Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer geféierlech sinn
Ierféierend Behaaptungen iwwer mRNA-Impfstoffer verbreede sech Joren no der Corona-Pandemie nach ëmmer. Am jéngste Fall gouf en italieenescht Dokument aus dem Joer 2020 fälschlecherweis als Beweis dofir gedeelt, dass mRNA-Impfstoffer "geféierlech" wären, well d'Personal ugewise gouf, verschotten Impfstoff mat Bleechmëttel an a kompletter Schutzkleedung ewechzemaachen.
E Virolog huet erkläert, dass d'Dokument net dorop hindeit, dass den Impfstoff geféierlech wär. D'lokal Gesondheetsagence an Italien huet matgedeelt, dass et sech bei der Notiz ëm eng "intern Kommunikatioun" gehandelt a se "kengesfalls en aussergewéinleche Protokoll" duergestallt hätt.
"Wann eng Ampull zerbrécht an op de Buedem fält, muss en Dekontaminéierungsprotokoll fir gëfteg Substanzen duerchgeféiert ginn... Awer wann ee sech domat impfe gelooss huet, war dat absolut sécher?", huet en Notzer den 3. November an engem Bäitrag op der Plattform X gefrot, an deem hien eng Foto vun engem italieenesche Gesondheetsdokument mat Uweisunge fir den Ëmgang mat verschottem Impfstoff deelt.
D'Behaaptung gouf ausserdeem op Facebook souwéi an de Sprooche Franséisch, Italieenesch, Polnesch oder och Rumänesch gedeelt.
An de Bäiträg ass e Bild vun engem Dokument vum 31. Dezember 2020 mam Logo vun "Asl4 Liguria" dran. Dobäi handelt et sech ëm eng lokal Gesondheetsagence vun der Regioun Ligurien an Norditalien.
D'Dokument, dat op Italieenesch verfaasst gouf, huet den Titel "Betriblechen Ëmgang beim aus Versi Verschëdden opgrond vun engem Bruch vun der Impf-Ampull". Ernimmt gëtt dann den Impfstoff Comirnaty, en mRNA-Impfstoff géint Covid-19 vu BioNTech/Pfizer. Uschléissend ginn eng Rei Moossnamen opgelëscht, déi am Fall vun engem Accident befollegt gi mussen.
© AFP
D'Dokument enthält awer just Standardmesurë fir d'biologesch Sécherheet, déi d'medezinescht Personal schütze sollen, wann Impfstoffer aus Versi verschott ginn. Et ass kee Beweis dofir, dass d'Impfstoffer gëfteg sinn, wéi an de Bäiträg behaapt gëtt.
Dokument ass interne Sécherheetshiweis
D'AFP huet erausfonnt, dass d'Dokument vum 31. Dezember 2020 vun "Asl4 Liguria", enger lokaler Gesondheetsagence mat Sëtz zu Chiavari an Norditalien, ausgestallt a vum Ingenieur Gianfranco Venturino vum Preventiouns- a Schutzdéngscht vun der Agence ënnerschriwwe gouf."Sollt et wärend dem Benotzen oder dem Sprëtze vum Comirnaty-Impfstoff zu engem Verschëdden aus Versi kommen, nodeem d'Ampull mat dem Impfstoff zerbrach ass", huet d'Dokument d'Personal ugewisen, missten de Beräich ofgegrenzt an de Raum gelëft souwéi Schutzausrüstung mat waasserdichtem Kittel, Iwwerschong, enger FFP2-Mask, Gesiichtsschutz oder Schutzbrëll souwéi Händschen ugedoe ginn.
Ausserdeem goufen d'Mataarbechterinnen a Mataarbechter ugewisen, "d'Brochstécker vun der Ampull ewechzemaachen an an engem Eemer fir schaarf Géigestänn ze entsuergen" an uschléissend "d'Flëssegkeet mat saugfäegem Material opzehuelen, woubäi vu baussen no banne virgaange gi sollt". Schliisslech heescht et am Dokument, dass de Beräich "mat Natriumhypochlorit dekontaminéiert" gi sollt, woubäi all Eeweeapparater am biologeschen Offall ze entsuerge wären, wärend erëm benotzbar Géigestänn "geméiss de Standardmesuren desinfizéiert" gi mussen. Natriumhypochlorit ass a verdënnter Form och als Bleechmëttel oder Javel (Chlorbleiche) bekannt.
