D'EU wëll Kanner net erlaben, hiert Geschlecht selwer ze wielen
© AFP Symbolbild
Mat hirer LGBTIQ+-Gläichstellungsstrategie fir d'Joren 2026 bis 2030 wëll d'Europäesch Kommissioun d'Zesummenaarbecht vun den EU-Staate bei Gläichstellungsfroe stäerken an d'Diskriminéierung bekämpfen.
Riets Blogge behaapten am Internet, mat dëser Strategie géifen d'Memberstaate gezwongen, Kanner hiert Geschlecht selwer auswielen ze loossen - egal, wéi al si sinn. Dat ass awer am duebele Sënn falsch: Weeder muss d'Strategie an nationaalt Gesetz iwwerholl ginn, nach ass vun der fräier Wiel vum Geschlecht fir Kanner rieds.
Rietspopulistesch Bloggen hate kierzlech iwwer "Gender-Onsënn vu Bréissel" rieds, wéi beispillsweis d'éisträichesch Boulevard-Internetsäit "Exxpress" de 14. Oktober 2025 geschriwwen hat. "Kanner sollen hiert Geschlecht fräi wielen - ouni Elteren!", hat de Blogg an der Iwwerschrëft vum Artikel iwwer d'LGBTIQ+-Gläichstellungsstrategie 2026 bis 2030 vun der Europäescher Unioun behaapt. EU-Staaten, déi d'Strategie net ëmsetze géifen, misste mat Kierzunge vun EU-Gelder rechnen.
An änleche Wierder haten och den éisträichesche rietspopulistesche Medium "Auf1" souwéi d'Blogge "Weltwoche" an "Reitschuster" behaapt, d'EU wéilt Kanner an Zukunft hiert Geschlecht selwer bestëmme loossen. D'Behaaptung war ausserdeem op Facebook, X, Telegram an Tiktok am Ëmlaf. Ënner anerem huet de sécherheetspolitesche Spriecher vun der FPÖ am éisträicheschen Nationalrot, de Gernot Darmann, dës Behaaptung gedeelt. Och op Rumänesch gouf se verbreet.
© AFP
A ville Bäiträg gëtt en Extrait aus der neier Strategie als angeebleche Beweis zitéiert. Doran heescht et: "D'Kommissioun wäert den Austausch vu bewäerte Prozeduren tëscht de Memberstaaten erliichteren, fir d'Entwécklung vu Prozeduren iwwer d'rechtlech Unerkennung vun der Geschlechtsidentitéit ze ënnerstëtzen, déi op Selbstbestëmmung berouen a keng Alterslimitt virgesinn."
D'Behaaptung schéngt aus engem Artikel ze stamen, deen den 8. Oktober 2025 am brittesche Medium "The Telegraph" verëffentlecht gouf. An der Iwwerschrëft steet: "Kanner kéinten enger EU-Propos no hiert Geschlecht an der Schoul wielen".
D'brittesch Zeitung beschreift d'Gläichstellungsstrategie als eng "EU-Propos", déi et "Kanner erméigleche kéint, hiert Geschlecht selwer ze wielen" an zu der "Ophiewung vun den Alterslimitte fir d'Geschlechtsunerkennung" féiere kéint. Den Artikel deit och un, dass Iwwerpréiwungen, "ob Kanner wierklech hiert Geschlecht ännere wëllen", dem Plang no "verbuede" géifen. "Memberstaate kéinte bestrooft ginn, wa si d'Gender-Ideologie vun der neier Strategie vun der Europäescher Kommissioun a Fro stellen", heescht et am Artikel vun "The Telegraph" weider.
Allerdéngs entsprécht d'Behaaptung net deem, wat tatsächlech am Dokument vun der EU-Kommissioun steet.
Paragraf vun der LGBTIQ+-Strategie gouf feelinterpretéiert
D'Strategie ass Deel vum Zil vun enger "Unioun vun der Gläichheet", déi d'Europäesch Kommissioun den 8. Oktober 2025 virgestallt huet an d'Benodeelegunge vu verschiddene Gruppen an de Memberstaaten ofbaue soll. Déi aktuell Strategie baut op der änlecherLGBTIQ+-Strategie fir d'Joren 2020 bis 2025 op a setzt nei Prioritéiten, fir d'Diskriminéierung vun der LGBTIQ+-Communautéit a Beräicher wéi Bildung, Beschäftegung, Gesondheet a sozial Inklusioun ze bekämpfe souwéi d'Geschlechtsidentitéit rechtlech unzeerkennen.D'LGBTIQ+-Gläichstellungsstrategie 2026 bis 2030 gouf als politesche Kader, net als Gesetz, vun der Europäescher Kommissioun am Oktober 2025 votéiert. Eegener Ausso no ziilt d'Strategie "dorop of, LGBTIQ+-Persoune viru schiedleche Praktiken an haassmotivéierte Strofdoten ze schützen, LGBTIQ+-Communautéiten a Gremien, déi sech fir Gläichstellung asetzen, ze stäerken an d'Zivilgesellschaft souwéi d'Memberstaaten an aner Acteuren anzebezéien".
