Nom Fall vum "Jean Weis" ass en neie Webshop opgetaucht, deen eis héichwäerteg Bijouen "Made in Luxembourg" mat grousse Remisë versprécht.

Wat sinn déi legal Konsequenzen a wéi kann ee sech virun Arnaque schützen?  RTL Today huet Fäll vu KI-gesteierten Online-Shops, déi a Lëtzebuerg opgetaucht sinn, méi genee ënnersicht.

An de leschte Wochen ass eng Websäit mam Numm "Marie Bijouen" ëmmer erëm an de soziale Medien opgedaucht. Déi sougenannt "Made in Luxembourg"-Mark versprécht grouss Remisen a héichwäerteg Produiten. Awer, wann ee méi genee hikuckt, erkennt ee séier: D'Marie existéiert guer net. Et handelt sech ëm eng KI-generéiert Persoun. An d’Bijouen, déi als lokal Produiten ugekënnegt ginn, ginn op Plattforme wéi ënner anerem AliExpress zu engem vill méi niddrege Präis ugebueden.

D’Fotoe vun der presuméierter Marie fënnt ee gläich op verschiddene Säiten, dorënner eng, déi op eng Firma zu Hong Kong zréckzeféieren ass, also net am Grand-Duché.

"Marie Bijouen" ass keen Eenzelfall. Schonn am Juli gouf en änleche Fall opgedeckt. Do géing et ëm eng Mark mam Numm "Jean Weis", déi sech als lëtzebuergesche Schouster ausginn huet, dee säi Stock wéinst enger Fermeture verkafe wollt. Och do goufe KI-generéiert Biller benotzt, fir déi vermeintlecht Geschäftsleit duerzestellen.

Marie, Emily, Leili an Keiko

Eng Billersich mam "Marie" senge Biller deckt identesch Websäiten op, ënner anerem eng mam Numm "Emily’s Jewels" fir de britteschen an US-Marché, "Leili" fir Estland a "Keiko" fir Japan.

Trustpilot-Rezensioune fir e puer vun dëse Säite weisen drop hin, datt et sech ëm eng gréisser Dropshipping-Operatioun handelt. Vill Clientë géinge sech iwwert Bijoue beschwéiere, déi no kuerzer Zäit offierwen a Problemer mam Zoll verursaachen. Och d'Retourprozedur gëtt ëmmer nees als "schwéier" bezeechent.

Dropshipping u sech ass net verbueden. Et beschreift de Verkaf vu Produiten, déi net vum Verkeefer selwer verschéckt ginn, mee vun enger drëtter Partei direkt un de Client geliwwert ginn. Trotzdeem ënnerläit och dëse Geschäftsmodell den europäesche Reegele fir den Online-Handel. D’Unfair Commercial Practices Directive (UCPD), déi zu Lëtzebuerg iwwer de Code de la Consommation ëmgesat gouf, definéiert kloer Konsumenteschutzregelen, reegele géint des Websäite verstoussen.

Wat sou Säite vun traditionelle Dropshipping-Methoden ënnerscheet, ass den intensiven Asaz vu kënschtlecher Intelligenz. Et erméiglecht net nëmmen eng séier a relativ präzis Iwwersetzung vun Texter op Lëtzebuergesch, mee och d’Produktioun vu Marketingmaterial, ouni iwwerhaapt selwer Fotoe maachen ze mussen oder souguer op Stockbiller zeréckzegräifen.

De legale Kader vum Verbraucherschutz

Marketing, deen d’Clientë kéint ierleeden, zum Beispill duerch falsch Informatiounen iwwer d’Qualitéit oder d’Hierkonft vun engem Produkt, ass ënner der Unfair Commercial Practices Directive (UCPD) streng verbueden. Händler mussen de Konsumenten zouverlässeg an transparent Informatiounen ubidden, fir hinnen eng informéiert Decisioun iwwer hiren Akaf z'erméiglechen.

De Patrick Wildgen, Responsable vum Service d’Enforcement an der Direktioun fir Konsumenteschutz, erkläert, datt et "a priori egal ass, vu wou et verschéckt gëtt oder wou e produzéiert gëtt. Et muss natierlech dat stëmmen, wat ee gesot kritt."