An enger E-Mail vum 8. November 2025 un d'AFP huet Asl4 Liguria d'Echtheet vum Dokument confirméiert. D'Gesondheetsagence huet awer erkläert, dass et eng intern Kommunikatioun wär, déi Handlungsuweisunge fir d'Gesondheetspersonal um Ufank vun der Impfcampagne enthale géif.
D'Dokument hätt "keen externe regulatoresche Wäert a kee pharmakologesche Bewäertungscharakter", mee wär "en internt Dokument, dat als Zil huet, d'Sécherheet vun den Employéen am Gesondheetswiesen an der Ufanksphas vun der Aféierung vum Impfstoff ze garantéieren", sou d'Agence. Et wär als Virsiichtsmoossnam ze gesinn, wéi et an der italieenescher Gesetzgeebung fir Sécherheet op der Aarbechtsplaz, Gesetzesdekreet 81/2008 (Artikel 15 und 18), erausgi gouf.
"Et gouf als adequat ugesinn, maximal Schutzmesurë fir de Fall, wa Fläschelcher aus Versi briechen, ze ergräifen", huet Asl4 erkläert, fir "potenziell Risike bei Haut- oder Aekontakt, Anootme vun Aerosolen a Verschëdde vum Preparat op Aarbechtsflächen ze vermeiden".
Den Aussoe vun der Gesondheetsagence no hunn d'Uweisungen duergestallt, wéi déi richteg Praktiken am Labo unzewende sinn, wa biologesch oder pharmazeutesch Produkter verschott goufen. Ausserdeem géif doran d'Standardausrüstung vum Gesondheetspersonal genannt, dat wärend dem Héichpunkt vun der Pandemie all Dag a Kontakt mat Utilisateure gewiescht wär. Asl4 huet géintiwwer der AFP erkläert: "D'Verfaren, déi an dësem Dokument beschriwwe ginn, waren op kee Fall en Ausnameprotokoll."
Erwäänte Moossname si Standard
D'Uweisungen ëmfaasse Standard-Sécherheetsmoossname fir de Fall, dass injectabel Medikamenter oder biologesch Flëssegkeete verschott goufen, fir den Ëmgang mat pharmazeutesche Produkter, wa Mënschen domat a Beréierung komme kéinten, an "d'Botzen an d'Desinfektioun vu kontaminéierten Uewerflächen", huet d'Asl4 bäigefüügt an huet dorop higewisen, dass den italieenesche Gesondheetsministère an dat medezinescht Fuerschungsinstitut Istituto Superiore di Sanità (ISS) fir esou Verfaren eng Javelkonzentratioun tëscht 0,1 an 0,5 Prozent recommandéieren.De Virolog Fabrizio Pregliasco, Direkter vun der Fachschoul fir Hygiène a Preventivmedezin op der Universitéit Mailand, huet de 5. November 2025 géintiwwer der AFP erkläert, dass d'Dokument "net dorop hindeit, dass den Impfstoff geféierlech ass".
Hie sot, dass "gutt Biosécherheetspraktike vum Niveau BSL-1+ benotzt ginn, dat heescht Standard-Virsiichtsmoossname fir den Ëmgang mat biologesche Produkter mat klengem Risiko". Esou Moossname wären "noutwendeg an verhältnisméisseg, fir d'Sécherheet vum Gesondheetspersonal an d'Anhale vum italieeneschen Aarbechtsschutzgesetz ze garantéieren".
D'Standardrichtlinne vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) recommandéieren och, Bleechmëttel oder änlech Desinfektiounsmëttel ze benotzen, fir biologescht Material ewechzemaachen an esou eng Kontaminatioun ze verhënneren.
Wärend der Pandemie hat d'WHO Desinfektiounsmëttel mat 0,1 Prozent Natriumhypochlorit och fir d'Botze vu gewéinlechen Uewerflächen am Stot recommandéiert, fir de Risiko vun enger Virusiwwerdroung méi kleng ze halen. Wéi Untersuchunge gewisen hunn, gouf festgestallt, dass Natriumhypochlorit de SARS-CoV-2-Virus bannent e puer Minutte effikass inaktivéiert.
