McDonald's France wäert keng Halal-Produkter a senge Restauranten ubidden
McDonald's ass déi weltwäit gréisste Fast-Food-Ketten. Hire gréisste Maart baussent den USA ass Frankräich mat bal 1.600 Restauranten. Op TikTok hunn eng Rëtsch Videoen, déi am Oktober 2025 viral goungen, behaapt, dass sech d'Restaurante vum Fast-Food-Gigant a Frankräich dorop preparéiere géifen, vun November 2025 un zu 100 Prozent halal ze sinn.
Dës Behaaptung, déi vun dubiéise Konten a Sozialen Netzwierker verbreet gouf, ass awer falsch, huet McDonald's France géintiwwer der Noriichtenagence AFP verséchert.
"Stell dir vir: Du erwächs, hues just Loscht op e McDo, ganz relax, an da realiséiers du, dass McDo vu November un a Frankräich zu 100 % halal [Fleesch vun Déieren, dat no muslimeschem Ritual geschluecht gouf, Um. v. d. Red.] gëtt", heescht et an engem TikTok-Video, deen de 27. Oktober 2025 verëffentlecht gouf an zënterhier vu méi wéi 36.000 Internetbenotzer gelikt a méi wéi 7.000 Mol gedeelt gouf (Link hei archivéiert).
Am Video heescht et, dass alles mat enger "Rumeur" ugefaangen hätt: "Eigentlech ass en internt Dokument duerchgesickert, an deem behaapt gëtt, dass McDo säi ganzt Fleesch duerch zertifizéiert Halal-Fleesch ersetze géif, a forcement huet dat a Frankräich den Internet zum explodéiere bruecht", seet eng Stëmm am Hannergrond a fiert mat de Wierder weider, "e puer schwätze vun enger geféierlecher Geschäftsentscheedung, anerer vun engem logesche Schratt no vir, virun allem an engem Land, an deem vill Leit virdrun net an engem McDo iesse konnten".
Änlech Messagë mat weiderem Illustratiounsmaterial sinn och op Facebook, Instagram an TikTok (1, 2, 3, 4) am Ëmlaf.
© AFP
Mee opgepasst: D'Behaaptung, dass McDonald's France sech dorop preparéiere géif, zu 100 Prozent Halal-Fleesch unzebidden, stëmmt net.
McDonald's France gouf den 29. Oktober 2025 vun der AFP kontaktéiert an huet dementéiert: "McDonald's mécht senge Clienten all Dag d'Diere vu méi wéi 1.600 Restauranten op, onofhängeg vun hiren Iwwerzeegungen oder reliéisen Usiichten. Als Restaurantketten, déi all Dag vu bal 2 Millioune Clienten a Frankräich besicht gëtt, ass et net eis Aufgab, gemeinschaftlech Offeren an eis Gamm opzehuelen, a mir passen dorop op, universell fir jiddereen zougänglech ze bleiwen."
"Eis Akafspolitik huet sech net geännert, am Géigesaz zu onbegrënnte Rumeuren, déi an de Sozialen Netzwierker am Ëmlaf sinn", sot de Spriecher vun der Restaurantkette géintiwwer der AFP. Ausserdeem gëtt et op der Internetsäit vu McDonald's France kee Communiqué, deen dës Rumeur confirméiere géif (Link hei archivéiert).
Wéi awer op de Sitte vun der Firma fir Marokko, Saudi-Arabien oder d'Tierkei liese kann, bidden e puer Restauranten Halal-Produkter un (archivéiert Linken hei, hei, hei an hei), wéi vun de Kolleege vun TF1 Vérif festgestallt gouf, déi dës Desinformatioun och de 27. Oktober iwwerpréift hunn.
Eng Desinformatioun, déi vu falsche Medie verbreet gouf
TF1 Vérif no war en (mëttlerweil geläschten) TikTok-Video den Ausléiser vun dëser Rumeur. Duerch säin Numm - "france__actu" - an d'Format vu sengem Contenu huet dëse Kont d'Codë vun Noriichtenagencen imitéiert, huet awer gläichzäiteg falsch Informatioune verbreet. Eng séier Analys vum TikTok-Kont a vu sengem Contenu weist, dass et sech ëm onzouverlässeg Quellen handelt. An der Biografie vum Kont heescht et souguer, dass seng Contenuen "actus saugrenue" mat "(25 % Wourecht)" wären. A senge Videoe gëtt et awer keen Hiweis dorop, ob d'Behaaptunge parodistesch oder falsch sinn.
© AFP
Op esou TikTok-Konten, déi sech als Norichten ausginn, awer a Wierklechkeet Desinformatioune verbreeden, gi vill sensationell Falschbehaaptunge gepost. Wat ass hiert Zil? Ëmmer méi Follower an doduerch méi Recetten ze kréien. Fir dat ze erreechen, setze si dacks op séier produzéiert Contenuen, déi aus Videosequenze bestinn, déi och op anere Plazen am Internet ze fanne sinn, a mat enger mat Kënschtlecher Intelligenz (KI) produzéierter Stëmm am Hannergrond.
Dat ass beispillsweis bei dësem TikTok-Video vum 26. Oktober de Fall, dee mam Tool Sora (wéi d'Waasserzeeche weist) generéiert gouf an de Logo vun der Noriichtenagence BFM TV benotzt. An dëser Sequenz ass en Audio dran, dee mat 99-prozenteger Warscheinlechkeet vun enger KI generéiert gouf. Dat ergouf d'Analys vum Deepfake-Detecteur Hiya.com, dee vum (vun der AFP matentwéckelte) Verifizéierungstool InVID-WeVerify ugebuede gëtt.
© AFP
Et ass net déi éischt Kéier, dass McDonald's Zil vu Rumeuren iwwer d'Hierkonft vu sengem Fleesch ass. D'AFP huet eng Behaaptung, dass Tester Mënschen- a Ratefleesch a Fast-Food-Restauranten op der ganzer Welt noweise géifen, schonn iwwerpréift.