Supportere vum brasilianesche President Jair Bolsonaro hunn no senger Néierlag géint de Luiz Inacio Lula da Silva Stroosse blockéiert a Protester organiséiert, mee e Video, deen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass a behaapt massiv Demonstratiounen ze weisen, gouf an engem falsche Kontext gedeelt.

"Brasilien protestéiert géint déi manipuléiert Walen", heescht et an engem Tweet vum 2. November 2022, deen iwwer zéngdausend Mol gedeelt gouf.

RTL

Screenshot of a tweet taken November 8, 2022

Den Tweet huet sech op Instagram a Facebook verbreet, wärend änlech Bäiträg zu Dausenden op Franséisch gedeelt goufen.

Den 31. Oktober huet de Leader vun der lénker Partei a Brasilien a fréiere President Lula d'Victoire iwwer de Bolsonaro beusprocht. Et war dat enkst Walresultat, dat d'Land bis elo erlieft huet. Zéngdausende vum Bolsonaro senge Supporteren hunn Haaptstroosse blockéiert an hu sech viru militäreschen Ariichtungen an de brasilianesche Groussstied versammelt, fir géint d'Resultat ze protestéieren.

Awer de Video, deen am Internet am Ëmlaf ass, weist keen esou ee Protest.

Eng ëmgedréint Billersich vun engem Screenshot aus dem Clip huet zu engem Tweet geféiert, deen de selwechte Video gedeelt huet, dee schonn den 11. September 2022 publizéiert gouf. Am Bäitrag heescht et op portugisesch, dass d'Filmmaterial de 7. September 2022 op der Copacabana gedréit gouf.

Noriichtenagencen hunn änlech Opnamen a Biller vun enger Pro-Bolsonaro-Manifestatioun verëffentlecht, déi de 7. September fir den 200. Joresdag vun der Onofhängegkeet vu Brasilien op der Plage vun der Copacabana war.

D'AFP huet Opname vun der Manifestatioun publizéiert a matgedeelt, dass Dausende Supportere "laanscht déi komplett ikonesch Avenue vun der Copacabana stoungen."

RTL

Supporters of President Jair Bolsonaro gather during celebration for Brazil's 200th anniversary of independence, in Copacabana, Rio de Janeiro, Brazil, on September 7, 2022 ( AFP / CARL DE SOUZA)

RTL

Brazilian President Jair Bolsonaro (top, R) greets supporters during celebrations to mark Brazil's 200th anniversary of independence, at Copacabana Beach in Rio de Janeiro, Brazil, on September 7, 2022 ( AFP / Carl DE SOUZA)

Den 3. November huet de Bolsonaro seng Supporteren dozou opgeruff, d'Stroossespären opzeléisen, awer et bleift ze fäerten, dass Brasilien turbulent Zäite bevirstinn, bis de Lula vereedegt gëtt.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.