Impfungen hunn Doudesfäll ëm 57 Prozent reduzéiert
Italien hat seng national Impfcampagne géint Covid-19 de 27. Dezember 2020 gestart. Zënterhier huet d'EU-Land méi wéi 150 Milliounen Impfdosisse gesprëtzt an eng Impfquot vu bal 85 Prozent bei der Bevëlkerung erreecht.Eng italieenesch Etüd aus dem Joer 2022 huet gewisen, dass de Risiko, sech mat SARS-CoV-2 ze infizéieren, an d'Klinick ageliwwert ze ginn, op d'Intensivstatioun ze kommen oder souguer ze stierwen, fir net geimpft Leit vill méi héich war wéi fir vollstänneg Geimpfter, "wouduerch d'Bedeitung vun der Prioriséierung vun der Covid-19-Impfung däitlech gëtt".
D'WHO hat am Joer 2024 erkläert, dass d'Covid-19-Vaccinen zënter der Aféierung am Dezember 2020 d'Zuel vun den Doudesfäll duerch d'Pandemie ëm op d'mannst 57 Prozent reduzéiert an domat méi wéi 1,4 Millioune Mënscheliewen an Europa gerett hunn. "Déi meescht vun de Leit, déi gerett goufen, ware 60 Joer oder méi al, also d'Grupp mat dem héchste Risiko fir schwéier Erkrankungen an Doudesfäll duerch de SARS-CoV-2-Virus", housch et.
Eng weider Etüd, déi 2025 am amerikanesche Fachmagasinn "Journal of the American Medical Association" verëffentlecht gouf, ergouf, dass Covid-19-Impfungen tëschent 2020 an 2024 2,5 Milliounen Doudesfäll verhënnert huet.
Obwuel d'Sécherheet vu Vaccine gréisstendeels confirméiert gouf, hunn Untersuchungen och e puer seelen Niewewierkungen opgewisen. Déi weltwäit gréisst Etüd iwwer mRNA-Vaccine vu BioNTech/Pfizer a Moderna souwéi dem Vektor-Impfstoff vun Astrazeneca géint Covid-19, un där Millioune vu Leit deelgeholl an där hir Resultater am Februar 2024 virgestallt goufen, huet d'Seltenheet vun den no der Impfung géint Covid-19 festgestallten Niewewierkunge confirméiert, dorënner Myokardits, Perikarditis, Guillain-Barré-Syndrom an zerebral Venenthrombosen.
Fuerscher vun dëser Etüd vum Global Vaccine Data Network (GVDN), un där méi wéi 99 Millioune Mënschen, déi mat engem Covid-19-Vaccin geimpft goufen, aus Australien, Argentinien, Kanada, Dänemark, Finnland, Frankräich, Neiséiland a Schottland deelgeholl haten, hunn awer betount, dass d'Virdeeler vun de Covid-19-Vaccinen ëmmer nach "d'Risike bei Wäitem iwwerweien". Si hu beispillsweis drop higewisen, dass "d'Warscheinlechkeet vun engem neurologesche Fall no enger akuter SARS-CoV-2-Infektioun bis zu 617-mol méi héich war wéi no enger Covid-Impfung".
© AFP
D'italieenesch Gesondheetsagencen hunn den mRNA-Impfstoff vu BioNTech/Pfizer net als geféierlech agestuuft. Souwuel d'Agenzia Italiana del Farmaco wéi och den ISS hunn erkläert, dass e sécher ass an als Virbeugung géint Covid-19 recommandéiert gëtt.
Am September 2025 huet den italieenesche Gesondheetsministère eng nei Covid-19-Impfcampagne fir d'Hierscht- a Wantersaison gestart an huet en neie Vaccin ageféiert, deen aktualiséiert gouf, fir déi am stäerkst vulnerabel Gruppe virun enger neier Variant ze schützen.
Weider Faktenchecken iwwer Impfungen a Covid-19 sammelt d'AFP op hirer Internetsäit.
Fazit: En italieenescht Dokument enthält Sécherheetshiweiser fir d'Entsuerge vun zerbrachen Ampulle vum Covid-19-Impfstoff Comirnaty. Dat Dokument aus dem Joer 2020 beleet awer net, dass den mRNA-Vaccin toxesch ass, wéi e Virolog an d'Agence, déi dës Virgäng erausginn haten, confirméiert hunn.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.