"Ukrain ënner Beschoss: De Krich steiert Richtung Hell mat dräi bluddege Fronten". Bréngt dës Schlagzeil Iech dozou, drop ze klicken? Vläicht hunn e puer vun Iech et souguer gemaach, an zwar iwwer d'MSN-Portal, dat op Bing a Microsoft installéiert ass.

Dobäi handelt et sech ëm en Artikel vun enger kanadescher Internetsäit mam Numm "Votre Dose Quotidienne". Dës Artikelen, déi iwwer international Geopolitik oder Kricher berichten, ginn enger RTBF-Enquête no mathëllef vu Bots a Kënschtlecher Intelligenz erstallt. Hiren Inhalt gëtt dacks staark verzerrt an/oder iwwerdriwwen duergestallt, fir dass een drop klickt. RTBF huet sech an dës Welt vum "Clickbaiting" gewot, an där all Tricken erlaabt sinn.

D'Recherchë vun RTBF fänke mat enger E-Mail vun engem Lieser, Jean-Pierre, un, déi de 16. September un hir Redaktioun geschéckt gi war. Hien hat dem ëffentlech-rechtleche belsche Sender geschriwwen: "Duerch déi invasiv Politik vu Microsoft gesi mir um Enn en Informatiounsstrang, wa mir den Edge-Browser op der Aarbechtsplaz benotzen. An dësem observéieren ech ëmmer nees Artikelen, déi vun engem Journalist mam Numm Maxime Marquette geschriwwe goufen. Hie bericht haaptsächlech d'Erfolleger vun der ukrainescher Arméi. Säi Stil ass zimmlech geschwollen. Fro u seriö Journalisten: Gëtt et dës Persoun wierklech? Handelt et sech ëm eng verifizéiert Informatioun? Handelt et sech ëm en Informatiounsaggregator, dee KI-Tools benotzt?"

Den RTBF-Notzer verweist konkreet op en Artikel mat der Iwwerschrëft "Ukrain pulveriséiert russescht 60-Millioune-Schëff: Dem Putin seng Flott stierft am Schwaarze Mier", deen op der MSN-Plattform verëffentlecht gouf. Den Titel ass dem Lieser komesch virkomm, well e mat vill Nodrock, lackeleg, jo souguer ze spektakulär wierkt. D'Zil ass virun allem, d'Leit virwëtzeg ze maachen an dozou ze kréien, op de Link ze klicken, fir méi gewuer ze ginn. A journalistesche Kreesser benotze munch Leit den Ausdrock "Putaclic" oder "Klickfal".

Den Haaptdeel vum Artikel ass an dësem Stil gehalen. Ausgewielt Auszich: "Bei Sonnenopgang, deen an déi zäitgenëssesch Marinngeschicht agoe wäert"; "Dës Fluchmaschinn ass d'Resultat vun engem Militärgenie"; "Dësen Ugrëff [...] weist d'Ausmooss vun der taktescher Revolutioun, déi haut d'Codë vun der Krichsféierung um Mier op de Kapp stellt".

RTBF huet d'Informatiounen an dësem Artikel an engem Faktencheck (ënnen ze fannen) iwwerpréift a koum zur Konklusioun, dass en eng Informatioun vum ukrainesche Verdeedegungsministère weidergëtt, ouni dass e Journalist, een an der Ukrain, en anere Medium oder en offiziellt internationaalt Organ dës Informatioun iwwerpréiwe konnt.

Virun allem awer ass d'Informatioun verzerrt. Wärend den ukrainesche Verdeedegungsministère dovu schwätzt, dass d'elektresch Iwwerwaachungssystemer vum Schëff ausser Betrib gesat goufen an ëmfangräich Reparaturen erfuerderlech wären, schwätzt den Artikel op "Votre Dose quotidienne" a senger Iwwerschrëft dovun, dass d'Schëff "pulveriséiert" gi wär.

Faktencheck: Nee, eng ukrainesch Dron huet am Schwaarze Mier kee russescht 60-Millioune-Schëff "pulveriséiert"

Den 12. September 2025 housch et an engem Artikel, deen däitschsproocheg belsch Notzer iwwer d'MSN-Plattform ugebuede kruten: "Ukrain pulveriséiert russescht 60-Millioune-Schëff: Dem Putin seng Flott stierft am Schwaarze Mier".

Am Artikel heescht et, dass "den 10. September 2025, op engem Dag, deen an déi zäitgenëssesch Marinngeschicht agoe wäert, eng ukrainesch Kampfdron d'Gewässer vum Schwaarze Mier gedeelt huet, fir dem Stolz vun der russescher Marinn en déidleche Schlag ze versetzen."

De ganzen Text beschreift an iwwerdriwwener Manéier eng ukrainesch Militäroperatioun mathëllef vun enger Dron: "Dës Fluchmaschinn, e Produit vum ukrainesche Militärgenie, huet d'Ëmgéigend vun Noworossijsk zu enger Schauplaz vun enger beispillloser Humiliatioun fir dem Putin seng Marinn verwandelt. An der déidlecher Stëll virum Opprall konnt sech keen u Bord vum Schëff MPSV07 virstellen, dass sech hir Routinemissioun an en technologeschen Albdram vu chirurgescher Prezisioun verwandele géif."