Am Fall vu "Marie Bijouen" ginn d’Clienten dozou verleet, ze gleewen, d’Bijoue géifen zu Lëtzebuerg vun engem lokale Handwierker hiergestallt ginn, wat net der Realitéit entsprécht.

Wat d'KI-generéiert Biller spezifesch ugeet a wéi se am Marketing kënnen benotz ginn, ginn et den Ament nach keng spezifesch Reegelen. De Code du consommateur kann een do awer drop applizéieren.

"Déi Reegelen, déi et scho gëtt, grad déi, déi fir Betriber applikabel sinn, besoen, datt keen aner Leit dierf doriwwer, wien ee selwer ass, dierf ierféieren.Dat heescht, wann een een ierféiert, fir eng kommerziell Transaktioun duerchzeféieren oder fir eppes ze verkafen, dann ass dat haut schonn, ouni eng extra Reegel, illegal", seet de Patrick Wildgen.

"An do kënne mer dogéint virgoen." Esouwuel als Konsumenteschutz gëtt et Méiglechkeeten, ma och kann et den Dossier un de Parquet weiderginn. "Do si verschidde Méiglechkeeten, déi et do gëtt."

An Zukunft, besonnesch op europäeschem Niveau, solle spezifesch Reegele de Gebrauch vu KI-generéiertem Material reguléieren. Den "AI Act" vun der EU gesäit vir, dass a verschidde Fäll Inhalt, deen duerch kënschtlech Intelligenz erstallt gouf, kloer als syntheetesch muss gekennzeechent ginn, zemools wann et duerch Professioneller benotzt gëtt. Dës Dispositioun soll awer eréischt am August 2026 a Kraaft trieden.

Aner Länner wéi Frankräich versichen och op nationalem Plang ze reagéieren. 2024 gouf do eng national Gesetzesinitiativ virgestallt, déi verlaangt, datt all syntheetesch Biller op sozialen Netzwierker explizitt als KI-generéiert gekennzeechent musse ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et de Moment nach keng konkret Pläng an dësem Beräich.

Reklamatiounen iwwer Dropshipping ginn an d’Luucht

Ob Zoufall oder net, an enger Zäit, an där KI ëmmer méi benotzt gëtt, mellt och den European Consumer Centres Network (ECC) eng ëmmer méi grouss Zuel vu Reklamatiounen, déi am Zesummenhang mat Dropshipping gemaach ginn.

Den Jeff Kaufmann, Projetsmanager bei Bee Secure, recommandéiert de Konsumenten, déi un der Echtheet vun engem Online-Shop zweiwelen, ënner anerem den Datum, wéini de Site erstallt gouf, nozekucken. Dat kann een zum Beispill op Säiten wéi d'Wayback Machine maachen.

A grad wann de Shop sech als lëtzebuergescht Geschäft ausgëtt, betount hien, dass een och am Registre du Commerce nosiche kann, ob et sech ëm e richtege Buttek handelt.

Hie betount och, wéi wichteg et ass, op den Text selwer opzepassen, grad am Lëtzebuergeschen: "Et stellt ee relativ séier fest, wann do Feeler dran sinn."

Virun allem kann awer eng simpel Recherche mam Numm vum Geschäft vill ausmaachen: "Oft fënnt een dann och direkt Indicë vun anere User iwwert dee bestëmmte Shop."

Limitéiert Recoursen 

Wann et drëms geet, géint Verkeefer virzegoen, déi sech net un d’Reegelen halen, erkläert de Patrick Wildgen ass dat net ëmmer esou einfach, besonnesch wann de Betrib ausserhalb vun der EU läit. An esou Fäll wieren d'Moyene limitéiert.

"Sief et och nëmmen an Amerika. Wann déi Ärer Ufro net nokommen, mee da bonne Chance. Da kënnt Der vläicht bei der FTC an Amerika eng Plainte maachen, wann déi dann drop aginn, tant mieux. Wann déi awer net drop aginn, sinn awer och Är Moyenen an eis Moyene limitéiert."