Frankräich ass nees am Walkampf. Dat weisen ënner anerem déi staark Aussoe vum Jean-Luc Mélenchon iwwer d'Rezessioun an de Chômage. Mä stëmmen dës Aussoen alleguer?

E puer Deeg virun der éischter Ronn vun de Legislativen a Frankräich ass den Duell tëscht der "France insoumise" an der Majoritéit vum President voll am Gaangen. Vun alle Säite kommen Attacke géint déi aner Parteien.

Duerch eng Partie Ministeren huet d'Beweegung vum President "Renaissance" versicht (eemoleg La République en marche, Um. v. d. Red.), virun de vermeintleche Gefore vum Wirtschaftsprogramm vun der Allianz Nupes ze warnen, och wann dës Aussoen net der Wouerecht entspriechen, wéi d'AFP gewisen huet. De Jean-Luc Mélenchon, den informelle Leader vun der Allianz vun de Lénksparteien, drescht reegelméisseg op de wirtschaftlechen a soziale Bilan vun der Exekutiv an, och op d'Gefor hin, et ze iwwerdreiwen an onprezis Aussoen ze maachen.

Wéi hien de 7. Juni Gaascht op France Inter war, huet hie fir d'éischt all Amelioratioun an der Aarbechtswelt wärend de fënnef Joer ënnert dem Macron niéiert. Hien huet behaapt, déi reell Aarbechtslosegkeet géif sech op engem historesch héijen Niveau befannen, géif duerch déi explosiounsaarteg Hausse vun Apprentie "verstoppt" ginn.

- "De Chômage gëtt duerch de Recours vun Apprentië verstoppt, an dës Leit (d'Exekutiv, Um. v. d. Red.) kommen a erdeele Lektiounen iwwer d'Organisatioun vun de Finanzen", huet de Mélenchon am Virmëttesprogramm vu France Inter gesot.

- "De Chômage ass sou niddereg wéi zënter 15 Joer net méi", huet d'Journalistin Léa Salamé dorop geäntwert.

Bei engem Meeting zu Caen den 8. Juni huet de Mélenchon, deen dem Macron eng Cohabitatioun imposéiere wëll, och verséchert, dass Frankräich sech aktuell an enger wirtschaftlecher "Rezessioun" befanne géif.

"Wat gesinn ech? Dëst Land befënnt sech an enger Rezessioun. Dir wësst dat, oder?", sot hie viru senge Supporteren. "D'Produktioun (eigentlech de Bruttoinlandsprodukt, Um. v. d. Red.) louch am éischten Trimester a Frankräich bei -0,2%. Et heescht, ech hätt dat verursaacht, mä dat war schonn do!", huet hie gelaacht.

Béid Aussoe sinn zweiwelhaft: Onofhängeg dovun, wat fir een Indicateur ee benotzt, sinn d'Zuel vun de Chômeuren an de Chômagetaux zënter 2017 tatsächlech erofgaangen, an déi reell Hausse vum Apprentissage erkläert dem Insee no just en Deel vun dësem Réckgang. Och wann de PIB am éischten Trimester zeréckgoung, geet et technesch gesinn net duer, fir vun enger Rezessioun ze schwätzen.

Schwaache Lien tëscht Apprentissage a Baisse vum Chômage

D'Zuele vum Emploi ginn heefeg Ulass fir verschidden Interpretatiounen, awer et gëtt keen Indicateur, deen d'Behaaptung vum Mélenchon ënnermauere géif, dass de Chômage aktuell "op sengem héchste Stand" wär.

De Kandidat vu "France Insoumise" huet scho gesot, hie vum Indicateur, dee vun der Regierung am meeschte benotzt gëtt, denkt: de Chômagetaux vum Bureau international du travail (BIT), deen am Mee 7,3 % (ouni Mayotte) erreecht huet - den niddregste Stand zënter Ufank 2008 - géintiwwer 9,5 % zum Moment vum Emmanuel Macron senger Wal am Fréijoer 2017.

RTL

Senger Usiicht no ass dësen Indicateur vill ze restriktiv, well e just déijéineg als Chômeur klasséiert, déi kenger Aarbechtsaktivitéit noginn a bannent zwou Woche fir eng Beschäftegung disponibel sinn.

Déi zweet grouss Zuel iwwer de Chômage confirméiert seng Ausso awer net. Se gouf vum Aarbechtsministère erausginn an enthält d'Zuel vun de Persounen, déi beim Pôle emploi ageschriwwe sinn. Si ginn an dräi Kategorien agedeelt: A (ouni Aarbecht), B (maximal 78 Schaffstonne pro Mount) an C (méi wéi 78 Schaffstonne pro Mount).

Den neisten offiziellen Zuelen no louch d'Zuel vun den Demandeur d'emploi a ganz Frankräich am éischten Trimester 2022 bei 5,5 Millioune Mënschen, wat den niddregsten Taux zënter dem leschten Trimester vun 2014 an e Réckgang par rapport zu de 5,8 Milliounen am Fréijoer 2017 duerstellt.

Offiziellen Donnéeën no war dës Zuel bis Ufank 2020 an dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie lues a lues erofgaangen, wärend där se virleefeg déi nach ni erreechten Zuel vu 6,1 Millioune Chômeuren (Kategorien A, B, C) geklomme war.