Den Text nennt dës Attack op e russescht Schëff "e Meeschterwierk vu militärescher Prezisioun", dat "direkt all Navigatiouns- a Kommunikatiounsapparater zerstéiert an dëst modernt Krichsschëff an eng um Mier dreiwend Coque verwandelt huet, déi hir elektronesch Sënner verluer huet."

Wärend den Artikel fir d'éischt erkläert, dass d'Attack d'elektronesch Systemer vum Schëff paralyséiert hätt, daucht dat am Titel ernimmt Element vun der Zerstéierung (Um. v. d. Red.: pulveriséiert) méi spéit nees op. "D'Zerstéierung vum Schëff MPSV07, dat zënter 2015 am Déngscht war an e Wäert vu 60 Milliounen hat, ass wäit méi wéi just e materielle Verloscht fir déi schonn ausgeblutt russesch Marinn."

En Ugrëff, deen dem ukrainesche Verdeedegungsministère no "deier Reparaturen" no sech zéie wäert

Bei der Online-Recherche iwwer dës ukrainesch Dronenattack op e russescht Schëff ass RTBF op e YouTube-Video gestouss, dee vum offizielle Kont vun der Generaldirektioun fir Norichtendéngschter vum ukrainesche Verdeedegungsministère verëffentlecht gouf.

Dës Sequenz, déi den 11. September 2025 publizéiert gi war, weist d'Perspektiv vun enger Dron, déi iwwer dem Mier op e Schëff duerflitt. D'Zil vun der Dron ass an der Mëtt vum Bildschierm ze gesinn. No e puer Sekonne gëtt en Text op ukrainesch ugewisen.

Mathëllef vum Tool "Google Lens", deen am Chrome-Browser integréiert ass, huet RTBF den Text selektionéiert a vun der Google-KI Gemini iwwersetze gelooss: "D'Bild weist, dass e russescht Krichsschëff vum Typ MPSV07 getraff gouf" ("УРАЖЕНО РОСІЙСЬКИЙ ВІЙСЬКОВИЙ КОРАБЕЛЬ ПРОЄКТУ MPSV07").

D'Dron kënnt dem Schëff ëmmer méi no a wéi se d'Deck erreecht, geet dëst a Flamen op, duerno gëtt déi 30 Sekonne laang Sequenz gestoppt.

Den Text ënnert dem Video liwwert weider Detailer iwwer dës Operatioun:

"Den 10. September 2025 hu Spezialkräfte vum Service GUR vum ukrainesche Verdeedegungssystem an de Gewässer vum Schwaarze Mier en neit, deiert militärescht Zil vum russeschen Aggressorstaat fonnt an erfollegräich zerstéiert: e multifunktionellt Schëff vum Typ MPSV07, dat zu der feindlecher Schwaarz-Mier-Flott gehéiert", heescht et am ukraineschen Text.

Dëst Schëff ass 2015 eng éischt Kéier ënner russeschem Fändel gefuer. Seng Käschte belafe sech op ronn 60 Milliounen US-Dollar. Insgesamt huet den Aggresseur véier esou Schëffer. D'Schëff vum Typ MPSV07 ass mat Dauchkomplexen, ferngesteierten Apparater, engem Side-Scan-Sonar an elektroneschen Opklärungsapparater ausgerëscht. Et ka fir d'Inspektioun vum Mieresbuedem agesat ginn. D'Leeschtung vum Schëff läit bei 4 MW (Megawatt).

Zum Zäitpunkt vun der Attack duerch Spezialkräfte vum GUR war dat feindlecht Schëff amgaangen, Funkopklärungen duerchzeféieren, an war an der Bucht vun Noworossijsk op Patrull. Hei huet Russland d'Iwwerreschter vu senger Schwaarz-Mier-Flott "lokaliséiert".

D'GUR-Kämpfer vum ukrainesche Verdeedegungsministère hu mat enger Kampfdron aus ukrainescher Produktioun e prezisen Treffer am Beräich vun der Kommandobréck gelant, wou sech ënner anerem d'Navigatiouns- a Kommunikatiounsinstrumenter vum Schëff befonnt hunn. De Coup huet d'elektresch Opklärungsapparater vum feindleche Schëff zerstéiert, dat doropshin ausser Gefecht gesat war an deier Reparature brauch."

Echoen op d'Operatioun an der ukrainescher Press, awer keng onofhängeg Iwwerpréiwung

Den 11. September hunn Artikelen an der ukrainescher Press d'Attack vun der ukrainescher Arméi opgegraff. D'Zeitung "Kyiv Post" schreift: "Den ukrainesche Militärgeheimdéngscht (GUR) huet en Donneschdeg matgedeelt, dass seng Spezialkräfte bei enger Dronenattack en héichwäertegt Schëff vun der russescher Schwaarz-Mier-Flott an der Géigend vun Noworossijsk getraff an neutraliséiert hätten."

