"Op enger Kola knaen", "e puer Maniokblieder" oder déi infizéiert Plaz mat "Urin" beschmieren. Dat sinn dräi Heelmëttel géint Schlaangebëss, déi an diverse Publikatioune recommandéiert ginn, déi zënter Dezember 2021 op Facebook op méi wéi 21.000 Bäiträg komm sinn. Dat stëmmt awer net, warnen eng Rei Toxikologen, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, an erënneren dorun, dass déi eenzeg effikass Behandlung en Antiviren-Serum ass. Weider weise si op d'Gefor vun den angeebleche Wonnermëttel hin, déi an de sozialen Netzwierker héich gelueft ginn.

D'Publikatiounen, déi vun der AFP iwwerpréift goufen, versécheren, op engem Kolablat ze knaen, a Maniokblieder ze bäissen oder déi infizéiert Haut mat Urin anzereiwen, wär en "natierlechen an dauerhaften Traitement" géint Schlaangebëss. Dës Heelmëttel géifen "d'Schlaangegëft direkt ausstoen", sou d'Auteure vun de Publikatiounen.

RTL

Capture d'écran d'une publication Facebook, réalisée le 8 novembre 2022

Dës angeeblech Traitementer goufe säit Dezember 2021 an enger Rei Länner aus Zentral- a Westafrika (Demokratesch Republik Kongo, Niger, Côte d'Ivoire, a.a.) méi wéi 21.000 Mol op Facebook propagéiert a sinn zënter November 2022 nees am Ëmlaf. An de Kommentarer confirméieren eng ganz Partie Internetnotzer d'Effikassitéit vun den Traitementer a soen den Auteure Merci fir d'Publikatiounen, wärend anerer no weideren Explikatioune fir den Traitement froen.

RTL

Captures d'écran de commentaires sur Facebook, réalisées le 8 novembre 2022

D'AFP huet schonn eng Rei Rumeuren iwwer vermeintlech effikass Traitementer géint Schlaangebëss iwwerpréift. En Heelmëttel op Basis vu Lou vu Cashew-Nëss am Oktober 2022, Gombo am Juni an Ënnen am Mee 2022 a Kola am Oktober 2020.

Dës Bëss stellen der WHO no "e Probleem fir déi ëffentlech Gesondheet duer, dat a villen tropeschen a subtropesche Länner vernoléissegt gëtt."

An hirem Rapport vun 2021 stellt d'Institutioun fest, dass "Schlaangebëss all Joer op d'mannst 81.000 bis 138.000 Doudesfäll verursaachen an ongeféier dräimol sou vill Amputatiounen an aner definitiv Incapacitéiten." An Afrika, wou déi meescht Fäll zesumme mat Asien a Latäinamerika gemellt ginn, "schätzt een d'Zuel vun de Bëss, déi traitéiert musse ginn, op 435.000 bis 580.000", schreift d'WHO am selwechten Dokument.

Eenzegt Heelmëttel: en Antivenin

Wéi awer eng Rei Fachleit der AFP scho virun dësem Artikel matgedeelt haten, gëtt et bis elo kee wëssenschaftleche Beweis fir d'Effikassitéit vun den Traitementsmethoden, déi vun den Internetnotzer propagéiert goufen.

"Wann Dir vun enger Gëftschlaang gebass gouft an déi hiert Gëft injektéiert huet, wäert Dir ouni Géigegëft stierwen", sot de Johan Marais, President a Generaldirekter vum African Snakebite Institute, enger südafrikanescher Organisatioun, déi sech op d'Erfuerschung vu Schlaangebëss spezialiséiert huet, den 9. November géintiwwer der AFP.

"Op e Kolablat ze bäissen" ass dohier kee Mëttel, fir e Schlaangebëss ze heelen, wéi eng Rei Experte schonn am Oktober 2020 géintiwwer der AFP erkläert haten. "Batter Kola", och "garcinia kola" oder "kleng Kola" genannt, ass e Som, deen aus de Friichte vun engem Bam gewonne gëtt, deen an den tropesche Länner vun Afrika (Kamerun, Demokratesch Republik Kongo, Benin, asw.) doheem ass. Dësem Som gëtt nogesot, eng heelend Wierkung ze hunn (1, 2), besonnesch géint Malaria.

De Professer Bruno Mégarbane, Toxikolog am Spidol Lariboisière zu Paräis, gouf deemools vun der AFP kontaktéiert. "Dat ass eng Fake News. Garcinia Kola, bekannt als 'kleng Kola' oder 'batter Kola', huet keng neutraliséierend Wierkung op Gëft vu Skorpiounen a Schlaangen", sot den Expert an huet betount, dass "et näischt gëtt, fir dëser Behaaptung Glawen ze schenken". Hien huet och ënnerstrach, dass dës Rotschléi, déi viral goungen, wëssenschaftlech net fondéiert sinn.

"Et gëtt genuch Literatur iwwer dës Planz, déi déi verschidde medezinesch Eegenschaften erkläert. E (de Som vun der batterer Kola, Um. v. d. Red.) gëtt an der afrikanescher Medezin besonnesch wéinst sengen dreiwenden an antimikorobiellen Eegenschafte benotzt, awer ouni Beweiser", sot de Bruno Mégarbane.

