De Krich an der Ukrain produzéiert ëmmer nees neit Videomaterial vun Attacken op Gebaier an Ariichtungen. Dorënner sinn awer och Videoen, déi net wierklech geschitt sinn an digital erstallt goufen.

Dosende Facebook-User hunn de "Kinschal"-Video Mëtt Juni 2022 op Facebook gedeelt, dee weise soll, wéi eng russesch Hyperschall-Rakéit en ukrainesche Waffendepot an engem Bunker zerstéiert. De Video ass och op Twitter kurséiert. Op Telegram huet de Video méi wéi 150.000 Leit erreecht. Och e Blog mam Numm "Verschwörungen" huet de Video propagéiert.

De Video gouf och an anere Sprooche gedeelt, z.B. op Englesch, Italieenesch, Griichesch, Slowakesch, Ungaresch, Bulgaresch, Polnesch, Bosnesch an Hollännesch.

D'Behaaptung: User deelen de Video vun engem Rakéitenaschlag mat enger Explosioun. Dozou heescht et am Text vum Bäitrag an alle Versiounen änlech: "Video vun engem US-Reporter filmt zoufälleg d'Zerstéierung vun engem strateegesche Waffendepot vun de Kiewer Regimm-Truppen, dee sech 36 Meter déif an engem sowjetesche Bunker befonnt huet - duerch eng russesch Hyperschall-Rakéit "Kinzhal"."

RTL

Screenshot des Behauptung auf Facebook: 24.06.2022

Zënter der russescher Invasioun an der Ukrain am Februar 2022 kurséieren ëmmer nees falsch Informatiounen iwwer eenzel Krichshandlungen. Sou goufen ëmmer nees Zeenen aus Videospiller als echt Krichszeene ausginn (hei, hei, hei). Den aktuell gedeelte Video reit sech an dës Serie un digital produzéierte Videoen an, déi fälschlecherweis als echt Krichszeenen ausgi ginn.

D'User behaapten, dass Russland eng Kinschal-Hyperschall-Rakéit am Ukrainkrich agesat hätt. Dës Rakéit ass immens séier a beweeglech, firwat se just schwéier ofzefänken ass. Tatsächlech gëtt et dem Kreml no esou eng Rakéit aus russescher Produktioun, déi schonn a "Strateegeschen Ofschreckungsübungen" den 19. Februar 2022 ofgeschoss an a Kampfasätz agesat gi wär. Och d'AFP huet Enn Mee 2022 iwwer den op en Neits duerchgeféierten Test vun der Hyperschallrakéit Kinschal bericht.

RTL

Grafik mit Daten über Kinschal-Hyperschallrakete von AFP: Stand 27.06.2022

Dat weist de Video wierklech


Eng ëmgekéiert Billersich mat engem Screenshot aus dem Video huet d'AFP zu engem Youtube-Video mam Titel "What if Russia started nuclear war #shorts?" (Op Lëtzebuergesch: "Wat, wa Russland en nukleare Krich ufänke géif") vum 27. Februar 2022 geféiert. De Kanal "InsanePatient2" schreift a senger Kanal-Info "VFX... that's it". VFX steet fir "visual effect" a beschreift Billereffekter, déi vu Computere produzéiert ginn. An der Videobeschreiwung ass ausserdeem e Patreon-Link uginn, bei deem ee Sue fir de Kanal spende kann. An der Beschreiwung op Patreon heescht et: "Making VFX videos is extremely fun but that doesn't mean its easy" (Lëtzebuergesch: VFX ze erstellen, mécht extrem Spaass, awer dat heescht net, dass et einfach ass"). Déi aner eropgeluede Videoen um YouTube-Kanal sinn och digital erstallte Videoen, déi keng reell Evenementer weisen.

D'AFP huet versicht de VFX-Kënschtler ze erreechen, huet allerdéngs bis zur Publikatioun vun dësem Artikel keng Äntwert kritt.

Den op Facebook verbreete Video huet de Kënschtler de 27. Februar 2022 och op sengem Tiktok-Account gedeelt. Do huet hie selwer kommentéiert: "To all of the smooth brained individuals thinking I'm trying to fool people, literally the words 'what if' are in the title. get help" (Lëtzebuergesch: Un all déi schlau Käpp, déi denken, ech probéieren, d'Leit ze täuschen, d'Wierder 'Wat wär, wann' si fërmlech am Titel. Sicht iech Hëllef"). Domat weist hien dorop hin, dass seng Videoe kee reellt Evenement weist.

Video setzt sech aus enger Rei vu digitale Virlagen zesummen


Op sengem YouTube-Kanal huet de Kënschtler de 4. Mäerz 2022 e weidere Video mam Titel "Moon Crashes into Earth!" (Lëtzebuergesch: "Mound stierzt op d'Äerd!") publizéiert, an deem déi selwecht Ëmgéigend wéi am Rakéite-Video ze gesinn ass. Dës Kéier stierzt de Mound vum Himmel. Beim Video fir d'Ëmgéigend schéngt et sech ëm eng Virlag ze handelen.

RTL

Vergleich des "Mondvideos" (links) und des für die falschen Facebook-Posts verwendeten Videos (rechts). Screenshots: 21.06.2022, Hervorhebungen durch AFP

Och d'Stëmm vum Mann, deen déi supposéiert russesch Attack gefilmt soll hunn, daucht an engem weidere Video vum InsanePatient2 op. Dës Kéier reagéiert de Mann op de vermeintlechen Zesummestouss vun zwee Planéiten.

Fazit: De verbreete Video vun enger supposéierter russescher Attack mat enger Kinschal-Hyperschallrakéit ass digital erstallt ginn. De Video weist visuell Effekter, déi um Computer erstallt goufen, déi de Kënschtler zum Deel och an anere Videoe benotzt huet. Obwuel Russland eegenen Aussoen no Hyperschall-Rakéiten an der Ukrain asetzt, weist dëse Video keng esou Attack.