Op der Nordhallefkugel louch Mëtt November 2022 méi Schnéi wéi an de Jore virdrun zum selwechten Zäitpunkt.

RTL

Twitter-Screenshot der Behauptung: 19.12.2022

Dës Ausso gouf e puer Mol op Facebook an op Twitter gedeelt. Fir d'éischt hat de Patrick Moore se op Englesch getwittert. De Moore ass en eemolegen Ëmweltaktivist, d'ONG Greenpeace huet an der Tëschenzäit awer seng Verbindungen zur Atomindustrie a seng "anti-ekologesch" Haltung ugeprangert. "D'Schnéidecken op der Nordhallefkugel ass op engem neie Rekordhéich zënter 56 Joer. An de Wanter kënnt eréischt an engem gudde Mount. Huet iergendeen den CO2-Gehalt an der Atmosphär erofgesat?", steet a sengem Bäitrag. Dat suggeréiert fälschlecherweis, dass dës Quantitéit u Schnéi d'Roll vun CO2 (Kuelendioxid) bei der globaler Erwiermung a Fro stelle géif oder dass déi leschtgenannt ganz opgehale hätt.

Eng änlech Behaaptung, dass de Klimawandel e "Mythos" wär, well nach Schnéi fale géif an et nach Wanterabréch géif, huet d'AFP scho widderluecht.

Wéi e puer Klimaspezialistinnen a -spezialiste géintiwwer der AFP ausféierlech erkläert hunn, ass déi gedeelt Behaaptung ierféierend. Se vergläicht e punktuellt Phenomeen mat engem Trend, deen iwwer e vill méi laangen Zäitraum observéiert gouf. Dat ass mëttlerweil eng üblech Rhetorik, fir d'Äerderwiermung ze leegnen.

De Florian Tolle ass Dozent fir Geografie op der Universitéit Franche-Comté am franséische Besançon, déi iwwer theoreetesch a quantitativ Geografie fuerscht. Hie sot den 28. November 2022 géintiwwer der AFP: "Et gëtt keen direkte Kausalzesummenhang tëscht engem punktuelle Wiederphenomeen wéi der Schnéidecken, déi am Ufank vun der kaler Joreszäit gemooss gouf - och wa se bis zum Fréijoer unhale sollt - an de grondleeënden Trends vun der Klimaentwécklung, déi sech nees iwwer méi Joren erstrecken."

D'Marie Dumont, Direktesch vum Zenter fir Schnéietüden zu Grenoble, sot der AFP den 29. November 2022: "D'Schnéisituatioun ass vu Joer zu Joer verschidden. E ganz schnéiräicht Joer bedeit net, dass déi global Erwiermung zum Stëllstand komm ass: Virum Hannergrond vun der Äerderwiermung kann een duerchaus e schnéiräicht Joer hunn. Awer mir wëssen aus den Trends, déi iwwer Joerzéngten observéiert goufen, dass et am Duerchschnëtt zu engem Réckgang vun der duerchschnëttlecher Schnéiquantitéit kënnt, wat awer net bedeit, dass et all Joer e Réckgang gëtt."

De Karl Rittger, wëssenschaftleche Mataarbechter um Institut fir Arktis- an Alpenfuerschung zu Colorado an den USA, sot ausserdeem den 28. November 2022: "Wéi d'CO2-Miessungen an der Atmosphär weisen, ass de Wäert net erofgaangen: E klëmmt zënter dem Ufank vun der Miessung vu Joer zu Joer."

Dës Donnéeë sinn op der Keeling-Courbe ze erkennen, déi d'Entwécklung vun der CO2-Konzentratioun an der Atmosphär zënter 1958 beschreift. Benannt ass se no de Miessunge vum US-amerikanesche Wëssenschaftler Charles David Keeling. Hien hat mat de Miessungen op der Mauno-Loa-Miessstatioun op Hawaii ugefaangen.

