Zënter dem russeschen Iwwerfall op d'Ukrain de 24. Februar 2022 gëtt am Land kontrovers iwwer d'Mobilmaache vun der ukrainescher Arméi diskutéiert.

Eng angeeblech Opnam vun engem 23 Joer ale Mann, dee kräischt a wuel zwangsrekrutéiert gouf, huet Ufank November 2025 am Internet d'Ronn gemaach. Mee de Clip ass net echt. D'AFP huet eng Rëtsch Spuere vun enger Erstellung mat Kënschtlecher Intelligenz fonnt, wat vu KI-Erkennungstools confirméiert gouf. Den angeeblechen Alter vum Zaldot stëmmt donieft net mat dem ukrainesche Mobiliséierungsalter iwwereneen.

E jonke Mann mat naassen Hoer, Helm a Militäruniform sëtzt op der Réckbänk vun engem Auto. Tréine lafen iwwert seng Baken. "Ech gouf mobiliséiert. Ech fueren op Tschassiw Jar (Stad an der Ukrain, Um. v. d. Red.)", seet hien op Ukrainesch. Mat Hëllef vun Ënnertitelen ass dat a verschidde Sproochen nozeliesen. Duerch eng kleng Fënster ass eng plakeg Landschaft ze vermudden. "Ech sinn eréischt 23 Joer al", biet hien den 2. November 2025 ëm Hëllef, wéi Bäiträg mellen.

Dës Zeen huet dausende vu Userinnen a User erreecht. De Clip vu 14 Sekonne gouf a Sozialen Netzwierker wéi Facebook, Telegram, XYouTube verbreet, genee wéi a Sprooche wéi Polnesch a Slowakesch. "De Video ass allen däitsche krichsgäile Politiker gewidmet", huet en däitschsproochege User dozou geschriwwen.

RTL

© AFP

Munch Userinnen a User waren onsécher, ob et sech dobäi ëm Kënschtlech Intelligenz (KI) gehandelt huet an hunn den Tool Grok op der Plattform X gefrot. Allerdéngs erkennt den Chatbot, dee vum Elon Musk senger Entreprise xAI entwéckelt gouf, Bild- a Videomanipulatiounen net zouverlässeg an huet de Clip tatsächlech als authentesch ageschat.

Mee wéi d'AFP erausfonnt huet, gouf de Video mat Hëllef vu KI erstallt. Ausserdeem zitt d'Ukrain jonk Männer eréischt vun 25 Joer u verflichtend an - anescht wéi am Video behaapt.

Schutzhelm stëmmt net mat offizielle Fotoen iwwereneen

Hiweiser fir eng Videomanipulatioun si schonn am Clip unhand vum Schutzhelm ze erkennen. Eng ronn Schrauf op dem Helm wiesselt bannent e puer Keyframes am Video d'Form. Fir d'éischt ass se flaach, da béit se sech no bannen. Och de schwaarze Knapp, dee sech säitlech op dem Helm befënnt, ass uewe fir d'éischt flaach, dann erschéngt bannent e puer Sekonnen eng schaarf Kant. Ofgesinn dovu verännert sech d'Muster op der Uniform wärend dem Clip liicht, wéi am follgende Verglach mof agezeechent ass:

RTL

© AFP

Am nächste Schratt huet d'AFP iwwerpréift, ob d'Ausrëschtung vum Mann enger offizieller Uniform vun der ukrainescher Arméi entsprécht. Op dem X-Kont vum ukrainesche Verdeedegungsministère gouf beispillsweis eng Foto vun engem "voll ekipéierten" Zaldot verëffentlecht.

D'Schrauf op dem KI-generéierte Bild, déi uewe scho genannt gouf, wierkt am Verglach mat dem authentesche ballisteschen Hoken feel op der Plaz. Ausserdeem feelen d'schwaarz Hoken op dem Säiterimm, déi an der Originalversioun op dem Helm befestegt sinn.

RTL

© AFP

D'AFP huet zum Beispill op der Internetsäit MilitaryLand.net, déi verschidden Aktivitéite vun ukraineschen Zaldoten dokumentéiert, eng Rëtsch Beispiller fir Schutzuniforme fonnt, déi un der ukrainescher Front benotzt ginn. Mee keent vun deene Beispiller stëmmt mat dem KI-generéierten Helm iwwereneen.

Eng ëmgekéiert Billersich mat Hëllef vu Screenshots aus dem Clip huet bei den TikTok-Account "@fantomoko" geféiert, deem säin Numm och am gedeelte Clip ze gesinn ass. De Kont huet eng Abberzuel Videoe vun angeeblechen Zaldoten, déi kräischen, mat ukraineschem Embleem op dem Äermel vun der Jackett verëffentlecht. Op munche war d'Waasserzeeche Sora ze gesinn, dat en Zeeche fir d'Erstelle mat Hëllef vun enger Applikatioun vun der amerikanescher Software-Entreprise OpenAI ass. Aner Videoen hunn offensichtlech Mierkmoler vun enger Bildmanipulatioun a hunn zum Beispill en Zaldot gewisen, deem seng Tréine wéi Bluttdrëpse schéngen, wéi am véierte Video vu lénks an der zweeter Rei ze gesinn ass:

RTL

© AFP

An eelere Videoe vum "@fantomoko" waren déi selwecht Protagonisten deelweis souguer als russesch Zaldote virun engem wäiss-blo-roudem Fändel ofgebillt, wéi och d'italieenesch Plattform Open beschreift.