Den zweeten Usaz vun der Attack vum Mélenchon betrëfft dohier den Apprentissage. Dëse Wee, deen um Wiessel tëscht theoreeteschem Unterrecht a berufflecher Formatioun berout, war a Frankräich nach ni wierklech erfollegräich: Mat den Apprentien, déi eng nei Plaz sichen, an deejéinegen, déi schonn e Kontrakt hunn, beleeft sech d'Zuel vun Apprentien haut op ongeféier 900.000 Persounen - obwuel de Staat Bäihëllefen an der Héicht vu 5.000 bis 8.000 Euro zouschéisst. Dat erkläert dem Mélenchon no, firwat de Chômage zeréckgaangen ass.

Allerdéngs gëtt et eng Partie Indicateuren, déi dës Interpretatioun a Fro stellen.

Éischtens ass de Réckgang vum Chômagetaux bei de 15- bis 24-Järegen zwar spierbar, mä en ass net just op dës Alterskategorie limitéiert, obwuel dëse Wee eigentlech majoritär fir dës Persoune virgesinn ass. Am éischten Trimester 2022 goung de Chômagetaux och bei de 25-49-Järegen zeréck (-0,7 Prozentpunkten iwwer ee Joer) a bei de Seniore blouf e stabil. De Réckgang hat iwwregens scho virum Boom am Apprentissage agesat.

RTL

Un apprenti charpentier à Gennevilliers, en région parisienne, en octobre 2019. ( AFP / ERIC FEFERBERG)

Och wann den Undeel vun de 15- bis 24-Järegen, déi eng Aarbechtsplaz haten, Enn 2021 ëm 5,3 Prozentpunkte méi héich louch wéi Enn 2015, ass just eng kleng Hallschent vun dëser Hausse mat der "Entwécklung vun der Alternance" (déi den Apprentissage an d'Aarbechtskontrakter regruppéiert) zesummenhänkt, wéi den Insee am Mäerz an engem Konjukturrapport matgedeelt huet. Dat bedeit, dass dës Progressioun quasi souwuel mat anere wéi mat alternéierenden Aarbechtskontrakter (CDD, CDI, ...) zesummenhänkt.

Am Bezuch op d'Beschäftegung hunn alternéierend Aarbechtskontrakter enger anerer Publikatioun vum Insee no zwar "knapp ee Fënneftel" vun de 750.500 Aarbechtsplazen, déi tëscht dem éischten Trimester 2021 an 2022 kreéiert goufen, ausgemaach, mee hiren Impakt op d'Baisse vum Chômagetaux ass zimmlech limitéiert, wéi e rezenten Artikel vun der AFP weist.

Den Donnéeë vum Insee no sinn domat déi meescht nei Kontrakter fir Apprentien net majoritär d'Resultat vun de Leit op der Sich no enger Aarbecht, mee vu Studenten, déi deemools nach net an de Chômagezuelen enthale waren.

"Am Joer 2020 stoungen 53,9 % vun den Apprentien virum Ofschloss vun hirer Ausbildung (dat heescht. si waren net am Chômage, Um. v. d. Red.) a just 28,1 % waren an der Ausbildung oder op der Sich no enger Aarbecht", schreift den Insee a sengem Konjunkturrapport vum Mäerz.

An engem fréiere Faktencheck hat d'AFP ausserdeem e weidert Argument vum Mélenchon widderluecht, no deem d'Entloossunge beim Pôle emploi e Réckgang vum Chômagetaux erkläre géifen.

Réckgang vum PIB, awer keng Rezessioun

Wéi de Mélenchon feststellt, ass de PIB vu Frankräich am éischten Trimester 2022 ëm 0,2 % zeréckgaangen, wat ënner anerem op d'Auswierkunge vum Ukrain-Krich an d'Hausse vun der Inflatioun zeréckzeféieren ass.

Dës schlecht Zuel bedeit e Ralentissement géintiwwer de +0,4 % am véierten Trimester 2021, se geet awer net duer, fir technesch eng Rezessioun festzestellen, déi traditionell eng Kontraktioun vun der Ekonomie wärend zwee konsekutiven Trimesteren erfuerdert, wéi den Insee betount.

Fir dass d'Behaaptung vum Mélenchon zoutrëfft, misst d'Ekonomie tëscht Abrëll a Juni op en Neits zeréckgoen. Den Insee an d'Banque de France rechne fir dat zweet Trimester mat engem ganz moderate Wuesstem vum PIB vun 0,25 respektiv vun 0,2 %.

Der jéngster Prognos vun der Europäescher Kommissioun no dierft Frankräich am ganze Joer 2022 net an eng Rezessioun rutschen an e Wuesstem vum PIB vun 3,1 % verzeechnen, och wann d'Land net virun enger méi staarker Degradatioun vun der internationaler Konjunktur geschützt ass.

Wärend der éischter Amtszäit vum Emmanuel Macron huet Frankräich am Joer 2020 wärend der Covid-Pandemie eng ganz staark Rezessioun (- 8,0 %) erlieft, déi et am nächste Joer mat engem Wuesstem vu 7,0 % deelweis opgeholl hat.

RTL