Am Internet gi Rumeuren ëm, dass d'Entreprise Pfizer dëst Zil verfollege géif. Dat hätt de CEO Enn Mee um Weltwirtschaftsforum zu Davos gesot. Wat derhannert stécht, huet d'AFP recherchéiert.

No zwee Joer Pandemiepaus gouf de Weltwirtschaftsforum (WEF) Enn Mee nees zu Davos, engem exklusive Schigebitt an de Schwäizer Alpen, organiséiert.

De russesch-ukrainesche Konflikt hat zwar de Groussdeel vun den Diskussiounen bestëmmt, mee verschidden Internetnotzer hu virun allem eng ëffentlech Interventioun vum Albert Bourla, dem CEO vun der amerikanescher Pharmaentreprise Pfizer, déi de Covid-Impfstoff Pfizer-BioNTech entwéckelt huet, zeréckbehalen.

RTL

Capture d'écran réalisée sur Facebook le 31 mai 2022. ( Alexis ORSINI)

RTL

Capture d'écran réalisée sur Facebook le 31 mai 2022. ( Alexis ORSINI)

Wann een dem 38 Sekonne laange Videoextrait, deen zënter dem 28. Mee e puer honnert Mol op Facebook (1, 2) op Franséisch - mee och op Englesch (3) a Griichesch (4) - gedeelt gouf, gleeft, huet de Bourla dëst gesot: "Wéi mir eis am Januar 2019 a Kalifornien getraff hunn, fir de Pfizer-Aktiounsplang fir déi nächst fënnef Joer auszeschaffen, war ee vun eisen Dreem, d'Weltbevëlkerung ze reduzéieren. 50 Prozent bis 2023. Ech mengen, dass dësen Dram haut Wierklechkeet ginn ass."

Och wann een den Albert Bourla dës Wierder op Englesch halen héiert - d'Ried ass franséisch ënnertitelt -  éier de Public applaudéiert, handelt et sech a Wierklechkeet ëm e Montage, deen déi ursprénglech Wierder vum Pfizer-Chef wärend enger Ried um WEF 2022 verännert.

E Videomontage, deen d'Äusserunge vum Albert Bourla kierzt


Dësen Extrait stamt aus engem ëffentleche Meenungsaustosch tëscht dem Albert Bourla an dem WEF-Grënner Klaus Schwab, deen de 25. Mee 2022 virum Public vum WEF stattfonnt huet. Déi ganz Diskussioun vun ongeféier 30 Minutten ass op der Websäit an um YouTube-Kanal vum WEF ze fannen.

Op Invitatioun vum Klaus Schwab, sollt de Bourla d'Annonce vu Pfizer, déi op deem Dag gemaach gouf, fir 23 Impfstoffer a Medikamenter zum Produktiounspräis un déi äermst Länner ze verkafen - wéi ënner anerem d'AFP bericht hat -, kommentéieren. Hie sot (bei 2'33 op YouTube an op 2'36 um WEF-Site): "Ech denken, dat ass d'Erfëllung vun engem Dram, dee mir mat menger Ekipp zu där Zäit haten, wéi mir am Januar 2019 ugefaangen hunn. Mir hunn eis am Januar 2019 a Kalifornien getraff, fir d'Ziler fir déi nächst fënnef Joer festzeleeën. An eent dovu war, dass mir bis 2023 d'Unzuel vun de Mënschen op der Welt, déi sech eis Medikamenter net leeschte kënnen, ëm 50 Prozent reduzéiert hunn. Ech mengen, dass dësen Dram haut am Gaang ass Wierklechkeet ze ginn."

Dee leschte fett markéiert Saz gouf aus dem 38-Sekonne-Video op Facebook geläscht, wat de Spectateur menge léisst, dass den Albert Bourla sech iwwer d'Hallwéierung vun der Weltbevëlkerung freeë géif.

Albert Bourla et Klaus Schwab reegelméisseg Zil vu falsche Rumeuren


Iwwer de CEO vu Pfizer gouf et an de leschte Méint eng Partie falsch Rumeuren. Am Mee 2021 huet de Jean-Marie Bigard ënner anerem behaapt, dass den Albert Bourla net géint Covid-19 geimpft wär. Ufank Januar 2022 gouf de CEO op enger Lëscht vu 75 Persoune genannt, déi angeeblech zu liewenslaangem Prisong verurteelt goufen, well si e "Verbrieche géint d'Mënschlechkeet" begaangen haten, andeems si d'Impfung géint Covid-19 erméiglecht hätten.

Och de Klaus Schwab steet zënter e puer Joer am Zentrum vu ville Falschinformatiounen, déi hien z.B. beschëllegen, d'Pandemie virausgesot ze hunn, Verbindungen zur Famill Rothschild ze hunn oder am November 2021 vun der Schwäizer Police verhaft ginn ze sinn.