Strenggleeweg Moslemen dierfe keen Alkohol drénken. Elo zirkuléiert eng Behaaptung, dass dat beléift Gedrénks Coca-Cola Alkohol enthale soll. Wat ass dorun drun?

De Bäitrag gouf de 6. Mee 2022 op Facebook gedeelt.

Déi malaysesch Bildbeschreiwung heescht op Lëtzebuergesch iwwersat: "Alkohol ... Dat ass [am Islam] net erlaabt!!"

RTL

Screenshot of the misleading post, captured on May 26, 2022

De Bäitrag enthält en angeebleche Screenshot vun engem Noriichtenartikel mat der Iwwerschrëft: "No 125 Joer ass déi geheim Cola-Formel eraus."

Den Auteur vum Artikel ass Times News Network, en Online-Noriichte-Site mat Sëtz an den USA.

D'AFP konnt net iwwerpréiwen, wou de supposéierten Artikel publizéiert gouf.

Den Artikel beseet, dass en aalt Coca-Cola-Rezept, dat Alkohol enthält, duerch de populäre Podcast This American Life opgedeckt gouf, nodeems e 40 Joer ale Bericht vun der Atlanta Journal-Constitution entdeckt gi war.

Coca-Cola wollt, no de Behaaptunge vun This American Life aus dem Joer 2011, dat supposéiert Rezept net confirméieren, heescht et an engem Bericht vum Guardian.

De Screenshot vun der Zeitung gouf zesumme mat enger änlecher Behaaptung op Facebook gedeelt (hei, hei an hei).

D'Behaaptung ass den Donnéeë vu Coca-Cola an vun de malayseschen Autoritéiten no falsch.

Alkoholfräit Gedrénks


E Spriecher vu Coca-Cola sot der AFP, dass d'Rezept vu Coca-Cola zwar en "gutt geséchert Geheimnis" bleiwe géif, Alkohol wär awer keng vun den aktuellen Ingredienten.

"Alkohol ass kee bäigemëschten Ingredient vu Coca-Cola an et fënnt keng Gärung statt, wa Coca-Cola hiergestallt gëtt", sot de Spriecher.

"Eis Prozesser fir Ingredienten a fir d'Hierstellung si streng reglementéiert an d'Iwwerwaachungsagencen op der ganzer Welt hu Coca-Cola duerchgoend als alkoholfräi unerkannt.

A Malaysia kann een eng Halal-Zertifizéierung vum Department of Islamic Development Malaysia (Jakim), der responsabeler Opsiichtsagence fir islamesch Sujeten am Land, kréien.

Hei drënner ass e Screenshot vum Halal Malaysia Official Portal ze gesinn. E weist , dass den Distributeur vu Coca-Cola a Malaysia eng gülteg Halal-Zertifiéierung huet:

RTL

Screenshot from the Halal Malaysia Official Portal, which shows Coca-Cola Bottlers (Malaysia) Sdn Bhd has a valid halal certification

Op der selwechter Internetsäit sinn och déi eenzel Produkter vu Coca-Cola a Malaysia opgelëscht, déi eng Halal-Zertifizéierung kritt hunn.

Hei drënner ass e Screenshot vun de 14 Zorte vu Coca-Cola a Coke Zero ze gesinn, déi als halal zertifiéiert sinn:

RTL

Screenshot of Coca-Cola and Coke Zero beverages that have valid halal certification in Malaysia

Coca-Cola produzéiert a Malaysia 86 Gedrénks, dorënner Sprite a Minute Maid, déi och als halal zertifiéiert an op dem Portal opgelëscht sinn.

Hei drënner eng Foto vun der AFP vum Halal-Logo, deen a Malaysia benotzt gëtt:

RTL

The halal logo that is displayed on food products prepared according to the Islamic law in Malaysia. ( AFP / Tengku Bahar)