Däitsch Déiereschutzorganisatioune roden dovun of, Kalbassen no Halloween am Bësch oder op Felder ze entsuergen. Veronrengegunge wéi Wues vu Käerzen oder Schimmel wäre fir wëll Déieren e Gesondheetsrisiko. Am Internet mécht awer e Bäitrag den Tour, no deem Kalbassen no Halloween u Wëld verfiddert sollte ginn. D'Verfiddere kéint och rechtlech Konsequenzen hunn.

RTL

Facebook-Screenshot der Behauptung: 25.10.2022

Iwwer d'Behaaptung vum Verfiddere vu Kalbasse gouf schonn 2021 Artikelen, sou beispillsweis vum Faktencheck-Portal Mimikama. Och den Hamburger Déiereschutzveräin an Online-Medien hunn 2021 virun deem Tipp, deen am Internet den Tour mécht, gewarnt.

Déiereschutzorganisatioune rode vum Verfiddere vu Kalbassen of

Op Ufro vun der AFP sot eng Spriecherin vun der Deutschen Wildtier Stiftung den 18. Oktober 2022, d'Fiddere vu Wëld géif oft zu méi Probleemer wéi positiven Effekter féieren. "Déi geschnëtzt Kalbasse sinn no Halloween an der Reegel scho verlaf an dohier fir Mamendéieren net méi gëeegent, fir ze iessen." Ausserdeem géif d'Gefor vu méigleche Wuessreschter op de Kalbasse bestoen.

Eng Spriecherin vum Deutschen Tierschutzbund huet och den 18. Oktober matgedeelt: "Mir rode grondsätzlech dovun of, well wëll Déieren an der Reegel net op eng zousätzlech Fidderung ugewise sinn a gesondheetlech Probleemer net ausgeschloss sinn. Dës kënne grondsätzlech och duerch Wuessreschter oder Schimmel entstoen." Ausserdeem ziele weder Iess- nach Dekoratiounskalbassen zum natierleche Spektrum vun Narung vun de meeschte fräilafenden Déieren.

D'Argument vun der Entwuermung duerch Som vum Kalbass géif och kee Sënn erginn, "well en entspriechende Befall mat Parasitten als normal ugesi gëtt a fir gesond Déiere kee Probleem duerstellt", sou d'Spriecherin. Den angeeblechen Effekt vun der Entwuermung duerch Som wär wëssenschaftlech och net genuch beluecht, huet eng Spriecherin vun der Déiereschutzorganisatioun Peta een Dag duerno nach ergänzt.

D'Stëftung fir wëll Déieren huet zu dësem Sujet matgedeelt, dass op d'mannst Aarte wéi den Hokkaido-Kalbass géint Endoparasitte wierke kéint. "Awer déi geschnëtzt Kalbasse (egal, ob Risenkalbass, Moschuskalbass oder Kalbass aus dem Gaart) sinn no Halloween an der Reegel scho verlaf an dohier net méi als Narung fir Mamendéiere gëeegent."

Weider huet d'Spriecherin vum Déiereschutzbond gesot: "Wa wëll Déiere wéi Fiiss, Wëllschwäin, asw. zousätzlech gefiddert ginn, kann dat och dozou féieren, dass si hir natierlech Schei virum Mënsch verléieren an op Dauer lästeg oder zur Gefor ginn. Aus der Siicht vum Déiereschutz ass dohier vum Fiddere vu wëllen Déiere grondsätzlech ofzeroden."

Och d'Spriecherin vu Peta huet den 19. Oktober 2022 betount: "Mir géifen dréngend dovun ofroden, Halloween-Kalbassen un heemesch wëll Déieren ze verfidderen, andeem dës a Bëscher an op Felder verdeelt ginn." Heemesch wëll Déiere wéi Réi oder Wëllschwäin sollten a fräier Natur grondsätzlech net gefiddert ginn, huet d'Spriecherin ergänzt. Anescht wär et beispillsweis beim Fiddere vu Villercher am eegene Gaart.

D'Verfiddere vu Kalbasse kéint eng Rei Probleemer verursaachen, sou d'Spriecherin vu Peta. Déiere géifen ugelackelt a géifen esou d'Schei virum Mënsch verléieren. Ausserdeem bestéingen dobäi Gesondheetsrisiken. "Heibäi ass och drop opzepassen, dass Kalbassgewächser an Däitschland, anescht wéi an den USA, keng heemesch Planzefamill sinn an dohier och fir d'Déierewelt hei am Land keng gewinnt Narungsquell duerstellen."

Besonnesch Kalbasse fir d'Dekoratioun kéinten och gëfteg sinn, ganz ofgesi vu Veronrengegungen, Schimmel oder Friemstoffer an de Kalbassen. Et bestéing och en erhéichte Risiko vu Krankheetsiwwerdroungen, wa sech e puer Déieren op Fudderplaze versammelen.