De "Kyiv Independent" sengersäits gräift an engem Artikel Deeler vum Communiqué vum ukrainesche Verdeedegungsministère op: "Als Resultat vun dësem Coup goufen d'elektronesch Opklärungssystemer vum russesche Schëff zerstéiert, an d'Schëff gouf aus dem Déngscht geholl an an d'Reparatur geschéckt, wat héich Käschte mat sech zéie wäert", huet d'GUR an hirem Communiqué vum 11. September matgedeelt."

D'ukrainesch Dageszeitung stellt awer am Uschloss kloer, dass si dës Behaaptungen net iwwerpréiwe konnt.

Dësen Artikel gouf op der MSN-Plattform verëffentlecht, déi Notzer vu Windows-Computeren oder vun de Microsoft-Déngschter Edge oder Bing beschtens bekannt ass.

D'MSN-Plattform beschäftegt keng Journalisten a produzéiert selwer keng Artikelen. Se verëffentlecht Artikelen nei, déi vun aneren Internetsäite verfaasst a produzéiert goufen. An dësem Fall ass den Auteur vum Artikel de Maxime Marquette, deen ursprénglech op der Internetsäit "Votre dose Quotidienne" publizéiert huet. Genee mat dësen Elementer huet d'Enquête vun RTBF ugefaangen.

RTL

© Capture d’écran RTBF / Capture d’écran d’un article de Votre Dose Quotidienne proposé sur la plateforme MSN.

De Kampf ëm Klicks op der MSN-Plattform

Wien ass de Maxime Marquette? Ass hien e Journalist? Ass "Votre Dose Quotidienne" en zouverlässegt Medium?

Fir dat erauszefannen, huet RTBF all d'Artikele gesammelt, déi hien zënter sengem Optrieden op der Internetsäit, den 10. August 2024, verëffentlecht huet. A bal véierzéng Méint huet de Maxime Marquette 2.415 Artikele geschriwwen an op dëser Säit verëffentlecht, wat engem Duerchschnëtt vu 5,7 Artikele pro Dag entsprécht - Weekenter a Feierdeeg abegraff.

Heiansdo huet de Maxime Marquette an engem vill méi grousse Rhythmus Artikelen online gestallt, virun allem zënter Mee vun dësem Joer (2025). Zum Beispill: 15 Artikelen de 5. Mee, 18 Artikelen den 19. Mee, 14 Artikelen den 18. Juni a 35 Artikelen den Dag drop. Säi Rekord bleift säin éischten Dag op der Internetsäit, den 10. August 2024, wéi hien tëscht 16.36 Auer an 17.36 Auer 122 Artikele verëffentlecht hat, éier hie bis Enn September vum selwechte Joer näischt méi verëffentlecht huet. 

visualization

An dësem Stadium vun der Enquête huet RTBF vermutt, dass Roboteren oder Kënschtlech Intelligenz agesat goufen, fir sou vill a sou laang Artikelen ze produzéieren, déi sech mat sou spezifeschen, usprochsvollen a villfältege Sujete wéi dem Noen Osten oder dem Krich an der Ukrain befaassen.

D'Quantitéit un Artikelen, déi deeglech produzéiert ginn a sech virun allem mat geopolitesche Sujete befaassen, ass fir een eenzele Journalist ouni d'Ënnerstëtzung vun enger professioneller an erfuerener Redaktioun onméiglech ze bewältegen. Dëse Produktiounsvolumen ass awer d'Grondlag vun der Strategie, déi vun der Internetsäit verfollegt gëtt.

Wéi RTBF de Maxime Marquette zu senge benotzte Quellen a senge Methode vun der Informatiounsveraarbechtung befroe wollt, huet hie sech geweigert, dës Froen ze beäntweren.

"50 Millioune Views an dräi Méint"

Op LinkedIn, wou sech de Maxime Marquette als Content Creator an net als Journalist virstellt, huet hie sech am August 2025 gebretzt, a just dräi Méint "50 Millioune Views an Interaktiounen op MSN mat "Votre Dose Quotidienne" kritt ze hunn. Eng bedeitend Zuel fir eng nei franséischsproocheg Plattform. RTBF huet awer net d'Mëttel, fir d'Richtegkeet vun dëser Zuel ze confirméieren.

D'Zil ass also, immens vill ze verëffentlechen, an zwar "optiméiert", fir vum MSN-Algorithmus ausgewielt ze ginn, fir dass seng Inhalter de Lieser, déi op dem Portal ënnerwee sinn, ugebuede ginn. Well d'Internetsäit "Votre Dose Quotidienne" Plaze fir Reklamm huet, ass dat fir de Maxime Marquette eng Méiglechkeet, säi Liewensënnerhalt ze finanzéieren.

