Déi héich Temperaturen an de verschiddene Joreszäite sinn ëmmer nees Bestanddeel vun Diskussiounen. Aktuell gëtt a sozialen Netzwierker diskutéiert, ob Wandrieder net de Grond fir déi ëmmer méi waarm Temperature sinn.

Dausenden Notzerinnen an Notzer hunn zënter Mëtt Juni eng Rei Bäiträg op Facebook gedeelt, an deenen d'Behaaptung opgestallt gëtt, Eoliennë géifen de Klimawandel verstäerken. D'Behaaptung ass den 22. Juni och an engem Artikel vum Online-Portal "Epoch Times" opgedaucht. Och op Telegram hunn zéngdausende User entspriechend Bäiträg gesinn.

RTL

Facebook-Screenshot der Behauptung: 24.06.2022

Zu erneierbaren Energië maache sëllege Falschbehaaptungen d'Ronn a sozialen Netzwierker. D'AFP huet schonn an der Vergaangenheet Behaaptungen iwwerpréift, no deenen erneierbar Energië wäitaus méi ëmweltschiedlech wäre wéi ugeholl oder, dass d'Energietransitioun Schold un engem Stroumausfall zu Berlin gewiescht wär. Och de vu Mënsche gemaache Klimawandel gëtt ëmmer nees zum Zil vun Desinformatioun am Internet, zum Beispill duerch Behaaptungen, deenen no entweder Verännerungen an der Äerdëmlafbunn oder Sonnenzyklen fir de Klimawandel verantwortlech wären.

Déi aktuell gedeelte Bäiträg fänke mat der Beobachtung vun ëmmer méi laangen Drécheperioden an de Summerméint an Norddäitschland un. Dem Artikel vun der "Epoch Times" no soll vum 31. Mäerz bis den 9. Mee 2022 inclus souguer guer kee Reen an Norddäitschland gefall sinn. Tatsächlech huelen d'Quantitéite vum Nidderschlag an de Summerméint zënter Joren of, souwuel an Norddäitschland wéi och am Rescht vun Däitschland, wéi aus den Donnéeë vum Deutschen Wetterdienstes (DWD) ervirgeet.

RTL

Änderungen der Sommerniederschläge 1881 bis 2021 im Vergleich zum Referenzzeitraum 1981 bis 2010 ( DWD / )

Schold un den ëmmer méi heefeg optriedenden Drécheperiode soll de Bäiträg no den Ausbau vun der Wandkraaft sinn. D'Eoliennë virun der Küst an um Festland géifen de Wand "ausbremsen", wat erëm Konsequenze fir d'Wieder am Norde vun Däitschland hätt.

Eoliennë bremsen de Wand net aus 

De Martin Dörenkämper an de Bernhard Stoevesandt si wëssenschaftlech Mataarbechter um  Fraunhofer-Institut für Windenergiesysteme (Iwes) zu Oldenburg. Loftstréimungen, déi am Wandschied vun Eoliennen entstinn, sinn dem Dörenkämper säi Fachgebitt. Hien ass därzäit de Responsabele vun engem Fuerschungsprojet, deen d'Loftstréimungen, déi vu Wandparke verursaacht ginn, ënnersicht. Säi Kolleeg Bernhard Stoevesandt ass Expert fir d'Modelléierung vu Wandstréimungen um Iwes.

RTL

Offshore-Windparks vor der deutschen Küste ( STF / AFP / )

Et wär grondsätzlech richteg, dass Eoliennen dem Wand Energie entzéien, sote béid Experte fir Wandenergie den 28. Juni 2022 géintiwwer der AFP. "Et ass de Sënn vun Eoliennen, der atmosphärescher Stréimung Energie ze entzéien an dës an elektresch Energie ëmzewandelen", sot den Dörenkämper. Dat géif zu enger kuerzzäiteger a lokaler Reduktioun vun de Wandvitessen a méi staarken Turbulenzen am Beräich hannert der Anlag féieren.

Besonnesch staark huet sech dat am Wandschied gewisen - also der Säit, déi net am Wand steet -, onmëttelbar hannert enger Eolienne. Hei géif dem Wand ongeféier 20 bis 30 Prozent vun der Energie feelen, mat där en op d'Fläch vun de Rotoren trëfft, déi dem Wand zougewannt sinn. Op Plazen, wou sech besonnesch vill Wandrieder befannen, zum Beispill fir Offshore-Wandparken um Mier, géif sech dohier "eng relativ staark Reduktioun vun de Wandvitess" miesse loossen, sot den Dörenkämper.