Den Déiereschutzbond huet awer och gesot, bei Déieren, déi agespaart sinn, wär dat anescht. Do géif ee wëssen, wéi vill d'Déiere kréichen, wéi frësch de Kalbass ass, vergammelt Reschter kéinten entsuergt ginn an et géif op eng equilibréiert Ernierung opgepasst.

D'Peta-Spriecherin huet dozou gesot: "Sécherlech sinn Kalbasse fir ze iessen och op d'mannst fir e puer Déierenaarten iessbar. Dobäi sollten natierlech ëmmer d'Bedierfnesser vun der jeeweileger Déierenaart berécksiichtegt ginn a just Kalbasszorten a -quantitéite verfiddert ginn, déi onbedenklech sinn."

Fiddere vu wëllen Déieren an der Reegel verbueden

Nieft de gesondheetleche Risike fir Déiere gesinn d'Organisatiounen, déi vun der AFP befrot goufen, och rechtlech Probleemer beim Verfiddere vu Kalbassen u wëll Déieren.

D'Fiddere vu wëllen Déiere wär iwwer déi jeeweileg Juegdgesetzer vun den däitsche Bundeslänner gereegelt, sou d'Spriecherin vu Peta. Fir Privatpersoune wär dat an der Reegel eng Infraktioun, déi mat héije Geldstrofe beluecht kéint ginn.

Och den Déierschutzbond weist op déi rechtlech Grenzen hin: "D'Fiddere vu Réi, Hirschen, Wëllschwäin, an aneren Déierenaarten, déi dem Juegdrecht ënnerleien, ass just de jeeweilege berechtegte Jeeër virbehalen an och just an exzeptionelle Situatioune mat entspriechende Fuddermëttel (dozou gehéiere Kalbassen net) zoulässeg." Och d'Entsuerge vu Kalbassen, virun allem a grousse Quantitéiten an op friemem Buedem, kéint eng Infraktioun duerstellen.

Der Wildtierstëftung no ass d'Fiddere vu wëllen Déieren an de meeschte Bundeslänner verbueden. D'Spriecherin huet och matgedeelt: "Wëll Déiere komme wonnerbar eleng kloer. Réi an Hirsche beispillsweis reduzéieren am Wanter hir Kierpertemperatur, fir Energie ze spueren. Hiren Häerzschlag verréngert sech - amplaz 60 bis 70 Mol an der Minutt, schléit d'Häerz elo just nach 30 bis 40 Mol. Ausserdeem verklengert sech de Verdauungstrakt, well d'Déieren am Wanter oft just faserräich Narung wéi diert Gras a Blieder vu Schwaarzbiere fannen."

Eréischt bei laang unhalendem Frascht an enger zouener Schnéidecken iwwer méi laang Zäit wären d'Déieren op Ënnerstëtzung ugewisen. Souguer da géif dat awer just vu Fierschteren a Jeeër gemaach.

Produktioun an Entsuergung vu Kalbassen

Nieft de Behaaptungen iwwer d'Verfiddere vu Kalbassen, heescht et an e puer Bäiträg, all Joer géifen 2,5 Milliarde Kalbasse produzéiert, vun deene just e Fënneftel "erëm benotzt" géif. De Rescht géif op Deponië landen a géif ëmweltschiedlech Gase produzéieren.

E Spriecher vun der Agrarmarkt Informations-Gesellschaft (AMI) huet der AFP den 18. Oktober heizou gesot, aus der Produktiounsstatistik vun den Ernierungs- a Landwirtschaftsorganisatioune vun de Vereenten Natioune géing eng weltwäit Recolte vun 28 Milliounen Tonne Kalbassen ervir. "Allerdéngs sinn an dëser Quantitéit och Zucchini souwéi eng grouss Quantitéit u Kalbassen enthalen, déi fir d'Verschaffe fir Narung fir Puppelcher, Kalbassueleg, asw. virgesi sinn."

An Däitschland wären 2021 am ganzen 99.100 Tonnen Iesskalbasse produzéiert ginn, dozou kéimen nach ongeféier 20.000 Tonne Importer. Vun dësem Total hätte Privatstéit just 41 Prozent akaaft, dorënner gréisstendeels Hokkaido-Kalbassen, déi manner fir d'Dekoratioun, mee haaptsächlech als Liewensmëttel benotzt ginn. De Rescht géif an der Gastronomie landen oder weider verschafft ginn.

D'Statistische Bundesamt an Däitschland huet fir d'Joer 2019 nach vu 86.000 iessbare Kalbasse geschwat, déi recoltéiert goufen. D'Quantitéit wär an zéng Joer ëm 79 Prozent geklommen.

Fazit: Kalbasse sollten no Halloween net u wëll Déiere verfiddert ginn. Dobäi entstinn gesondheetlech Risike fir d'Déieren. En plus ass d'Fiddere vu Wëld duerch Privatpersounen an der Reegel eng Infraktioun.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.