RTL

Des noix de kola dans les mains d'un travailleur à Anyama, près d'Abidjan, en Côte d'Ivoire, le 31 juillet 2019. ( AFP / ISSOUF SANOGO)

"Verschidden Artikele bezéie sech op Behaaptungen, dass 'batter Cola' eng ofschreckend Wierkung op Schlaangen huet oder Schlaangebëss behandele kéint, awer ech hu keng seriö Publikatioune fonnt, déi dat beleeë géifen", huet de Professer Marc Litaudon, Apdikter a Fuerschungsingenieur am Centre national de la recherche scientifique, zum selwechte Moment geschriwwe wéi de Bruno Mégarbane.

Dat selwecht gëllt fir Maniokblieder an Urin, déi zwee aner Heelmëttel, déi an den iwwerpréifte Publikatioune empfuel ginn, erkläert de Johan Marais vum African Snakebite Institute. "Keng natierlech Substanz, keen traditionellt Heelmëttel, keng Planz kann an esou Situatiounen effikass wierken, dat ass e Mythos", betount den Herpetolog wéi d'AFP him déi angeeblech Heelmëttel virliest, déi vun den Internetnotzer recommandéiert ginn.

"Dowéinst stierwen an Afrika all Joer schätzungsweis 20.000 Mënschen u Schlaangebëss: Affer vu Vergëftunge wende sech un traditionell Heeler, awer egal, wat déi maachen, wann Dir genuch Gëft an Iech hutt, stierft Dir", warnt hie weider.

"Näischt, wat een zou sech hëlt (Ënnen, Gombo, verschidde Kraider, Holzkuel), wäert fir d'Affer en Ënnerscheed maachen, ausser dass et krank kéint ginn", sot d'Ashley Kemp, Direktesch vum African Snakebite Institute, am Oktober 2020 géintiwwer der AFP.

Bëss sinn net ëmmer gëfteg

Anerersäits sinn net all d'Schlaange gëfteg an net all Schlaangebëss féiert zu enger Vergëftung, erënnert de Gerant vum African Snakebite Institute a verweist op änlech Aussoe vum Paul Tossa, engem Toxikolog, deen an enger Banlieue vu Paräis schafft an am Oktober 2020 vun der AFP konsultéiert gouf.

Dësen hat der AFP erkläert, dass verschidde Planze méiglecherweis fälschlecherweis antimykotesch Eegenschaften zougeschriwwe gi wären, well déi traditionell Heeler Planze kannt hätten, déi Entzündungen a Péng no engem Schlaangebëss verréngeren an d'Bluddung stoppe kéinten. Si hätten dann ee Symptom mat enger oder méi Planze geheelt, awer net d'Vergëftung. "Ouni Vergëftung kënnen dës Symptomer mam Benotze vun de Planze verschwannen an d'Mënschen hunn den Androck, dass d'Planzen d'Gëft absorbéiert hunn", huet hien analyséiert.

"Net all Affer vu Bëss muss onbedéngt mat engem Antivenin behandelt ginn", seet de Johan Marais. "Dir kënnt also sou zimmlech alles benotzen, wat Dir wëllt, fir Iech selwer ze 'heelen'. Dir wäert Iech op alle Fall erhuelen", wat den Androck maache kann, duerch alternativ Traitementer geheelt ze ginn.

D'Ashley Kemp huet iwwregens am Artikel vun der AFP iwwer Gombo als Heelmëttel géint Bëss reveléiert: "Just wéineg Affer vu Schlaangebëss gi mat engem Antivenin traitéiert (manner wéi 20 % vun de Patienten, déi no engem Schlaangebëss an d'Klinick ageliwwert ginn)". Si huet och gesot, dass Affer vu Schlaangebëss net automatesch en Antivenin kréien, well déi meescht vun hinne keng Symptomer weisen, déi gravéierend genuch sinn, fir en Traitement ze rechtfäerdegen.

Et gëtt verschidden Zorte vu Gëfter a verschidden Antiveninnen. Schlaangegëft gëtt an der Reegel an dräi Kategorien agedeelt, jee nodeem, wéi eng Toxinnen et enthält: neurotoxescht Gëft, dat den Nervesystem ugräift (Mambaen a verschidde Kobraen, besonnesch Kap-Kobraen), zytotoxescht Gëft schiedegt Muskelgeweebe an -zellen (Puffotter, Gabunviper a Mozambique-Späizkobra) a Hämotoxinnen (Afrikanesch Bamschlaang a Lianennatter). E puer vun dësen Aarte kommen an Afrika vir, wéi de Verbreedungstableau vu Manuels MSD ausseet.

RTL

Capture d'écran du site des Manuels MSD, réalisée le 9 novembre 2022

Wéi och ëmmer, erënnert de Johan Marais, ass et wichteg, bei engem Schlaangebëss esou séier wéi méiglech an d'Spidol ze kommen. "Kuerzfristeg kann de Sauerstoffmangel [duerch Gëft ausgeléist, Um. v. d. Red.] déidlech sinn. Wann een awer an d'Spidol geet, kann een intubéiert a mat Sauerstoff versuergt ginn, wat een um Liewen hält, bis een déi richteg Behandlung kritt."

Den Expert seet, dass a Südafrika, wou hie schafft, 60 % vun den Affer vu Bëss fir d'éischt bei en Heeler ginn, éier si sech an e Spidol beginn. "Wa si laang genuch liewen, hu vill vun dëse Patienten, wa si an d'Klinick kommen, schwéier Geweebeschied, déi heiansdo operéiert musse ginn", beklot hien. Situatiounen, déi duerch e méi séieren Traitement hätte vermidde kënne ginn.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.