D'Ëmgéigend vun den Wandparke géif awer net just duerch d'Rotore vun den Eoliennë beaflosst ginn. Déi feelend Energie an der Loft gëtt vun uewen a vun de Säiten ausgeglach, huet den Dörenkämper erkläert. "Bei den eenzele Wandparke gëtt et e miessbaren Afloss, dee sech allerdéngs schonn no e puer Kilometer weider nees opléist."

Dat huet och d'Astrid Ziemann, wëssenschaftlech Mataarbechterin vum Professorat fir Wandenergie op der Technischen Universität Dresden den 1. Juli an enger E-Mail un d'AFP confirméiert. "An der Nolaf-Zon vun enger Eolienne sinn eng verréngert mëttel Wandvitess an eng méi staark Turbulenz miessbar. Déi lokal Auswierkunge vun Eoliennen a Wandparken op d'Lofttemperatur an den turbulenten Austausch vu Wäermt a Fiichtegkeet ginn aktuell an der Fachwelt diskutéiert. "Déi groussraimeg Grondstréimung gëtt awer bal net beaflosst", huet si erkläert. Och dës Etüd zu den Nolafeffekter vun Eoliennen aus dem Joer 2019 beleet, dass d'Auswierkungen vun den Effekter virun allem dat onmëttelbaart Ëmfeld vu Wandparke concernéieren.

Modellberechnungen hätten dem Martin Dörenkämper no en plus gewisen, dass bei engem maximalen Ausbau vun der Energiegewannung duerch Loft an der Däitscher Bucht mat e puer Dausend Offshore-Anlagen de Wand mat engem Energieverloscht vu manner wéi engem Prozent op d'Küst treffe géif.

Keen Afloss op den Jetstream

Am aktuell gedeelte Bäitrag vun "Epoch Times" gëtt weider behaapt, dass och Loftstréimungen a grousser Héicht wéi den Jetstream "gebremst" géife ginn. Als Jetstream gi global Bänner vu Staarkwand bezeechent, déi an enger Héicht vun zéng bis 15 Kilometer verlafen.

Deem widderspriechen déi vun der AFP kontaktéiert Wandkraaftexperten. "D'Nolafeffekter gi bannent der atmosphärescher Grenzschicht ausgeglach a léise sech op", sot de Martin Dörenkämper, dat géife verschhidde Modelléierunge weisen. Déi atmosphäresch Grenzschicht ass déi ënneschst Zon vun der Atmosphär, déi bis an eng Héicht vu ronn 2000 Meter reeche kann. No engem, maximal zwee Kilometer an der Héicht wären Nolafeffekter net méi ze erfaassen.

RTL

Einfluss der globalen Erwärmung auf den Jetstream ( JEAN MICHEL CORNU, JONATHAN WALTER / AFP / )

"Ëm sou méi wäit sech de Beräich vum Nolafeffekt ausdeent, ëmsou méi kleng gëtt den Effekt, deen optrëtt. Réng physikalesch betruecht, muss dat och sou sinn", huet de Bernhard Stoevesandt ergänzt. Dass se souguer bis an Héichte vum Jetstream reechen, hätt bis dato net nogewise kënne ginn.

Wärend en Afloss vun Eoliennen op den Jetstream vun Experten ausgeschloss ka ginn, gëtt an der Fuerschung diskutéiert, ob Grousswiedersituatiounen, déi ëmmer méi laang undaueren, eng Konsequenz vum - duerch déi global Erwiermung - sech ofschwächenden Jetstream sinn. Den Jetstream entsteet vereinfacht gesot duerch d'Temperaturënnerscheeder tëscht waarmer Loft aus der äquatorialer Zon a méi kaler Loft iwwer de Polen. Duerch déi zouhuelend Erwiermung vun der Arktis hëlt d'Temperaturdifferenz tëscht Tropen- a Polarloft of, wat Auswierkungen op den Jetstream huet.