Fir seng Chancen ze erhéijen, vun MSN ausgewielt an da vu potenzielle Lieser ugeklickt ze ginn, notzt de Maxime Marquette déi bekannt Tricke vun der sougenannter "Clickbait"-Strategie, déi op Franséisch och heiansdo "Putaclic" genannt gëtt. Se besteet doran, spléckend, kontrovers oder neiaarteg Sujeten aus den Noriichten opzegräifen a se mat sensationellen, iwwerdriwwenen oder souguer ierféierende Schlagzeilen oder Biller ze presentéieren, fir Opmierksamkeet ze erreegen a fir dass d'Leit drop klicken.

Bei der zoufälleger Auswiel vun dräi Titelen deckt RTBF (fett gedréckt) sensationalistesch (iwwerdriwwen an emotional) Wierder op, déi gestane Journalisten net benotze géifen:

  • "D'Hell vu Wolograd: 115 Explosioune pulveriséieren d'russesch Ueleg-Krichsmaschinerie",
  • "De Vance explodéiert vu Roserei: Obama beschëllegt, den Doud vum Charlie Kirk auszenotzen, fir Amerika ze splécken",
  • "D'UKrain trëfft d'Häerz vun de russeschen Uelegmagnaten: eng explosiv Strategie, déi d'Krichswirtschaft trëfft".

Dës Titele mat Bezuch op international Noriichte si representativ fir den Output vun der Internetsäit, well RTBF-Recherchen no déi meescht vun de vun hir analyséierten Titelen den Donald Trump - den Numm vum amerikanesche President daucht a 17,92 Prozent vun den Titelen op -, d'Ukrain (11,18 %), Russland (6,96 %) oder de Putin (6,09 %), ernimmen. Dës Sujete gëllen als besonnesch publikumswierksam am Internet.

De Morgan Fauvel, SEO-Manager bei RTBF, deen d'Viralitéit vu bestëmmte Sujeten an hir Verbreedung am Internet analyséiert, confirméiert: "Mir observéieren eendeiteg eng Strategie vun der Sensationaliséierung vun Titelen. MSN hieft dës Zort vu Sujete méi staark ervir wéi beispillsweis Google. An dat schéngt bei him ze funktionéieren, well 50 Millioune Views an dräi Méint si gläichbedeitend mat deem, wat RTBF erreeche kann", andeem et Dosende vu Journalisten a Redaktere beschäftegt, fir dës Inhalter ze produzéieren.

De Maxime Marquette wollt keng Froen zum Stil oder zu senger Strategie, fir Klicks ze kréien, beäntweren.

Votre Dose Quotidienne, eng Säit aus der Galaxie vu Clickbaits

Wann een den Domainnumm vu "Votre Dose Quotidienne" analyséiert, entdeckt een eng Rëtsch aner Internetsäiten, déi de selwechten Usaz, séi selwecht Strukturen an de selwechten Design benotzen - dacks ännert sech just d'Faarf vun der Säit. Insgesamt huet RTBF 18 "Schwëstersäite" gezielt, déi all franséischsproocheg sinn a sech mat Sport, Elteresinn, Fraemoud, Stand-up-News, Medien a Québec, Nuechtliewen, Natur asw. befaassen.

Vun deenen 18 Internetsäiten ass déi eng oder aner haut net méi aktiv. Verschiddener vun hinne ginn och op dem MSN-Portal virgestallt. Bis op "Dose Quotidienne" (Um. v. d. Red. vun der Websäit-URL ofgeleeten Diminutiv) befaasst sech keng vun den anere Säite mat politeschen oder internationalen Noriichten. Insgesamt handelt et sech bei dësen anere Säiten ëm liicht Sujeten, wéi se soss iwwerall am Internet ze fanne sinn.

RTL

© Capture d’écran RTBF / Comparaison de six sites différents appartenant à la même galaxie que « Votre Dose Quotidienne ».

Der RTBF-Enquête no verëffentlecht de Maxime Marquette op dësen anere Sitten näischt, mat Ausnam vun "trucs de files", déi zënter Abrëll dëses Jores net méi aktualiséiert gouf. Dat zum selwechte Moment wéi de Maxime Marquette d'Produktioun vun Inhalter op "Votre Dose Quotidienne" acceleréiert hat. Déi aner Internetsäite gi vu Redaktere gefëllt, déi RTBF identifizéiere konnt. E puer Artikelen, déi awer wéinst der Unzuel vun de Produktiounen eng zimmlech kleng Minoritéit duerstellen, ginn un, "mathëllef vu KI erstallt" ginn ze sinn (hei an hei).

Déi meescht vun dëse Websäite gi vun der Firma OBOX bedriwwen, wéi si selwer op der Plattform LinkedIn matdeelt. "OBOXmedia ass en Netzwierk vu Web-Publisher, dat sech duerch d'Qualitéit vu sengen originellen Inhalter, säi ganz engagéierte Public a seng "Premium"-Offer fir Reklammen auszeechent. Eis Marke si bei de Leit aus Québec bekannt a beléift: NIGHTLIFE.CA, TonPetitLook, TPL Moms, Ton Barbier, HollywoodPQ et Dans les coulisses. Mir vertrieden och Qualitéitsverläg wéi 3 Fois par Jour, Pratico-Pratiques, Le Cahier asw. Staark Marken, déi hirersäits groussen Intressi ausléisen."

