Wärend sech d'Wëssenschaftler doriwwer eeneg sinn, dass d'Schmëlze vum Äis eng vun de gréisste Menacë vun der globaler Äerderwiermung ass, gëtt a Publikatiounen a sozialen Netzwierker fälschlecherweis behaapt, dass sech d'Äiskappe vu Grönland "erhuelen".

"Klimabomm: D'Äiskappe vu Grönland erhuele sech, obwuel Wëssenschaftler soen, dass de fréiere Verloscht op déi natierlech Erwiermung an net op CO2-Emissiounen zeréckzeféieren ass", behaapten eng Rei Publikatiounen, déi de mënschlechen Ursprong vun der Äerderwiermung a Fro stellen.

Se ginn op Facebook an Twitter gedeelt a weisen de Screenshot vun engem Blogartikel, deen den 2. Oktober 2022 op der amerikanescher Websäit The Daily Sceptic verëffentlecht gouf a mat Hëllef vun engem automateschen Iwwersetzungstool op Franséisch iwwersat gouf. Déi englesch Originalversioun ass hei ze gesinn.

RTL

Capture d'écran prise sur le site américain The Daily Sceptic le 11 octobre 2022

Den Text vun Daily Sceptic gouf och vum ëmstriddene Sänger Francis Lalanne op der amerikanescher Plattform Gettr propagéiert, déi vun engem eemolege Pressespriecher vum Donald Trump gegrënnt gouf. Op Twitter an op Reddit zirkuléiert d'Behaaptung och an englescher Sprooch.

Etüd widderleet net de vum Mënsch gemaachte Klimawandel

Fir seng Behaaptungen ze ënnermaueren, berifft sech den Daily Sceptic op eng Rei wëssenschaftlech Aarbechten, besonnesch op eng Etüd, déi am Dezember 2021 an der Communications earth & environment, enger Fachzäitschrëft vun Nature, erauskoum.

D'Aarbechte vun dräi japanesche Klimafuerscher vun der Universitéit vun Hokkaido huelen un, dass den observéierte Ralentissement vun der Erwiermung a vum Äisverloscht op Grönland an de leschten 10 Joer op den El Nino zeréckgeet. Den El Nino ass e Wiederphenomen, dat déi global Temperature beaflosst an Dréchenten an Iwwerschwemmunge verschlëmmert.

D'Auteuren hunn erausfonnt, dass den El Nino niddereg Temperaturen op Grönland verursaacht huet, andeems en duerch d'Bildung vu Wierbelstierm e méi kille Loftstroum a Richtung Norden ausléist.

Fir den Daily Sceptic ass den Afloss vum Naturphenomen op d'Temperaturen an d'Äis op Grönland e Beweis dofir, dass de Klimawandel net vum Mënsch, mee vun der Natur ausgeléist gëtt:

"Esou Konklusiounen diskreditéieren déi haut 'etabléiert' simplistesch wëssenschaftlech Opfaassung, dass de Kuelendioxid, deen duerch d'Verbrenne vu fossille Brennstoffer duerch de Mënsch produzéiert gëtt, den Haaptmotor fir d'Erwiermung an d'Ofkillung vun eisem Planéit ass", schreift de Blog.

Allerdéngs huet den Haaptauteur vun der wëssenschaftlecher Publikatioun, de Shinji Matsumura, Fuerscher um Japaneschen Institut fir Geowëssenschaften a Katastrophenresilienz, der AFP verséchert, dass d'Resultater vun der Etüd falsch interpretéiert goufen:

"Eisen Artikel gouf duerch dëse Blogartikel verzerrt. Mir sinn net domat averstanen, dass [d'Resultater vun der Etüd, Um. v. d. Red.] d'Tatsaach diskreditéieren, dass d'CO2-Emissiounen, déi vum Mënsch produzéiert ginn, den Haaptmotor vum Klimawandel sinn", huet hien der AFP de 5. Oktober an enger E-Mail matgedeelt an och dorun erënnert, dass "déi global Temperatur opgrond vum anthropogeene Klimawandel klëmmt" (heescht, vum Mënsch gemaach).

De Shinji Matsumura huet och verséchert, dass déi wëssenschaftlech Publikatioun "d'Gravitéit vum Klimawandel oder d'Noutwendegkeet, d'Zäregasen ze bekämpfen, net erofspillt."

"D'Äiskappe [Äis, dat sech op der Äerd bilt, Um. v. d. Red.] vu Grönland schmëlze laangfristeg opgrond vun der globaler Erwiermung, déi duerch d'Emissioun vun Zäregasen ausgeléist gëtt, awer den Tempo vum Schmëlzen ass an de leschten zéng Joer méi lues ginn", heescht et an engem Pressecommuniqué vun der Universitéit vun Hokkaido, déi am Abrëll 2022 verschéckt gouf, fir d'Etüd aus dem Dezember 2021 virzestellen.

D'Resultater vun der japanescher Etüd "weisen, wéi natierlech Verännerunge parallel zu der globaler Erwiermung wierken a lokal klimatesch Konditioune verännere kënnen. Mir ginn awer dovun aus, dass  déi global Erwiermung an d'Schmëlze vun den Äiskappen op Grönland an am Rescht vun der Arktis opgrond vun den Auswierkungen duerch déi anthropogeen Erwiermung an Zukunft nach acceleréiere wäert", füügt de Wëssenschaftler dobäi.

"Mir befannen eis iwwerhaapt net an enger Erhuelungsphas vun den Äiskappen op Grönland", seet d'Heïdi Sevestre, Glaziologin a Member vum Iwwerwaachungs- a Bewäertungsprogramm vun der Arktis, déi den 11. Oktober vun der AFP kontaktéiert gouf. "An dësem Joer zum Beispill, a Bezuch op den Äisverloscht, war et e bësse manner extreem wéi üblech. Awer wat op Grönland all Summer an all Joer geschitt, bleift katastrophal."