D'Verännerunge vum Jetstream weise sech dem Astrid Ziemann no u Wandvitessen, déi ofhuelen, engem Deplacement vun der Wiederlag a Richtung Norden an enger méi staarker andréiender Gestalt vum Jetstream. Dat géif sech dorop auswierken, wéi heefeg a wéi laang meteorologesch Situatiounen iwwer e puer Deeg a Mëtteleuropa optrieden. "Et erhéicht sech d'Warscheinlechkeet fir d'Forméiere vu Grousswiedersituatiounen, déi Extreemwiederen ausléise kënnen, zum Beispill Hëtztwellen oder staarken Nidderschlag."

Eoliennë féieren net zu enger Erwiermung vum Buedem

Den aktuell gedeelte Bäitrag no féieren Eoliennen doriwwer eraus zu méi Dréchent. Wéi et schéngt géif d'Verwurrelung vun de Loftstréimunge kal, fiicht Loft um Buedem verdrängen, mat der Konsequenz, dass d'Temperaturen um Buedem klammen an zousätzlech Kill-Effekter duerch entstoend Verdonstung feele géifen. "D'Folleg ass en Ausdréchne vun der Landschaft", heescht et am Bäitrag.

Tatsächlech kënnen Eoliennen ënner gewësse Konditioune méi waarm a méi kal Loftschichten an hirer direkter Ëmgéigend duerchmëschen, huet de Wandkraaftexpert Bernhard Stoevesandt géintiwwer der AFP erkläert. Dat kéint dozou féieren, dass zum Beispill nuets méi waarm Loft aus méi héije Loftschichten no bei de sech ofkillende Buedem transportéiert gëtt. "Den Effekt féiert just zu minimalen Erwiermungen an engem Beräich vun e puer honnert Meter am Ëmfeld vun de Wandparken."

Dobäi géif et sech och net ëm e "Klimawandel-Effekt" handelen, wéi an de Bäiträg behaapt gëtt, well dem Äerdsystem keng zousätzlech Energie bäigefüügt géif ginn. Villméi géif Wäermt, déi schonn an der Atmosphär wär, nei verdeelt. Zu änleche Resultater kënnt eng aktuell Analys aus den USA vum Februar 2022. Déi maximal gemoossen Ofwäichung vun der Temperatur am direkten Ëmfeld vun Eoliennen huet sech an der Etüd op manner wéi 0,4 Grad belaf, am Schnëtt war d'Temperatur 0,1 Grad méi héich.

Déi nominal Leeschtung seet näischt iwwer d'Wandstäerkt aus

"An Däitschland ginn déi gemoosse mëttel Wandvitesse schonn zënter Joren zeréck", heescht et an den aktuell gedeelte Bäiträg weider. Dat géif angeeblech eng Etüd vun der Deutschen Windguard, enger Berodungsfirma fir d'Wandbranche, am Optrag vum Bundesverband Windenergie weisen. Deemno hätt sech déi mëttelspezifesch nominal Leeschtung vun Eoliennen an Däitschland vun 2012 bis 2019 "konstant verschlechtert". Dohier, sou d'Konklusioun am Bäitrag vun "Epoch Times", misst d'Wandstäerkt drastesch erofgaange sinn.

Déi mëttelspezifesch nominal Leeschtung ass en technesche Wäert vun enger Anlag, deen näischt iwwer d'Wandstäerkt ausseet. Se beschreift déi maximal Leeschtung, déi eng Anlag am Verhältnis zur Fläch vun hire Rotorblieder produzéiere kann, also d'Gréissteverhältnis aus Rotor a Generator. Wandrieder mat niddreger spezifescher nominaler Leeschtung si kapabel, scho bei gerénge Wandvitesse Stroum ze produzéieren. Se ginn op Plaze mat verhältnesméisseg wéineg Wand agesat, wärend Anlage mat enger héijer spezifescher nominaler Leeschtung op Plaze mat staarkem Wand, zum Beispill un der Küst, installéiert ginn.

RTL

Offshore Windpark in der Ostsee vor Rügen ( AFP / FRED TANNEAU)

Vun der mëttlerer spezifescher nominaler Leeschtung vun Eoliennë léisst sech kee Réckschloss op d'Wandverhältnesser zéien, wéi de Martin Dörenkämper erkläert huet. "Déi mëttelspezifesch nominal Leeschtung ass eng reng technesch Eegenschaft vun der Anlag an huet näischt mat de Wandkonditiounen ze dinn."