Op senger Internetsäit weist OBOX méi oder manner seng Strategie vun de siwe Schrëtt, déi et hiren Angaben no erméiglecht, "qualitativ héichwäerteg Zilgruppen ze kreéieren":

  1. Backlinking: Dat ass eng Technik fir d'Optiméierung vu Sichmaschinnen, bei där eng Rëtsch Internetsäite sech vercrosslinken, wouduerch Siichtbarkeet vun dëse Säiten duerch Sichmaschinnen erhéicht gëtt; 
  2. Dës Technik gëtt duerch d'Netzwierk vun Internetsäite confirméiert, déi "eng Villzuel vu Sujeten ofdecken";
  3. Dës Internetsäite gi mat "relevanten, uspriechenden an optiméierten" Inhalter gefiddert...
  4. ... Awer och duerch Kënschtlech Intelligenz, déi "d'automatiséiert Erstelle vun Text-, Video- oder Fotoeinhalter" erméiglecht;
  5. D'Syndizéierung stellt d'Verbreedung vun dësen Inhalter "iwwer Plattforme wéi MSN, Apple News oder Google Discover" duer;
  6. OBOX annoncéiert schliisslech eng Marketingstrategie op Mooss fir all Kanal  
  7. An eng aktiv Presenz an de Sozialen Netzwierker.

RTL

© Capture d’écran RTBF / Capture d’écran du site d’OboxMedia montrant leur stratégie pour générer de l’audience sur leurs sites.

Dëst Scheema, dat op der Websäit vun OBOX ze gesinn ass, confirméiert d'Elementer, déi RTBF a senger Enquête fonnt huet: d'Villzuel u Schwëstersäiten, dat deelweis automatiséiert Erstelle vun uspriechenden Inhalter mat Hëllef vu KI, d'Bedeitung vu Plattforme wéi MSN. An dat alles mam Zil, fir e méi grousse Public ze erreechen.

OBOX gouf per E-Mail, Telefon an iwwer d'Sozial Netzwierker kontaktéiert, huet awer op keng Ufro reagéiert.

Dem Maxime Marquette seng Vergaangenheet als falsche Blechschléier

Bei "Radio Canada" kenne si de Maxime Marquette schonn, wéi dës Enquête aus dem Joer 2023 weist. Dora gëtt detailléiert beschriwwen, wéi falsch Blechschléier, déi sech op Noutfäll a Québec spezialiséiert haten, Clienten, déi wéinst engem Waasserschued op Hëllef ugewise waren, am Internet bedrunn hunn.

"Dës Persounen investéieren an de Kaf vu Schlësselwierder, fir hir Internetsäiten an de Resultater vu Google no uewen ze bréngen", hunn d'Kolleege vu "Radio Canada" erkläert. Dës Technik vun der Optiméierung vu Sichmaschinnen ass änlech wéi déi, mat där sech RTBF beschäftegt huet.

D'Myriam Ertz, Professesch fir Marketing op der Université du Québec zu Chicoutimi, gouf deemools vun de kanadeschen ëffentlech-rechtleche Medie befrot. "Dës gesponsert Links sinn deier, an et ass eigentlech en immens kuerzfristege Business, deen d'Leit maachen. Awer hiert Zil ass et, sou vill Clientë wéi méiglech ofzegräifen, sou vill Sue wéi méiglech duerch schlecht erbruecht Déngschtleeschtungen anzesammelen, fir dann hir Depensen ze bezuelen", huet si erkläert.

RTL

Stéphanie Provost, Liewenspartnerin vum Maxime Marquette, no Informatioune vu Radio Canada

D'Websäit "Plombier Urgence" huet véier Leit gehéiert, dorënner de Maxime Marquette, deen als Computergrafiker a Webdesigner bezeechent gëtt, an d'Stéphanie Provost, seng Liewenspartnerin, déi d'Froe vum ëffentlech-rechtleche kanadesche Medium beäntwert huet. "De Maxime huet d'Firmen op säin Numm opgemaach, wéi wann hie se fir d'Zäit vun der Erstellung vun der Internetsäit reservéiere wéilt. Eng Kéier en place, sollt de Client d'Firma iwwerhuelen a se op säin Numm ëmschreiwen."

Dem Centre de transparence publicitaire vu Google no huet de Maxime Marquette nach am Februar vun dësem Joer, also zwee Joer no der Enquête vun de kanadesche Kolleegen, Google-Annoncë fir "Urgence Plombier 24h" gesponsert.

