang mat "ballot harvesting" stoe géifen. Och Zeie géifen net genannt, eng angeeblech Quell, déi vun "True the Vote" genannt gouf, gouf vum GBI net uginn.

RTL

Ein Wahlhelfer hilft bei der Abstimmung in der Robert E. Lake Elementary School am 3. November 2020 in Las Vegas. ( AFP / Ronda Churchill)

D'Ofgi vu Stëmmziedele fir aner Persounen ass op ville Plaze legal


Nieft de Lokalisatiounsdonnéeë berifft sech den Documentaire op Iwwerwaachungsvideoe vu Walkëschten a besonnesch ëmkämpfte Bundesstaaten. "True the Vote" erkläert am Film, si hätten d'Opname vun den ëffentleche Plazen op Ufro zougestallt kritt.

Déi liicht verpixelt Videoe schénge Mënschen ze weisen, déi eng Rei Stëmmziedelen an enger Kéier an d'Walkëschte geheien, a munche Fäll spéit an der Nuecht. Kee vun den Extraite weist allerdéngs déi selwecht Persoun zweemol. D'Videoe sinn awer kee Beweis dofir, dass déi Persounen, déi gewise ginn, Deel vun engem illegale Vott waren. De Politikwëssenschaftler Stewart huet erkläert: "Souguer wa Videoopname weisen, wéi Mënschen eng Partie Stëmmziedelen ageheien, hunn alleguer d'Bundesstaaten Exceptioune fir Gesetzer, wat de Vott betrëfft."

An den USA gëtt d'Ofstëmme fir aner Persounen "ballot collection" oder, wéi scho gesot, "ballot harvesting" genannt. Der National Conference of State Legislatures, der Vertriedung vun US-Bundesstaaten virun de federalen Agencen, no, ass et an 30 Bundesstaaten erlaabt, Stëmmziedelen am Numm vun anere Walberechtegten ofzeginn. Ënner dëse Bundesstaate wären och Arizona, Georgia a Michigan, déi och am Film "2000 Mules" erwäänt ginn.

Vill vun de Bundesstaaten erlaben et just engem Familljemember, engem Bewunner vum selwechte Stot oder enger Betreiungspersoun, d'Stëmmziedelen ofzeginn. Et gëtt a verschiddene Fäll och eng Uewergrenze fir d'Unzuel vun de méigleche Stëmmziedelen. Esou Limitatioune gëllen allerdéngs net an alle Bundesstaaten.

RTL

Wähler am 3. November 2020 auf dem Weg zur Waddell Language Academy in Charlotte, North Carolina. ( AFP / Grant Baldwin)

Den Informatioune vun der US-Dageszeitung "Atlanta Journal-Constitution" no hu Walbeamten aus Georgia eng Rei vu Videoen aus dem Film "2000 Mules" iwwerpréift. Souwuel d'"Washington Post" wéi och den ëffentleche Radiosender Georgia Public Broadcasting hu Mëtt Mee 2022 doriwwer bericht, dass de Walcomité vum Bundesstaat dräi supposéiert illegal Fäll vu "ballot harvesting" gepréift a kee Verstouss festgestallt hätt. Ee vun den dräi Fäll war och am Film "2000 Mules" genannt ginn. Dobäi huet et sech allerdéngs ëm e Mann gehandelt, dee Stëmmziedele fir sech a seng Famill ageheit huet. An den anere Fäll goung et och ëm Stëmmziedele fir aner Membere vun engem Stot.

D'US-Agence fir Cybersécherheet, Cisa, hat schonn am November 2020 erkläert, d'Presidentschaftswale wären déi "sécherst an der US-Geschicht" gewiescht. Zënterhier ginn et ëmmer méi Beweiser dofir, dass et kee massive Walbedruch gouf.

Den Trump a seng Supportere si mat Dosende Geriichtsprozedure gescheitert, mat deene si versicht hunn, d'Walresultater an eenzele Bundesstaaten unzefechten. Den Ieweschte Geriichtshaff vun den USA huet en plus eng Rei Enquêten zeréckgewisen, bei deenen d'Walresultater a verschiddene Bundesstaaten, déi ëmkämpft waren, kontestéiert goufen. Eng sëllege Revisiounen an Nozielungen an dëse Staaten, dorënner Arizona, Georgia, Michigan, Pennsylvania a Wisconsin, hunn dem President Joe Biden seng Victoire nach eng Kéier confirméiert. Vertriederinnen a Vertrieder vu béide grousse Parteien, dorënner och dem Trump säin eegene Justizminister William Barr, hunn ëmmer erëm Behaaptungen iwwer e breede Bedruch zeréckgewisen.

Den Douglas Jones, zweeten Direkter vum Institut fir Computerwëssenschaften op der Universitéit vun Iowa, huet den 9. Mee géintiwwer der AFP erkläert: "Si soen, dass et ongeféier 2000 'Mules' gouf, déi dofir bezuelt goufen, Walurnen ze fëllen." Bei sou ville Participantë wär et ausseruerdentlech schwéier ze rekrutéieren, ouni dass e puer vun hinne Gespréicher opgezeechent hätten a kriminell Detailer duerchgesickert wären.

Fazit: Nee, de Film "2000 Mules" liwwert kee Beweis fir e Bedruch bei den US-Walen am Joer 2020. Déi als Beweis ernimmt Lokalisatiounsdonnéeë vun Handyen a Videoopname loossen dës Konklusioun net zou. Versich, d'Resultater vun de Walen unzefechten, si schonn e puer Mol viru Geriicht gescheitert. Der US-Agence fir Cybersécherheet no waren d'Walen 2020 déi sécherst an der amerikanescher Geschicht.