Al-Opnam kee Beleeg fir Kapitulatioun vun ukraineschen Truppen zu Kupjansk
D'Ukrain bereet sech op e weideren haarde Wanter vir, wärend d'Land zënter 2022 vu Russland ugegraff gëtt. Am Internet huele Rumeuren zou, deenen no d'ukrainescht Militär un enger Rei Fronte kapituléiere géif.
E Bild, dat a Sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, soll beleeën, dass Zaldoten an der ukrainescher Stad Kupjansk hir Waffen néiergeluecht hätten. Mee d'Bild ass vereelzt a gouf 2022 zu Mariupol geschoss. Ausserdeem huet d'AFP keng Beleeg dofir fonnt, dass sech ukrainesch Truppen do zu Haf erginn hätten.
Mat erhuewenen Hänn an net arméiert marschéiere Männer a Militärkleedung op engem net asphaltéierte Wee hannerteneen. Eng Opnam, déi an engem Facebook-Post vum 11. November 2025 gedeelt gouf an och op Threads an X d'Ronn mécht, soll Userinnen a User no eng aktuell Momentopnam vu Kupjansk duerstellen, enger Stad am Oste vun der Ukrain, wou d'Militär angeeblech seng Waffen néiergeluecht hätt.
D'Falschbehaaptung gouf och op Griichesch verbreet.
© AFP
Aner engleschsproocheg Bäiträg suggeréieren, dass d'Opnam vu Pokrowsk, enger anerer Stad am Oste vun der Ukrain, stame géif. Userinnen a User hunn de KI-Assistent Grok op der Plattform X gefrot, ob dat stëmme géif. Den Chatbot, dee vum Elon Musk senger Entreprise xAI entwéckelt gouf, huet geäntwert, dass en "net mat Sécherheet confirméiere" kéint, vu wou d'Bild kéim. Et géif awer "zu den aktuelle militäreschen Entwécklungen" an der Géigend passen. Wéi d'AFP gemellt hat, erkennt Grok Falschinformatiounen net verlässlech.
AFP-Recherchen hunn erginn, dass d'Bild zwar ukrainesch Zaldote weist, et sech awer dobäi ëm eng al Opnam aus enger Stad handelt, déi méi wéi honnert Kilometer ewech läit.
Bild staamt vu Mariupol am Joer 2022
Eng ëmgekéiert Billersich huet zu enger Rei Berichter vu seriöe Medie geféiert, an deenen d'Opnam schonn am Joer 2022 benotzt gouf. Se ass vereelzt a steet soumat net mat aktuellen Evenementer am Zesummenhang. Ausserdeem kann unhand vun de Resultater vun der Sich festgestallt ginn, dass et sech bei der ursprénglecher Opnam ëm e Video gehandelt huet. D'Standbild, dat am November 2025 d'Ronn gemaach huet, ass an dësem YouTube-Video ab Minutt 0:05 ze gesinn.D'AFP konnt déi ursprénglech Hierkonft vum Video net definitiv verifizéieren. Wéi d'AFP gemellt huet, gouf en am Abrëll 2022 op der russescher Staatstëlee gewisen. Deemools sot de russesche Verdeedegungsministère, dass d'Opnam d'Kapitulatioun vun ukraineschen Zaldoten zu Mariupol weise géif. Vun ukrainescher Säit gouf dat deemools net confirméiert.
Schonn um Ufank vum russeschen Ugrëffskrich de 24. Februar 2022 war d'Stad um Asowsche Mier ënner Beschoss. Den 21. Abrëll 2022 gouf de russesche President Vladimir Putin "d'Befreiung" vu Mariupol bekannt an hat d'Belagerung vum Stolwierk Asowstal an Optrag ginn, wou Fraen, Kanner an eeler Leit Zouflucht fonnt haten. Am Mee vum selwechte Joer huet d'russesch Arméi bekannt ginn, dass sech déi lescht vun den do stationéierten 2.439 ukraineschen Zaldoten erginn hätten an a Prisongen an der Regioun Donezk bruecht goufen.
Am September 2024 huet e Gefaangenenaustausch stattfonnt, bei deem 49 Ukrainerinnen an Ukrainer erëm fräigelooss goufen.
© AFP
Anescht wéi am Internet behaapt, ass d'Plaz, wou de Video opgeholl gouf, Medieberichter no an der Hafestad Mariupol am Südoste vun der Ukrain. D'Stad Kupjansk, déi an de Bäiträg mat der Falschbehaaptung ernimmt gëtt, läit bal 400 Kilometer weider nërdlech, ongeféier zwou Stonne mam Auto vu Charkiw.
Kupjansk ass staark ëmkämpft
Mathëllef vun der "Deep State"-Kaart vun OpenStreetMap (OSM) ass ze gesinn, dass ukrainesch a russesch Zaldotinnen an Zaldoten ëm d'Gebitt ronderëm Kupjansk kämpfen. OSM notzt Informatiounen aus ëffentlech zougängleche Quelle wéi Loftbiller, GPS-Apparater an einfach Feldkaarten, fir Militäroperatioune vun der russescher an der ukrainescher Arméi wärend der russescher Invasioun an der Ukrain duerzestellen.Den 11. November 2025 hat de Verdeedegungsministère zu Moskau Medieberichter no gemellt, dass russesch Truppen déif an d'ukrainesch Stad Kupjansk virgedronge wären. Dem Institut fir Krichsetüden (ISW - Institute for the Study of War) no, dee säi Sëtz am amerikanesche Washington huet, si méiglech Fortschrëtter vun der russescher Offensiv a Richtung Kupjansk net confirméiert.
Aktuell sinn eng Rëtsch Behaaptungen am Ëmlaf, deenen no sech ukrainesch Zaldoten de russeschen Truppen ergi géifen. Se zilen dorop of, Rumeuren ze verbreeden, deenen no eng Massekapitulatioun vun ukraineschen Zaldotinnen an Zaldote stattfanne géif. D'AFP huet esou Behaaptungen op Rumänesch oder Ungaresch iwwerpréift a widderluecht.
Weider Faktenchecken iwwer de Krich an der Ukrain sammelt d'AFP op hirer Internetsäit.
Fazit: E Bild, dat Bäiträg am Internet no d'Kapitulatioun vun ukraineschen Zaldotinnen an Zaldoten an der ukrainescher Stad Kupjansk beleeë soll, ass vereelzt a staamt vu Mariupol. Ausserdeem huet d'AFP keng Beleeg fir eng angeeblech Massekapitulatioun vun ukraineschen Zaldotinnen an Zaldoten op där Plaz fonnt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.