Droneflich iwwer eng net ganz esou geheim Fabrick an der Belsch a fiktiv Zeienaussoen

En Artikel, dee kierzlech op der Internetsäit "Votre Dose Quotidienne" verëffentlech gouf, huet an der Belsch fir e bësse méi Opreegung gesuergt wéi déi aner. E gouf den 8. Oktober um 11.56 Auer mam Titel "Alerte rouge bei Thales Belgique: Wann Dronen déi geheim Fabrick verëffentlecht ëmzéngelen" verëffentlecht. De laangen Artikel schéngt eng Meldung opzegräifen, déi e puer Stonne virdrun am amerikanesche Medium "Politico" verëffentlecht gi war an déi den Titel hat, dass de "gréisste Waffeproduzent an der EU virun der Bedroung vun de Produktiounslinnen duerch Drone warnt."

Politico hat behaapt, dass "seng streng geheim Fabricke vun der wuessender Zuel vun Dronen iwwerflu ginn". Den amerikanesche Medium huet sech op d'Ausso vum Alain Quevrin, dem Direkter vun Thales Belgique, gestäipt. "Mir gesinn, dass et ëmmer méi Drone gi wéi nach virun e puer Méint", sot hien do. D'Observatioune sollen iwwer dem Fort Evegnée (Soumagne) gemaach gi sinn, wou Thales Sprengstoff fir seng 70-mm-Rakéite lagert. D'Plaz ass a Wierklechkeet guer net sou geheim, well se op Google Maps ze fannen ass.

Am Artikel si keng weider Detailer zu dësen Droneflich iwwer dem Lager ze fannen. E gëtt dann an engem Artikel vun "Newseek" (op Englesch), an engem anere vum "Kyiv Independent" (op Englesch) a vu "Votre Dose Quotidienne", dem éischte Medium, dat op franséisch doriwwer bericht, als Quell genannt, ouni Politico ze zitéieren, wéi et de journalisteschen Ethikkodex virschreift.

RTL

Zweiwelhaft anonym Ausso vun engem Thales-Manager bei "Votre Dose Quotidienne"

Nach méi schlëmm: Den Auteur vum Artikel (oder déi generativ KI, déi den Text verfaasst huet?) leit un Halluzinatiounen. Am zweete Paragraf vum Artikel heescht et: "An der Géigend vum Standuert registréiert de Radar wäiss Silhouetten, déi an niddreger Héicht duerch d'Loft fléien. Ouni veräist ze sinn an ouni Virwarnung kommen dës Dronen den Hangaren ëmmer méi no, an deene strateegesch Munitioun stockéiert ass. 'Ech hunn esou eppes nach ni gesinn', seet en Techniker vun Thales, deen iwwer dat systeemescht Andréngen entsat ass. Zënter dem 3. Oktober kënnt et ëmmer nees zu verdächtege Flich, bis zu 15 pro Nuecht", schreift hien.

Et ass net bekannt, ob d'Radaren tatsächlech "dës wäiss Silhouetten, déi an niddreger Héicht duerch d'Loft fléien", déi " ëmmer méi no un d'Hangare kommen", entdeckt hunn. Den anonymmen Thales-Techniker gouf awer net vu Politico befrot, dem Blat, vun deem d'Informatioun koum. Gouf e vum Maxime Marquette an/oder vu senger Kënschtlecher Intelligenz erfonnt? "Mir kënne se lokaliséieren, awer net ëmmer neutraliséieren", léisst hien och "e wichtege Mataarbechter vun Thales" soen, deen och anonym bleift an am ursprénglechen Artikel vu Politico net zitéiert gëtt. Gouf eng Kënschtlech Intelligenz beoptraagt, dës Aussoen ze schreiwen? RTBF huet keng Beweiser dofir fonnt. Dës Erfindunge vun anonymmen Zeienaussoe sinn zimmlech heefeg Beispiller vun der Virstellungkraaft, déi vu generative Kënschtlechen Intelligenzen ausginn.

Schlussendlech ass d'Informatioun, dass sech d'Flich "zënter dem 3. Oktober" widderhuelen, an dat "bis zu 15 pro Nuecht", vum Auteur (oder der KI?) komplett erfonnt. Hie (Si) verwiesselt dës Informatioun mat där, dass den 3. Oktober 15 Dronen iwwer d'Militärlager Elsenborn, 45 Kilometer ewech, geflu sinn, wat déi traditionell (belsch) Medien effektiv opgegraff hunn.

Eng gutt geuelegt Produktiounsmaschinn, déi warscheinlech mat KI ugekierpt gëtt

An dësem Stadium vun der Enquête deit villes dorop hin, dass d'Inhalter vu "Votre Dose Quotidienne" mathëllef vu generativer Kënschtlecher Intelligenz produzéiert ginn. Ob et sech ëm d'Quantitéit vun den deeglech verëffentlechten Artikelen, hir Längt, hir staark reegelméisseg Struktur oder hire spezielle Stil handelt, déi mathëllef vu "Prompts" programméiert gi kënnen, sinn alles Elementer, déi Froen opgeheien.

Der RTBF-Analys no kéint "Votre Dose Quotidienne" op engem bal komplett automatiséierte Mechanismus berouen.