Ganz staarke Schnéifall Mëtt November, säitdeem Réckgang vum Néierschlag

D'Grafik, op déi sech "Severe Weather Europe" am Artikel baséiert, staamt vum Rutgers Global Snow Lab, dat sech op d'Untersuchung vun de weltwäite Schnéiverhältnesser spezialiséiert huet. Den Institut ass mat der US-amerikanescher Rutgers State University of New Jersey gekoppelt. D'Duerstellung vergläicht déi wëchentlech Ausdeenung vun der Schnéidecken, déi säit August 2022 an der nërdlecher Hemisphär observéiert gouf, mat den Héchst- an Déifstwäerter, déi zënter 1966 gemooss goufen, souwéi mat der duerchschnëttlecher Schnéihéicht pro Mount an deem Zäitraum.

RTL

Screenshot von der Seite Global Cryosphere Watch, erstellt am 19. Dezember 2022

Wéi dës Courbë weisen, läit d'Héicht vun der Schnéidecke vum November 2022 (mof), déi zulescht gemooss goufen, liicht iwwert dem Maximalwäert (blo), dee vum Rutgers Global Snow Lab gemooss gouf.

Awer, wéi den emeritéierte Professer vun der Rutgers-Universitéit a Chef vum Rutgers Global Snow Lab, den David Robinson, der AFP erkläert huet, mussen d'Donnéeë virun dem Hannergrond vun den neisten Observatiounen op der Nordhallefkugel differenzéiert betruecht ginn: "D'Ausmooss vun der Ausdeenung vum Schnéi louch Mëtt November an de Gebidder vun der Nordhallefkugel wäit iwwer dem Normalwäert. Enn vum Mount war dat awer net méi de Fall. Beispillsweis ass déi ursprénglech Schnéidecken, déi a wäiten Deeler vun Nordamerika ze observéiere war, sou staark geschmolt, dass d'Ausdeenung vum Schnéi Enn November ënnert den Normalwäert gefall ass."

Dat léisst sech unhand vun den deegleche Schnéiopzeechnungen op der Nordhallefkugel feststellen, déi op der Websäit vum Rutgers Global Snow Lab zougänglech sinn. Wärend sech de Schnéi de 27. November 2022 op enger fir dës Joreszäit ongewéinlecher Plaz ausgebreet (blo) hat, wat do seele virkënnt, iwwerweit d'Feele vum Schnéi do, wou en normalerweis ze gesi wär (rout).

RTL

Screenshot auf der Seite von Global Snow Lab, erstellt am 19. Dezember 2022.

Geet ee beispillsweis op de 16. November 2022 zeréck, gesäit een eng ëmgedréint Tendenz.

RTL

Screenshot auf der Seite von Global Snow Lab, erstellt am 19. Dezember 2022.

"Wa mir d'Donnéeë fir all Mount zesummestellen, wäert dëse Mount [November 2022] ouni Zweiwel iwwert dem Duerchschnëtt leien. An dësem Stadium sinn ech net an der Lag anzeschätzen, op wéi engem Niveau dat wäert sinn, awer et kann een elo scho soen, dass d'Ausdeenung vum Schnéi vun Enn November [2022] net iwwert dem Normalwäert leie wäert, well se méi no um euraseschen an ënnert dem nordamerikaneschen Normalwäert läit", sot den David Robinson.

Réckleefegen Trend bei Ausdeenung a Mass vu Schnéidecken

De Karl Rittger, deen d'Tracking-Säit "Snow Today" vum National Snow and Ice Data Center, déi all Dag aktualiséiert gëtt, bereit, huet bestätegt, dass "déi aktuell Ausdeenung vum Schnéi haut am Verglach zu fréiere Joren zum selwechten Zäitpunkt op engem Rekordniveau läit."