"Wann et an Europa an eise Breedegraden extreem waarm ass, ass d'Warscheinlechkeet grouss, dass d'Arktis e bësse méi kal a méi fiicht ass wéi soss. Dat hu mir an dësem Summer observéiert: Frankräich huet gebrannt, wärend Grönland net déi selwecht Hëtztwell erlieft huet", erkläert d'Fuerscherin, déi de Summer op Grönland verbruecht huet, fir de Buedem ze ënnersichen.

"Duerch zimmlech komplex Wiederphenomener kann et effektiv hei eng liicht Ofkillung ginn, do e bësse méi Schnéi op de Gletscher. Awer et kann een net widderleeën, dass den observéierte Verloscht un Äis an direktem Zesummenhang mat der mënschlecher Aktivitéit steet", sou d'Konklusioun vun der Wëssenschaftlerin.

D'Kaart vun engem däneschen Arktisfuerschungsinstitut weist och den unhalende Verloscht un Äis op den Äiskappe vu Grönland:

RTL

Capture d'écran prise sur le site Polar Portal le 20 octobre 2022

"Am Zäitraum vun 2003 bis 2011 huet d'Äisdecke vu Grönland 234 km3 Waasser pro Joer verluer, wat de Mieresspigel all Joer duerchschnëttlech ëm 0,65 mm klamme léisst", heescht et um Internetsite vum Institut.

D'Äis an der Arktis gëtt manner

Den Daily Sceptic behaapt och, dass sech d'Äis an der Arktis, also d'Äisfläch, déi sech un der Uewerfläch vum Ozean bilt, "erhëlt".

Och hei behaapt de Blog, sech op wëssenschaftlech Aarbechten ze stëtzen, an zwar déi vum Nationalen Zenter fir Schnéi- an Äisdonnéeën (NSIDC) aus den USA, dat d'Donnéeën iwwer d'arktescht Äis sammelt.

Bei senge Recherchen huet den NSIDC festgestallt, dass d'Äis am September 2022 méi grouss war wéi am September 2012.

Fir den Daily Sceptic ass dës Observatioun e Beweis dofir, dass "d'Erhuelung vum arktesche Mieräis am Summer a leschter Zäit spektakulär war". Dat ass awer eng Feelinterpretatioun vun den NSIDC-Donnéeën.

Am September 2022 gouf et zwar eng méi grouss Äisfläch wéi 2012, mee dat bedeit net, dass sech dat arktescht Äis am Laf vun der Zäit "erhëlt".

Den NSIDC erkläert a sengen Aarbechten, dass déi aktuell Fläch vum arktesche Mieräis 1,54 Millioune Quadratkilometer ënnert dem Duerchschnëtt vun de Joren 1981-2010 läit.

RTL

Des icebergs flottent dans la baie de Baffin près de Pituffik au Groenland, lors d'une mission aérienne visant à mesurer la fonte de la glace de mer arctique, le 20 juillet 2022. ( AFP / KEREM YUCEL)

A senger Etüd huet den NSIDC och festgestallt, dass d'Äis an der Arktis am September 2022 am Verglach zum Duerchschnëtt vun de Joren 1981-2010 zanter dem Ufank vun de Miessunge pro Joerzéngt ëm 12,3 % zeréckgaangen ass.

"Säit 1979 huet de Mount September en Äisverloscht vun 3,59 Quadratkilometer verzeechent", stellt de Fuerschungszenter fest, "dat ass ongeféier duebel esou grouss wéi Alaska."

An dësem Zesummenhang schreift den intergouvernementale Grupp vun Experten fir d'Klimaentwécklung (IPCC) an der Zesummefaassung vun engem vun de wichtegste Rapporten: "Tëscht 2011 an 2020 huet déi duerchschnëttlech Fläch vum arktesche Mieräis hiren niddregste Stand säit op d'mannst 1850 erreecht."

Wëssenschaftleche Konsens doriwwer, dass d'Klimaerwiermung duerch de Mënsch ausgeléist gëtt

A sengem Blog behaapt den Daily Sceptic och, dass "vill Wëssenschaftler" scho "grouss Temperaturschwankungen an der Vergaangenheet" observéiert hunn, wéi se an de leschten annerhallwe Joerhonnerten observéiert goufen.

D'Behaaptung, dass déi jéngst Erwiermung normal wär, well d'Temperature scho virdru geschwankt hunn, wär "einfach eng domm Logik", sot de Mike Lockwood, Professer fir Weltraumphysik op der Reading University, der AFP schonn an engem fréiere Faktencheck.

D'Responsabilitéit vun den Zäregasemissioune fir de Klimawandel ass dokumentéiert a gëtt vun der wëssenschaftlecher Gemeinschaft duerch den IPCC bestätegt, wéi d'Grafik aus engem Bericht vum August 2021 weist.

Ënne lénks ass ze gesinn, dass d'Temperaturen an de leschten 150 Joer staark geklomme sinn. Op der rietser Säit ënne weist déi blo Linn, wéi déif d'Temperaturen op der Äerd wären, wann d'Mënsche keng Zäregasen aus fossille Brennstoffer produzéiere géifen:

RTL

Capture d'écran prise sur le site de l'IPCC le 20 octobre 2022

"Et ass onbestridden, dass den Afloss vum Mënsch d'Atmosphär, d'Ozeanen an d'Land erwiermt huet", schreift den IPCC am éischten Deel vum selwechte Rapport.

D'Faktenchecke vun der AFP zum Sujet Energie a Klima sinn hei ze fannen.

Dëse Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.