Dëse kéint zentraliséiert sinn, andeem Informatiounen aus der internationaler Press indexéiert ginn (zum Beispill iwwer RSS-Feeds a Bots) an dës Artikelen da gesammelt ginn. Dobäi läit de Schwéierpunkt op dem gréisstméigleche virale Potenzial,  dat duerch Analysen, déi méiglecherweis mat Hëllef vu KI duerchgeféiert ginn, erreecht gi kann. No der Identifizéierung vun den Inhalter géifen dës dann op Franséisch iwwersat a vun enger generativer KI iwwer e kalibréierte Prompt ëmgeschriwwen, fir de Stil attraktiv ze maachen.

An all analyséierten Artikele sinn ausserdeem Biller vun Adobe Stock dran (dacks Fändelen vu Länner, déi am Artikel ernimmt ginn), wat eng Bibliothéik mat lizenzfräie Biller ass. Dës Bibliothéik verfüügt iwwer eng API, wat et erméiglecht, aus der Distanz eng Requête duerchzeféieren.

Schlussendlech mécht d'Entreprise, wéi am Punkt 4 vun der OBOX-Strategie ernimmt, keen Heel draus, dass se KI fir "d'automatiséiert Erstelle vun Text-, Video- a Fotoinhalter" asetzt.

MSN verbitt d'Notze vu KI, fir "grouss Quantitéiten un iwwerflächlechen an net originellen Informatiounen" ze verëffentlechen

Dës verschidden onfair Praktiken, déi ausserdeem net vill mat der journalistescher Ethik ze dinn hunn, geheien d'Fro no der Siichtbarkeet op, déi d'MSN-Portal der Internetsäit "Votre Dose Quotidienne" an hire geopoliteschen Informatioune bitt.

D'Reegele fir d'Notzung vu Kënschtlecher Intelligenz op der MSN-Plattform si streng. Am Objectif vu sengem Reglement heescht et: "Eise Public an eis Notzergemeinschaft vertrauen eis, dass mir tëscht vu KI produzéierten Inhalter kloer vun Inhalter, déi vu Mënschen erstallt goufen, ënnerscheede kënnen. Fir dëst Vertrauen ze preservéieren, musse KI-generéiert Inhalter op MSN KI-ënnerstëtzt Inhalter (IACA) bleiwen. De Gebrauch vun net gepréiftem KI-generéiertem Inhalt (Unreviewed AIGC) ass mat wéinegen Ausname verbueden.

Konkreet bedeit dat: Fir dass e Medium op der Plattform akzeptéiert gëtt a weider publizéieren dierf, verlaangt MSN "d'Anhale vun de grondleeënde professionelle Standarde fir Publikatioun a Journalismus". Dës Standarde "gëlle fir all Inhalter, onofhängeg dovun, ob se reng mënschlech oder duerch KI erstallt goufen".

Sou ka KI agesat ginn, wann dräi Konditiounen erfëllt sinn:

  • Mënschlech Opsiicht: "All d'Partner musse sech vertraglech verflichten, keng ongepréift IACA-Inhalter ze integréieren. KI-Tools kënnen als redaktionell/kreativ Tools agesat ginn, awer eng signifikant mënschlech Interventioun, wéi d'Opsiicht an d'Beaarbechtung, muss Deel vum Prozess sinn an all endgülteg Inhalter musse mat der selwechter Suergfalt an Opmierksamkeet virbereet ginn, wéi se haut fir d'Verëffentlechung vun Inhalter benotzt ginn."
  • D'Originalitéit vum Inhalt, fir Plagiater ze vermeiden, egal ob se vu KI oder Mënsche stamen. Et ass verbueden, "KI ze benotzen, fir scho verëffentlecht Inhalter ëmzeformuléieren/ëmzegestalten an ënner engem aneren Numm an/oder enger anerer Mark nees ze verëffentlechen" oder "KI ze benotzen, fir eng eemoleg oder volumeräich Ëmschreiwung vun Inhalter ze erstellen". Dës Mesure ziilt speziell dorop of, Noriichtesäiten ze verbidden, KI ze notzen, fir authentesch Noriichteninhalter ëmzeschreiwen oder nei ze formuléieren a grouss Quantitéiten un iwwerflächlechen an net originalen Informatiounen nei ze verëffentlechen. Dat geschitt mam Zil, de Bléckwénkel vum Originalartikel ze veränneren, fir sech op e parteipolitesche Bléckwénkel, eng rassistesch Partialitéit oder en anert kontroverst Theema ze konzentréieren, fir d'Meenung ze manipuléieren, andeem den Newsfeed mat sengem Optrieden op ville Plazen iwwerschwemmt gëtt."  Dëse Punkt schéngt am Fall vu "Votre Dose Quotidienne" mat senger Produktiounsstrategie iwwereneenzestëmmen.
  • D'Transparenz: Och wann et net zwéngend erfuerderlech ass, "recommandéiert MSN als gutt Praxis nodrécklech, dass all KI-generéiert Inhalter (iwwer déi am Paragraf "Mënschlech Kontroll" ernimmt einfach KI-generéiert Inhalter eraus), déi op MSN verëffentlecht ginn, géintiwwer MSN oppeleet, den Notzer matgedeelt ginn an nieft dem Numm vum Auteur, dee fir den Inhalt responsabel ass, ugewise ginn." Am Fall vu "Votre Dose Quotidienne" gouf keng vun den dräi Recommandatiounen ëmgesat.