De Spezialist huet awer differenzéiert: "Bestëmmt Plaze si mat méi Schnéi wéi üblech bedeckt, wärend aner Plaze manner wéi am Normalfall opweisen." Hien huet gläichzäiteg u verschidden Auswierkunge vun der globaler Erwiermung erënnert, dorënner "méi extreem Wiederphenomeener", wéi zum Beispill staarke Schnéifall.

D'World Weather Attribution ass e weltwäit Netzwierk vu Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler, dat fir seng Fäegkeet bekannt ass, a kuerzer Zäit d'Verbindung tëscht extreeme Wiederphenomeener an dem Klimawandel hierzestellen. An enger Etüd, déi de 16. November 2022 publizéiert gouf, huet d'Netzwierk ageschat, dass dëst Phenomeen d'Warscheinlechkeet vu staarkem Reen, wéi en an de vergaangene Méint ze observéiere waren, ëm de Faktor 80 erhéicht hat. Dës Néierschléi hätten an Nigeria zu schlëmmen Iwwerschwemmunge geféiert, déi iwwer 600 Mënscheliewe kascht hunn an d'Landwirtschaft vum bevëlkerungsräichste Land an Afrika zerstéiert huet.

RTL

Stand der Erderwärmung, Entwicklung der Temperatur, des Meeresspiegels, der CO2-Konzentration und des arktischen Eisverlustes anlässlich der Klimakonferenz 2021 ( LAURENCE SAUBADU, THORSTEN EBERDING, MARINE LEDOUX)

D'Marie Dumont sot: "Souguer wann ee bis elo eng méi grouss Schnéidecken op der nërdlecher Hemisphär bemierkt, ka sech dat an e puer Wochen erëm änneren." Ofgesi vum punktuelle Phenomeen huet d'Cheffin vum Zenter fir Schnéietüden dorun erënnert, dass et "iwwer all Datesätz ewech an de leschte Joerzéngte bei der Ausdeenung an der Mass vu Schnéi en Trend no ënne gëtt, och am Hierscht".

Am Summer 2022 stoung däitlech op der éischter Säit vum aktuelle Rapport vum Weltklimarot IPCC, engem intergouvernementale Comité fir Klimachangementer, an deem Dausende vun Atmosphärwëssenschaftlerinnen a -wëssenschaftler, Ozeanographinnen an Ozeanographen a Glaziologinnen a Glaziologen zesummeschaffen: "Et ass net ofzestreiden, dass den Afloss vum Mënsch d'Atmosphär, d'Ozeaner an d'Land erwiermt huet."

An hirem éischte järleche Rapport zum Zoustand vun de weltwäite Waasserressourcen, deen den 29. November 2022 publizéiert gouf, huet d'Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) hirersäits festgestallt, dass d'Schmëlze vun de Gletscher am Joer 2021 weidergaangen ass a sech beschleunegt huet.

"Wat och an dësem Wanter kënnt, ob e rau gëtt oder net, et wäert net duergoen, fir déi grondleeënd Tendenze vun eisem Klima ze deiten. Just d'Ënnersiche vum Klima iwwer e méi laangen Zäitraum verschaaft eis e kloert Bild vum aktuellen Trend. A wann et dëse Wanter tatsächlech méi Schnéi a méi kal sollt ginn, wäert dat just eng kleng Otempaus an engem Trend vu klammenden Temperature sinn, deen an de leschte Joerzéngten ongebrach war", sot de Florian Tolle.

Fazit: Just well d'Schnéivirkommes Mëtt November 2022 op der Nordhallefkugel iwwert dem Normalwäert louch, bedeit dat net, dass d'Äerderwiermung net existéiert. Eng Rëtsch Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler hu géintiwwer der AFP erkläert, dass et sech dobäi ëm e punktuellt Wiederphenomeen handelt, net ëm e laangfristegen Trend. Laangfristeg Miessunge beleeën, dass et an de leschte Joerzéngte bei der Ausdeenung an der Mass u Schnéi en Trend no ënne gouf an d'Temperature gläichzäiteg eropgoungen.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.