An de vergaangene Jore wäre verstäerkt Eoliennë mat gerénger mëttlerer spezifescher nominaler Leeschtung gebaut ginn, huet de Bernhard Stoevesandt erkläert. Dat hätt och ekonomesch Grënn: D'Präisser fir Wandstroum op de Stroumboursë sinn u wandaarmen Deeg méi héich wéi u wandräichen. Ass vill Loft, ass d'Offer fir Wandstroum besonnesch grouss an d'Präisser falen. Fir d'Bedreiwer vun Eoliennen an den Energiesystem ass Wandstroum méi lukrativ, wann en un Deeg mat wéineg Loft gewonne gëtt.

Ginn ëmmer méi vun dësen Eolienne-Typpe gebaut, falen d'Duerchschnëttswäerter vun der mëttlerer spezifescher nominaler Leeschtung. Doraus léisst sech schléissen, dass et méi Anlagen an Däitschland gëtt, déi scho bei minimale Wandvitesse Stroum produzéiere kënnen an net, dass manner Loft ass.

RTL

Ausbau der Windenergiegewinung in Deutschland seit dem Jahr 2000 ( JOCHEN GEBAUER / AFP / )

Déi duerchschnëttlech Leeschtung vun den an Däitschland installéierten Eoliennen ass zënter dem Joer 2013 villméi kontinuéierlech geklommen, wéi de Frank Grüneisen, Pressespriecher vum Bundesverband Windenergie, de 4. Juli der AFP per E-Mail erkläert huet. Huet déi duerchschnëttlech Leeschtung vun enger Anlag 2013 nach 2,6 Megawatt ausgemaach, waren et 2021 schonn 3,9 Megawatt.

D'Ursaach fir de "Global Stilling" ass nach net bekannt

D'Ofhuele vun de Wandvitesse wär zudeem e Phenomen, dee weltwäit ze observéiere wär an als "Global Terrestrial Stilling", global terrestresch Wandberouegung, bezeechent gëtt, heescht et nach an den aktuell gedeelte Bäiträg. D'Ursaach heifir léich am Ausbau vun der Wandenergie: "Standuertgebonnenen Entzuch vu Wandenergie hätt de Klimawandel scho verstäerkt, amplaz en anzegrenzen."

Effektiv ass déi duerchschnëttlech Wandvitess zënter 1960 ëm en hallwe Stonnekilometer erofgaangen. D'Ursaache fir de Global Stilling sinn net vollstänneg gekläert. Vläicht handelt et sech bei de Schwankungen ëm en natierlechen Zyklus vun der Wandstäerkt, dee sech iwwer en Zäitraum vun e puer Joerzéngten zitt a bis elo nach net erfuerscht wär, sot de Martin Dörenkämper.

Allerdéngs koum eng Etüd vun 2019 zum Resultat, dass sech déi global Wandberouegung säit 2010 ëmgedréint huet. Säitdeem huelen d'Wandvitessen op der Äerd nees zou. De verstäerkte weltwäiten Ausbau vu Wandrieder kann deemno net als Erklärung fir de Global Stilling déngen.

Zäregase si fir de Klimawandel verantwortlech 

No aktueller wëssenschaftlecher Kenntnes herrscht e wäitgoende Konsens an der Fuerschung, dass déi aktuell observéiert Äerderwiermung op déi vum Mënsch ausgeléisten Emissioun vu klimaschiedlechen Zäregasen zeréckzeféieren ass. De Weltklimarot IPCC publizéiert reegelméisseg Rapporten, an deene Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler de Stand vun der Fuerschung zesummefaassen. Am sechsten Aktualitéitsrapport vum August 2021 heescht et: "Déi observéiert Erwiermung gëtt duerch Emissiounen aus mënschlechen Aktivitéiten ausgeléist."

Fazit: Eolienne verstäerken de vu Mënsche gemaache Klimawandel net. Am onmëttelbaren Ëmfeld vun Eoliennë kann et zwar zu sougenannten Nolafeffekter mat méi niddrege Wandvitessen an Turbulenze kommen, dës ginn awer bannent et puer Kilometer duerch de Wand nees ausgeglach. Se hu keen Afloss op den Jetstream. Villméi vermudden Experten, dass sech den Jetstream als Konsequenz vum vu Mënsch gemaache Klimawandel ofschwächt.