An der Tëschenzäit ass de Kont net méi op TikTok opruffbar. 

Mat Hëllef vum System fir Gesiichter ze siche Pimeyes an duerch Bäiträg op X huet d'AFP Hiweiser fonnt, dass de russesche Streamer mam Numm Kussia88 warscheinlech als Virlag fir d'Gesiicht vum KI-generéierten Zaldot gedéngt huet. A munchen X-Bäiträg gouf hie perséinlech fir d'Erstelle vu Videoe responsabel gemaach. En anere User huet d'Streamingplattform Twitch opgefuerdert, hien ze spären. De Streamer war fir eng Stellungnam net erreechbar, nodeem d'AFP hien de 5. November 2025 kontaktéiert hat.

Audiospuer mat KI generéiert

Am Clip ass ze héieren, dass den Zaldot op Ukrainesch schwätzt. Kommentaren op X no kléngt säin Akzent Russesch. D'AFP huet d'Audiospuer mat Hëllef vun der neister Entwécklerversioun vum Tool Hiya am Verifizéierungstool InVID-WeVerifiy iwwerpréift. Den Erkennungstaux läit bei 41 Prozent - eng "kloer Erkennung trotz Hannergrondgeräischer", wéi den Denis Teyssou, Chef vum Innovatiounsdepartement fir d'Projeten InVID a WeVerify bei der AFP, de 6. November 2025 sot. "Eng authentesch Datei enthält keng Spuer vun enger KI-Generéierung", huet den Teyssou erkläert.

RTL

© AFP

Och mat Hëllef vum Tool deepfake-total.com vum däitsche Fraunhofer-Instituts für Angewandte und Integrierte Sicherheit konnt d'AFP confirméieren, dass d'Audiospuer vum Video zu 53,4 Prozent manipuléiert gouf.

D'AFP huet och déi visuell Sequenze mat KI-Erkennungstools iwwerpréift, mee d'Resultater hunn net eendeiteg op eng Manipulatioun mat KI higewisen. Dat bedeit awer net automatesch, dass den Inhalt net KI-generéiert gouf - schliisslech konnt d'AFP am gedeelte Clip eendeiteg KI-Spueren noweisen. Méiglecherweis goufe fir d'Erstelle vum Clip Programmer genotzt, op déi déi benotzt KI-Erkennungstool net trainéiert goufen oder se konnten d'Manipulatioun opgrond vum widderhuelten Upload op verschiddene Plattformen net identifizéieren. 

Ukrain mobiliséiert vu 25 Joer un

Am Clip gëtt de Jong un, 23 Joer al ze sinn an zu Tschassiw Jar kämpfen ze mussen. Tschassiw Jar - eng strateegesch wichteg Stad - befënnt sech an der hefteg ëmkämpfter Regioun Donbass an der Ostukrain, déi gréisstendeels vu Russland kontrolléiert gëtt.

Am Abrëll 2024 gouf den Alter fir d'Aberuffen an den ukrainesche Militärdéngscht Mediemeldungen no vu 27 op 25 Joer erofgesat. Den ukraineschen Zenter fir Bekämpfung vun Desinformatioun huet de Clip an engem X-Bäitrag vum 4. November 2025 als "Deepfake" bezeechent a confirméiert, dass a sengem Alter "just Fräiwëlleger" dénge géifen.

Wéinst dem zënter Februar 2022 undauernde Verdeedegungskrich géint Russland brauch d'Ukrain dréngend méi Zaldoten. Enn Juni 2025 huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e Gesetz ënnerschriwwen, deem no och Mënschen iwwer 60 Joer an d'Arméi opgeholl gi kënnen. D'Regierung zu Kiew huet dozou scho sëllege Moossnamen ergraff, ënner anerem Verträg op ee Joer mat relativ héije Primmen a finanziell Ureizer fir 18- bis 24-Järeger.

Falschinformatioune kommen op dem digitale Schluechtfeld dacks vir. D'AFP huet schonn eng Rëtsch Falschbehaaptungen iwwer de Krich an der Ukrain an iwwer KI-gestäipt Falschinformatiounen iwwerpréift.

Fazit: En angeebleche Video vun engem 23 Joer alen ukraineschen Zaldot, dee wuel zwangsrekrutéiert an an d'Ostukrain geschéckt gouf, ass net echt. D'AFP huet eng Rei Spuere vun enger Hierstellung duerch Kënschtlech Intelligenz fonnt, wat vu KI-Erkennungstools confirméiert gouf. Ausserdeem läit den Alter fir d'Aberuffen an der Ukrain bei 25 Joer.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.