En MSN-Spriecher, dee vun RTBF kontaktéiert gouf, huet drun erënnert, dass all Notzer "e Problem melle" kann, andeem hien déi dräi Punkten am ieweschte lénken Eck vum Artikel ugklickt, wou engem Froe gestallt ginn. "Är Signalisatioun gëtt direkt un d'MSN-Ekipp fir d'Iwwerpréiwung weidergeleet. [...] Wann e Verstouss géint dës Richtlinne festgestallt gëtt, handele mir séier, fir de concernéierten Inhalt ze läschen, a leeden eng Enquête géint den Auteur an."

Den Asaz vu KI gëtt vun de Redaktiounen encadréiert - sou ass et bei RTBF

RTBF setzt wéi vill aner Medie kënschtlech, besonnesch generativ Intelligenz an. Den Asaz vu KI ass awer an enger Charte ganz streng gereegelt.

Dora gi besonnesch Fäll opgelëscht, an deene KI keng redaktionell Problemer duerstellt (zum Beispill bei der Transkriptioun vun engem net vertraulechen Interview, fir Zäit fir d'Online-Verwäertung vum Text ze gewannen). Natierlech sinn och eng Abberzuel vu Fäll virgesinn - déi grouss Majoritéit -, an deene KI net erlaabt ass, wéi zum Beispill d'Erstelle vu Biller oder Inhalter.

D'RTBF-Tags bestinn aus véier Haaptpunkten:

  1. All Erstelle vun Inhalter mat Hëllef vu KI muss an engem vum Mënsch iwwerwaachte redaktionelle Kader geschéien. [...]
  2. Et ass verbueden, d'Bild oder d'Stëmm vun existéierende Persoune mat Hëllef vu KI ze replizéieren, ausser am Kader vun Experimenter, déi eendeiteg esou gekennzeechent ginn.
  3. Et dierfe keng vertraulech Donnéeën un eng KI weidergi ginn. [...]
  4. All Inhalt, dee kloer vun enger KI hiergestallt gouf, muss esou gekennzeechent ginn.

Déi wéineg Ausnamen, déi am Moment erlaabt sinn, besonnesch fir d'Illustréierung vun engem Artikel, deen iwwer KI geet, oder fir d'Angabe vu lokale Walresultater an enger immens limitéierter Form, mussen am Virfeld vum Informatiounschef accordéiert ginn.

Vu schlechten Entwécklungen am Internet bis zur Desinformatioun

De Phenomeen vum "Clickbait" gouf net eréischt 2025 erfonnt. En ass scho mam Internet entstanen a gouf duerch d'Opkomme vun de Sozialen Netzwierker a Sichmaschinne verstäerkt, wou all erstallten Inhalt mat engem anere konkurréiere muss, fir d'Opmierksamkeet vum Notzer ze kréien. Et ass eng Feelentwécklung an en Ofkomme vun der eigentlecher Funktiounsweis vum Internet mat senger Referenzlogik.

An de meeschte Fäll limitéiert sech den am Titel iwwerdriwwen duergestallten Inhalt op onwichteg Sujeten, déi keng negativ Auswierkungen op d'Liewe vun de Leit oder hiert Verständnis vun der Welt hunn.

Am Fall vu "Votre Dose Quotidienne" ginn Informatioune skrupellos genotzt, fir Opmierksamkeet a Profit ze generéieren, ouni dass d'Veracitéit vun den Informatiounen oder d'Lieser, déi se liese wäerten, eng Roll spillen. De Kodex vun der journalistescher Ethik, deen "d'Sich no der Wourecht" als iewescht Zil huet vun engem Journalist festschreift, spillt an de vun RTBF analyséierten Artikele keng Roll.

Dës "industrialiséiert" Desinformatioun mat Hëllef vu generativer Kënschtlecher Intelligenz ka gravéierend Konsequenze fir d'Ëffentlechkeet hunn. Geopolitesch Sujeten, déi mat arméierte Konflikter oder dem Laf vun der Welt zesummenhänken, kënne bei engem Public staark Emotioune wéi d'Gefill vun Onsécherheet oder Ängschten ausléisen, besonnesch jee nodeem ob en Artikel spektakulär oder - am Géigendeel - virsiichteg formuléiert ass. Dës sensationalistesch an net-journalistesch opgeschafft Informatioune kënnen och dozou féieren, dass Wieler getäuscht oder am Virfeld vu Wale manipuléiert ginn.

Dëse Faktencheck gouf fir d'éischt vun RTBF publizéiert a vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.