Den online gedeelten Ausdrock "Selbstbestëmmung ouni Alterslimitt" daucht an engem Paragraf vun der Strategie op, dee sech mat der rechtlecher Unerkennung vum Geschlecht befaasst. Doran hält d'EU-Kommissioun fest, dass d'Virschrëfte fir d'Ännerung vum Geschlecht an den EU-Länner ganz ënnerschiddlech sinn: "Wärend eng Rei vu Memberstaate Selbstbestëmmungsmodeller ageféiert hunn, schreiwen aner Memberstaate medezinesch Prozedure vir, déi no Usiicht vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter (EGMR, Um. v. d. Red.) géint d'Mënscherechter verstousse kënnen" (Säit 15).
Dowéinst géif d'Kommissioun d'Memberstaate beim Austausch iwwer Prozeduren ënnerstëtzen, mat deenen d'Geschlechtsidentitéit "op der Grondlag vun der Selbstbestëmmung an ouni Alterslimitt" unerkannt gëtt. Dofir missten awer den Dialog tëscht de Länner méi einfach a keng EU-wäit Virschrëfte erlooss ginn, huet eng Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun den 10. Oktober 2025 an enger Pressekonferenz erkläert (hei archivéiert). Am Dokument ginn ausserdeem weeder "Kanner" nach "Mannerjäreger" ausdrécklech ernimmt.
D'Formuléierung "ouni Alterslimitte" war och an der Strategie fir den Zäitraum 2020 bis 2025 dran (Säit 20): "D'Kommissioun wäert den Austausch vu bewäerte Prozeduren tëscht de Memberstaate fërderen, an deenen et drëms geet, wéi zougänglech Gesetzer a Prozedure fir d'Unerkennung vun der Geschlechtszougehéieregkeet op der Basis vum Grondsaz vun der Selbstbestëmmung an ouni Alterslimitten ageféiert gi kënnen." Och an dësem Dokument goufe "Kanner" oder "Mannerjäreger" net ausdrécklech ernimmt.
EU-Kommissioun: Behaaptung wier "ganz einfach falsch"
Op AFP-Ufro huet d'Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun a Rumänien d'online gedeelt Behaaptung den 10. Oktober 2025 zeréckgewisen an de Message widderholl, deen de selwechten Dag zu Bréissel op der Pressekonferenz vun der Europäescher Kommissioun matgedeelt gi war. Wärend der Konferenz hat d'Spriecherin vun der Kommissioun, d'Eva Hrnčířová, gesot, d'Strategie géif dorop ofzilen, "dass all d'Mënschen an Europa gläich behandelt ginn, ouni Diskriminéierung".Der Hrnčířová no baut dat neit Dokument, dat an der Woch vum 10. Oktober 2025 vum Collège vun de Kommissären a Kommissärinne votéiert gouf, "op der fréierer Strategie fir 2020 op" a "fërdert d'Gläichstellung duerch Zesummenaarbecht". D'EU-Staaten "decidéieren iwwer hir eege Gesetzer, a mir hëllefen hinnen dobäi, sech iwwer bewäert Prozeduren auszetauschen", huet d'Spriecherin bäigefüügt.
Si hat ausserdeem betount, dass "mir d'Zoustännegkeete vun de Memberstaaten, zu deenen och déi exklusiv Unerkennung fir de gesetzleche Mindestalter fir déi rechtlech Unerkennung vum Geschlecht gehéiert, onlimitéiert respektéieren". Si hat bäigefüügt: "All Undeitung, dass d'Kommissioun de Memberstaaten esou Moossnamen opzwéngen oder operleeë géif, ass ganz einfach falsch."
A Bezuch op den Ausdrock "fräi vun Alterslimitten" huet d'rumänesch Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun kloergestallt, dass sech dësen net op Kanner oder Mannerjäreger bezitt: "Alterslimitten an dësem Gesetzesberäich falen exklusiv an d'Zoustännegkeet vun de Memberstaaten", huet et geheescht.
"Fir awer all Mëssverständnesser ze vermeiden: D'Kommissioun hat Mannerjäreger net am Sënn, wéi si sech op Alterslimitte bezunn huet", huet d'Kommissiounsvertriedung der AFP den 10. Oktober 2025 op Ufro matgedeelt. "Effektiv hunn all d'Fäll virum EGMR, déi an dësem Zesummenhang an der Strategie ernimmt ginn, Erwuessener concernéiert, vun deenen e puer zum Zäitpunkt vun der Plainte iwwer 60 Joer al waren", huet si bäigefüügt.
