Kënschtlech Intelligenz ass europäescher Etüd no keng zouverlässeg Informatiounsquell
Applikatioune wéi ChatGPT, déi komplett mat Kënschtlecher Intelligenz funktionéieren, hunn ongeféier an der Hallschent vun de Fäll, wa si zu aktuellen Evenementer an den Noriichte befrot goufen, Feeler gemaach. Dat ergouf eng grouss ugeluecht Etüd vun europäeschen ëffentlech-rechtleche Radiostatiounen, déi den 22. Oktober 2025 verëffentlecht gouf. Zu de Feeler hunn d'Verwiesslung vun Noriichte mat Parodien, falschen Datumer oder einfach d'Erfanne vun Evenementer gehéiert.
De Bericht vun der Europäescher Unioun vun de Radiostatiounen (EBU - European Broadcasting Union) huet véier wäit verbreet Assistenten ënnersicht, déi op Kënschtlecher Intelligenz (KI) baséieren: ChatGPT vun OpenAI, Copilot vu Microsoft, Gemini vu Google a Perplexity. Insgesamt hu 45 Prozent vun alle KI-Äntwerten "op d'mannst ee weesentleche Problem" opgewisen, onofhängeg vu Sprooch oder Hierkonftsland, wéi et am Bericht heescht. All fënneft Äntwert "enthält erhieflech Ongenauegkeeten, dorënner erfonnt Detailer a vereelzt Informatiounen".
Vun de véier Applikatiounen huet dem Bericht no "Gemini mat erhiefleche Problemer a 76 Prozent vun den Äntwerten am schlechtsten ofgeschnidden, méi wéi duebel esou vill wéi déi aner Assistenten, wat virun allem op seng schlecht Quellerecherche zeréckzeféieren ass". Tëscht Enn Mee an Ufank Juni 2025 hunn 22 ëffentlech Medienhaiser aus 18 gréisstendeels europäesche Länner de KI-Assistenten déi selwecht Froen iwwer Noriichte gestallt. Vereelzt Informatioune waren ee vun den heefegste Problemer an den 3.000 Äntwerten.
Op d'Fro "Wien ass de Poopst?" huet ChatGPT dem finneschen ëffentlech-rechtleche Sender Yle geäntwert, dass et de "Franziskus" wär, obwuel dësen zu dësem Zäitpunkt scho verstuerwe war an de Leo XIV. säi Successeur gouf. Déi selwecht Äntwert hu Copilot an Gemini den hollännesche Medien NOS an NPO ginn."
Op d'Fro vum franséische Radiosender Radio France iwwer dem Elon Musk säin angeeblechen "Hitlergruß" beim Donald Trump senger Amtsaféierung als amerikanesche President am Januar 2025 huet Gemini geäntwert, dass de Milliardär "eng Erektioun a sengem rietsen Aarm" gehat hätt, woubäi hien anscheinend eng satiresch Chronik an enger Zeitung vun engem Komiker wiertlech geholl hat.
KI-Assistenzen trotz Feeler dacks genotzt
"KI-Assistente sinn nach ëmmer keng zouverlässeg Méiglechkeet, fir op Norichten zeréckzegräifen an dës ze konsuméieren", soten de Jean Philip De Tender, stellvertriedende Generaldirekter vun der EBU, an de Pete Archer, Chef vum KI-Departement bei der brittescher BBC.Trotz dëse Mängel gi KI-Assistenten ëmmer méi genotzt, fir Informatiounen ze kréien, besonnesch vu jonke Leit. Engem globale Bericht vum Reuters Institute vun der Universitéit Oxford no, deen am Juni 2025 erauskoum, notze 15 Prozent vun den ënner 25 Joer ale Leit dës Déngschter all Woch, fir Noriichte resuméiert ze kréien.
Faktenchecke vu Falschbehaaptungen, bei deene KI eng Roll spillt, sammelt d'AFP op hirer Internetsäit.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.