De Verweis vun der Kommissioun op "EGMR-Fäll" betrëfft Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter betreffend d'rechtlech Unerkennung vum Geschlecht bei Erwuessenen, an deenen de Geriichtshaff festgestallt huet, dass d'Fuerderung no enger Operatioun oder enger Steriliséierung fir d'Ännere vum gesetzleche Geschlecht d'Recht op Privatsphär verletzt. Dës Fäll huet d'EU och a fréieren Dokumenter fir d'Gläichstellung vun LGBTIQ+-Persounen zitéiert. Keen dovun huet Kanner oder Mannerjäreger concernéiert.
© AFP
Eng vun de féierenden Organisatioune fir d'Rechter vun LGBTIQ+-Persounen a Rumänien, Asociația ACCEPT, huet och gewarnt, dass d'Behaaptungen, déi am Internet gedeelt goufen, falsch wären an Anti-Transgender-Desinformatioun verbreede géif. An engem Statement huet d'Grupp den 10. Oktober 2025 op Facebook erkläert, dass "d'Falschmeldung, dass Kanner 'hiert Geschlecht selwer wiele' kënnen, eng Ligen ass, déi net just dozou déngt, d'Bevëlkerung ze beonrouegen an d'Klima vun de Feelinformatiounen unzeheizen, dat d'Ëffentlechkeet géint eng scho marginaliséiert Minoritéit a Rumänien vergëft".
D'Organisatioun huet betount, dass "a kengem europäesche Land, an deem Mannerjäreger eng Prozedur fir d'rechtlech Unerkennung vun hirem Geschlecht duerchlafe kënnen, dat ouni d'Zoustëmmung vun hiren Eltere méiglech ass, nodeem eng laangwiereg Prozedur ënner Opsiicht vun de Geriichter oder vun den zoustännegen Administratiounen duerchlaf gouf". Se huet bäigefüügt, dass "d'Roll vun den Elteren oder vum gesetzleche Vertrieder vu weesentlecher Bedeitung ass an d'Europäesch Kommissioun net wëlles huet, dat ze änneren".
D'EU huet keng Rechtskompetenzen an dësem Beräich
Dobäi kënnt: D'Europäesch Unioun huet keng Gesetzgeebungskompetenz am Beräich vum Familljerecht oder vun der rechtlecher Unerkennung vum Geschlecht, well dës Beräicher exklusiv an d'Zoustännegkeet vun der nationaler Legislatioun falen. Der offizieller Internetsäit vun der Europäescher Kommissioun iwwer Familljerecht an der EU no "bleift d'Familljerecht zwar an der Zoustännegkeet vun den EU-Memberstaaten, mee d'EU ka bei grenziwwerschreidenden Auswierkunge Gesetzer fir d'Familljerecht erloossen".An dësem Fall wär awer eng speziell Gesetzesprozedur néideg: "All EU-Memberstaat muss eestëmmeg zoustëmmen, an d'Europäescht Parlament muss consultéiert ginn." Dohier kann d'Kommissioun d'Virschrëfte fir de Mindestalter, fir medezinesch Prozeduren oder fir d'Zoustëmmung vun den Elteren net eleng änneren.
Ännerung vum Geschlecht an Däitschland vereinfacht
An Däitschland ass am November 2024 d'Selbstbestimmungsgesetz a Kraaft getrueden. Dëst Gesetz mécht et fir trans-, intergeschlechtlech an nonbinär Persoune méi einfach, "hiert Geschlecht an hire Virnumm op der Carte d'identité änneren ze loossen", wéi dat zoustännegt Bundesministerium für Bildung, Familie, Senioren, Frauen und Jugend op senger Internetsäit erkläert. Et léist d'Transsexuellengesetz of a mécht beispillsweis Expertisen, déi virdrun néideg waren, an eng Geriichtsentscheedung fir d'Ännere vum Geschlecht iwwerflësseg.Hiert Geschlecht kënne Kanner an Däitschland dem Selbstbestimmungsgesetz no net eegemächteg änneren: Hir Erzéiungsberechtegt mussen d'Ännerung fir si ufroen. Mannerjäreger, déi iwwer 14 Joer al sinn, brauchen d'Zoustëmmung vun hiren Elteren oder vum gesetzleche Vertrieder. Am Zweiwelsfall kann dës Zoustëmmung och e Familljegeriicht ginn, erkläert d'Bundeszentrale für politische Bildung.
An der Vergaangenheet huet d'AFP ënner anerem scho Falschbehaaptungen iwwer de Reeboufändel, d'Symbol vun der LBGTIQ+-Communautéit, widderluecht.
Fazit: D'Europäesch Kommissioun plangt net, Kanner hiert Geschlecht an Zukunft selwer auswielen ze loossen. Och eng Strof fir EU-Staaten, déi dës Reegelung net ëmsetzen, ass net virgesinn. E Paragraf vun der LGBTIQ+-Gläichstellungsstrategie 2026 bis 2030 gouf online falsch interpretéiert; Kanner a Mannerjäreger kommen doran net vir. Ausserdeem mussen d'EU-Memberlänner d'Strategie net an hiert Gesetz iwwerhuelen.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.